Léon Bollendorff

lëtzebuergesche Philosoph a Philolog

De Léon Bollendorff, gebuer den 31. Mäerz 1915, zu Waasserbëlleg, a gestuerwen de 5. Juni 2011 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an der Philosophie a Philologie a war vun 1979 bis 1989 President vun der Chamber (CSV). Hie war bestuet mat der Margot Kinnen († 2006) an hat 4 erwuesse Jongen.

Léon Bollendorff
Gebuer 31. Mäerz 1915
Waasserbëlleg
Gestuerwen 5. Juni 2011
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Resistenzler, Philosoph
Partei CSV
Fonctioun Chamberpresident, Deputéierten
Gielercher Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne

De Léon Bollendorff war Resistenzler. Nom Generalstreik vun 1942 gouf hie verhaft a koum an d'KZ zu Hinzert an duerno an d'Arbeitslager Dombrowika bei Lublin (Polen).[2]

Karriär

änneren
  • 1939: Dokter an der Philosophie a Philologie
  • 1939-1969: Professer am mëttleren an héijen Unterrecht
  • 1963-1969: Generalinspekter vun de Primärschoulen
  • 1960-1976: President vun der Federatioun vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit
  • 1955-1993: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
    • 1961-1987: Schäffen (ënner fënnef Buergermeeschteren)
  • 1969-1994: Deputéierten
  • 1979-1989: President vun der Chamber
  • 1952-1962: Generalsekretär vun der A.F.P (Action Familiale et Populaire) (Matgrënner 1946)
  • 1970: President vum ONT (Office National du Tourisme)
  • 1970: Grënner vun den Jeunes amis du théâtre, de spéidere Jeunesses théâtrales
  • 1970: Matgrënner an Éierepresident vun der Liga vun de Sportveräiner vun de Primärschoulen (Lasep)
  • 1980: Grënner vum CSV-Seniorenclub
  • 1995: Matgrënner vun der Europäescher Senioren Unioun (E.S.U.)

Auszeechnungen

änneren

Referenzen

änneren
  1. "CSV-Politiker Léon Bollendorff mat 96 Joer gestuerwen." rtl.lu - 06.06.2011, 18:23 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2011, 18:45: "Léon Bollendorff ist tot" wort.lu, 06.06.2011 18:02.
  2. Steve Kayser, 2003. L'Athénée de 1945 à 1993. In 400 Joer Kolléisch, Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993, S. 185-253. Cf. S. 187.
  3. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten