Käschtebeem zu Biissen

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Käschtebeem zu Biissen sinn eng Koppel vu Wëlle Käschtebeem (Aesculus hippocastanum L.; (de) Rosskastanie; (fr) marronnier d'Inde) um Wobierg zu Biissen an der Gemeng mam selwechten Numm, déi wéinst dem Zesummespill mat der Kapell virun där se stinn, zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Käschtebeem zu Biissen
D'Käschtebeem bei der Rochuskapell (Februar 2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Biissen
Plaz Biissen
Adress Wobierg (Rue de la Chapelle)
Koordinaten 49°47'34,87"N, 6°3'35,21"O
Bamaart Wëlle Käschtebam
Héicht 15,30 m (2023)
Duerchmiesser 0,98 m (2023)
Ëmfang 3,08 m (2023)
Käschtebeem zu Biissen (Lëtzebuerg)
Käschtebeem zu Biissen
Käschtebeem zu Biissen
Lag vun de bemierkenswäerte Beem
D'Weekräiz bei der Kapell

Lokalisatioun änneren

D'Beem sti béidsäiteg der Entrée vun der Rochuskapell um Wobierg (Rue de la Chapelle) zu Biissen.

Geschicht änneren

Lénks vum Wee bei d'Kapell steet d'Kopie vun enger Kräizstatioun, op där een d'Joreszuel 1735 oder 1738 erkenne kann. Si ass déi siwent a lescht Statioun vum Kräizwee, dee fréier vum Duerf erop bei d'Kapell gefouert huet.

Bis 1962 stounge lénks a riets vun der Kräizstatioun zwou ural Wanterlanne mat engem Stammëmfang vun iwwer 5 m, déi als national Monumenter klasséiert waren. Obschonn hir Haaptäscht verankert gi waren, hunn déi zwéi Beem am Juni 1962 mussen ëmgeluecht ginn. Si goufen duerch dräi jonk Lannen ersat.

Entwécklung änneren

De geneeën Alter vun de Beem ass net bekannt.

Ongeféier Moosse vun de Beem (m)
Joer  [1]    
1980 2,85

2,20

0,91

0,70

15,00
2000 2,83 0,90 18,00
2023 3,08 0,98 15,30

Biller änneren

Literatur änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 96-97, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 144-145, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 112-113, Foto an Text)

Um Spaweck änneren

Commons: Käschtebeem zu Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur