Regierung Werner-Cravatte

Koalitiounsregierung

D'Regierung Werner-Cravatte ass aus de Chamberwale vum 7. Juni 1964 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi de 15. Juli 1964 vereedegt gouf an aus 8 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen huet.

Eng Regierungskris wéinst dem Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht huet de 25. November 1966 de Pierre Werner dozou bruecht, d'Demissioun vun dëser Regierung anzereechen; si huet awer bis den 3. Januar 1967 d'Amtsgeschäfter virugefouert, wou eng nei Regierung zesummegestallt gouf. Den Emile Colling an de Marcel Fischbach waren net méi dobäi; nei waren de Jean Dupong an, als éischt Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, d'Staatssekretärin Madeleine Frieden-Kinnen. De Jean-Pierre Büchler gouf Minister.

Den 30. Oktober 1968 huet d'Regierung Werner-Cravatte op en Neits demissionéiert, dës Kéier war de Grond d'Pai vun de Staatsbeamten, d'Renten am Privatsecteur a méiglech Steiererhéijungen. Bis zum Untrëtt vun der Regierung Werner-Schaus II, déi aus Neiwalen ervirgung, huet si d'Amtsgeschäfter virugefouert.

Zesummesetzung änneren

Vum 15. Juli 1964 bis den 3. Januar 1967 änneren

  • Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Ausseminister; Finanzminister; Justizminister
  • Henry Cravatte (LSAP): Vizepresident vun der Regierung; Inneminister; Tourismusminister; Sportminister
  • Emile Colling (CSV): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Minister fir Famill, Bevëlkerung a Sozial Solidaritéit
  • Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialverdécherung a Minnen; Gesondheetsminister (Den Nic Biever, deen de 15. Juli 1965 gestuerwe war, gouf den 23. August 1965 duerch den Antoine Krier ersat)
  • Pierre Grégoire: Minister fir Erzéiung a Kultur; Minister vun der Fonction publique
  • Albert Bousser (LSAP): Bauteminister; Minister fir Transport, Post a Kommunikatioun
  • Antoine Wehenkel (LSAP): Budgetsminister; Wirtschaftsminister; Energieminister
  • Marcel Fischbach (CSV): Mëttelstandsminister; Arméiminister; Ministre-adjoint am Ausseministère
  • Jean-Pierre Büchler (CSV): Staatssekretär am Ministère fir Landwirtschaft a Wäibau
  • Raymond Vouel (LSAP): Staatssekretär fir Gesondheet, Sozialversécherung a Minnen

Vum 3. Januar 1967 bis de 6. Februar 1969 änneren

  • Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister; Minister vun der Fonction publique
  • Henry Cravatte (LSAP): Vizepresident vun der Regierung; Inneminister; Tourismusminister; Sportminister
  • Pierre Grégoire: Ausseminsiter; Arméiminister; Minister fir Kultur a Kultus
  • Albert Bousser (LSAP): Bauteminister; Minister fir Transport, Post a Kommunikatioun
  • Antoine Wehenkel (LSAP): Budgetsminister; Wirtschaftsminister; Energieminister
  • Antoine Krier (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialverdécherung a Minnen; Gesondheetsminister
  • Jean-Pierre Büchler (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an de Mëttelstand
  • Jean Dupong (CSV): Justizminister; Minister fir Erzéiung, Famill, Jugend, Bevëlkerung an d'Sozial Solidaritéit
  • Raymond Vouel (LSAP): Staatssekretär fir Gesondheet, Sozialversécherung a Minnen
  • Madeleine Frieden-Kinnen (CSV): Staatssekretärin fir Famill, Jugend, Bevëlkerung an d'Sozial Solidaritéit

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren