Goethe-Gedenkplack um Bock

D'Goethe-Gedenkplack um Bock ass eng bronze Plack op engem décke Steen déi drun erënnert, datt de Johann W. von Goethe, wéi hie 1792 wärend der „Kampagne in Frankreichduerch Lëtzebuerg ënnerwee war, d'Stad als wonnerschéi beschriwwen huet. En Zitat dovu steet um Steen ze liesen.

Goethe-Gedenkplack um Bock
D'Goethe-Gedenkplack um Bock
Typ Gedenkplack,
Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Bockfiels
Koordinaten 49°36'41,771"N, 6°8'7,829"O
Ageweit 3. November 1935
Material Bronz, Steen
Kënschtler Albert Kratzenberg
Bauhär Association générale des étudiants luxembourgeois

D'Monument dat op d'Initiativ vum Kommitee Goethe vun der Lëtzebuerger Studentevereenegung ASSOSS opgeriicht gouf, steet um Eck vum Boulevard Victor Thorn mam Clausener Bierg, vis-à-vis vum Gebai vum Staatsrot, am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass den 3. November 1935 vum Generaldirekter fir Bauten (Bauteminister) Étienne Schmit ageweit ginn[1].

De Stee gouf vun der Gemeng Beefort gestëft[1] an d'Plack vum Albert Kratzenberg realiséiert.

Text op der Plack änneren

Op der Plack steet dësen Text:

Hier findet sich soviel Grösse
und Anmut, soviel Ernst mit
Lieblichkeit verbunden, dass
wohl zu wünschen wäre, Poussin
hätte sein herrliches Talent
in solchen Räumen betätigt.
Goethe über Luxemburg.
Campagne in Frankreich.
15. Oktober 1792

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Goethe-Gedenkplack um Bock – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Luxembourg - Journal du matin (1935), 1. Jg., nº 202, S. 3., Inauguration du Médaillon de Goethe (04.11.1935). Gekuckt de(n) 21.10.2021.