Wilhelm Reinhard vun Neipperg

De Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg, gebuer de 27. Mee 1684 a gestuerwen de 26. Mee 1774 zu Wien, war en éisträicheschen Offizéier.

Wilhelm Reinhard vun Neipperg
Gebuer 27. Mee 1684
Schwaigern
Gestuerwen 26. Mee 1774
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Militär

Den Neipperg, Fils vum keeserleche Feldmarschall Eberhard Friedrich vun Neipperg (1655-1725), ass 1702 an d'éisträichesch Arméi agetrueden a gouf 1717 Colonel vun engem Infanterieregiment. Hien huet mat Succès 1716 am Tierkekrich bei Temesvár a 1717 bei Belgrad gekämpft, gouf 1723 Generolmajouer an Erzéier vum Herzog Franz Stephan vu Loutrengen, dem spéidere Keeser Franz I., an duerno deem säi vertraute Frënd.

1730 gouf den Neipperg Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg. 1733 huet en als Feldmarschallleutnant de Krich an Italie matgemaach, den Adam Sigmund von Thüngen huet hien zu Lëtzebuerg als Festungskommandant ofgeléist. Den Neipperg gouf 1735 Feldzeugmeister, 1737 Gouverneur vun Temesvár an huet am Tierkekrich gekämpft.

Den 1. September 1739 huet en ouni eng Vollmuecht an zu fir Éisträich ongënschtege Konditiounen de Fridde vu Belgrad ofgeschloss, a gouf dofir zum Prisong verurteelt. 1741 duerft en awer nees an d'Schluecht; hie war de Commandant-en-chef a Schlesien géint de Friedrich II.. Den 10. Abrëll huet en d'Schluecht vu Mollwitz verluer, a gouf ofberuff.

1743 war en nach eng Kéier bei der Schluecht bei Dettingen dobäi, ass awer geschwënn duerno hannescht op Wien gaangen, wou en 1753 Generol an Éisträich gouf a 1755 Hofkriegsratspräsident.