--Cornischong 16:15, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Ech wollt just tëschenduerch e klengt Kompliment ofginn fir déng Aarbecht, déi s de hei am Sportsrayon leeschs. Tipptopp! --Zinneke 09:11, 25 Abrëll 2006 (UTC)

Da soen ech dem "kulturellen Baaschtert vu Bréissel" ;-) merci. Fliedermaus 14:32, 25 Abrëll 2006 (UTC)

Merci fir de Fiels. Et gi Saachen, déi halen ech am Kapp net gutt aus:-) --Cornischong 20:21, 9 Mee 2006 (UTC)

Salut. Wou kommen dann déi Sëtzer hier? --Cornischong 16:00, 23 Mee 2006 (UTC)

Salut Cornischong, ech sinn leider net den David Copperfield.:-) Ech hunn Zuel vun de Sëtzer an enger Powerpoint-Présentatioun vum Nico Simon fond (op Säit 2): http://www.europa-cinemas.org/fr/news/documents/ppt_conf_digital/Nico_Simon.pps Fliedermaus 16:08, 23 Mee 2006 (UTC)


Nondikass, lo kann ee sech mol net méi op deenen hir Kinowebsäit verloossen:-) Merci. --Cornischong 16:31, 23 Mee 2006 (UTC)


Dach natierlech geet et mat enger Kat. duer. Mä mir haten all d'Kat. geännert op 'Lëtzebuerger Uertschafte' oder 'Däitsch Literatur' oder 'Spuenesch Geschicht'.... asw. Ech hat dofir eng nei opgemacht, mä d'Zäit nach net kritt déi aner och ëmzeänneren:-) --Alexandra 06:52, 24 Mee 2006 (UTC)

Merci. Fliedermaus 06:56, 24 Mee 2006 (UTC)

Moien. De Bim ass nees op senger Plaz. Du weess, wéi kriddleg déi Saach mat de Spëtznimm ass. --Cornischong 10:32, 31 Mee 2006 (UTC)

Eeeeeeeeeee Moment. De reil.lu ass dem JM Ottelé seng Websäit!

Mysteriéis Läschungen änneren

Moien. Et ass net fir d'éischt wou eppes "verschwënnt" bei engem Edit. Ech hat just d'Wéngerte bäigesat (!!!) an näischt geläscht. Leider kann ech der et net erklären, mee heiansdo (glécklecherweis net ze dacks) mécht de Server deeër Tricken. Et ass natierlech lästeg, well wa keen et mierkt (déi leschte Kéier war et e ganz Kapitel!!) dann ass et fleeten. Ech hunn et zréckgesat. Hal d'Aen op. --Cornischong 12:22, 9 Juni 2006 (UTC)

D'Gemeng änneren

Wouhir wousst de, datt et d'Gemeng wier? Souguer an der de-Wiki halen se sech "bedeckt". An ech wollt mer näischt aus de Fangere suckelen. --Cornischong 12:26, 9 Juni 2006 (UTC)

Regierungen änneren

Moie Fliedermaus,

gutt, dass dech dech deem Thema unhëls, dat war iwwerfälleg. Ech kann Der gär eng Hand matt upaken, wann ech deeër Deeg Zäit hunn (loossen dech awer och gär selwer gewäerden, wann s de dat léiwer häss). Eng Propose: Sëtz vläit vun Ufank un, als "Standard", de Link op "Les gouvernements lux de 1848 à nos jours" (op gouvernement.lu), an och, hannert d'Nimm d'Ressorten, déi déi Leit haten (stinn do drann).

--Zinneke 14:38, 16 Juni 2006 (UTC)

Salut Zinneke,

E Monopol a Regierungsfroen hunn ech net. ;-) .Ech géif nëmme virschloen fir iwwer d'Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen ze fueren fir en neien Artikel ze schreiwen. Et sinn och nach e puer Regierungen (Exilregierung an déi zwou duerno) déi een eventuell misst emdeefen. Un d'Ressorten hat ech och scho geduecht an am Artikel Regierung de la Fontaine kann een déi och einfach hannendru schréiwen. Et ginn awer och eng Rei vu Regierungen wou verschidden Memberen ausgetosch gi sinn oder d'Memberen hunn hir Fonktioune geännert. Et kommen also do och méi Datumen an d'Spill. Et misst ee menger Meenung no kucken fir ëmmer eng änlech Presntatioun ze behalen, soss gëtt et oniwwersiechtlech. Also wann's du eng (gutt) Iddi hues wéi een dat ka maachen, ka kanns du roueg dobäimaachen. Fliedermaus 15:19, 16 Juni 2006 (UTC)

Halli. Lo kommen ech och mol heihinner klenschen. Wéi ass et mat dem Wiki-Iessen? Kuck der mol um Stamminet d'Diskussioun un a lee däi Pefferkär derbäi. --Cornischong 00:14, 20 Juni 2006 (UTC)

Maja, lo gi mer an déi aktiv Phase: da lass .. alles ënner de Stamminet ... ;-) ~~ (Dëse Saz gouf Iech offréiert vum Myriam) --Cornischong 22:34, 20 Juni 2006 (UTC)

Wat ass dann eng Gare? änneren

"Salut Cornischong! Hues du schon d'Photoen vun der "Gare" vun Nidderpallen gekuckt? ;-) Ass dat Häischen do wierlech eng Gare?"
Salut Fliedermaus. Dat Nidderpallener Haischen hat ech mer schonns e puermol live ugekuckt. Ob dat Haischen do wierklech eng Gare ass: Wann s de op d'Gréisst uspills, da kanns de der mol d' "Gare" vu Kietscht ukucken ( http://www.rail.lu/garekoetschette.html ). Déi gëtt op der ieweschter Foto als "Gare Koetscheid " tituléiert an op deeër drënner geet Rieds vun " ..nach dem Abriss des Stationsgebäudes von Koetscheid ..". Ech loosse mech natierlech gär opklären: Wéini ass dann "eppes wou en Zuch stoe bleift" eng "Statioun", a wéini eng "Gare"?? A vergiess d' "Halt" net! Hautesdaags schéngt et kloer ze sinn. Wann ech gär wéisst ëm watfir "Gare" sech d'CFL këmmert, fannen ech op ( http://www.cfl.lu/CFLInternet/Espaces/01EspaceVoyageurs/02InfosGare/Listedesgares.htm ) d' Garen alleguer. Dorënner och: D'Gare Mamer Lycée, déi ausser engem zum Deel gedeckte Quai an engem Lift mol keen Haischen huet; d'Gare Belval-Rédange, déi haut ausser renovéiert Quaien an e puer Trapen keen Haischen huet; dat selwecht op der CFL-Gare zu Däitsch-Oth a Wuelmereng, déi allen zwou aus Quaië bestinn. Ech si scho laang op der Sich no enger Definitoun vun enger Gare, besonnesch nodeems ech Fotoe maache war vun enger gudder Partie "Garen". Du kann s mer dobäi gären hëllefen. E Bléck an d "Luxemburger Wörterbuch" ass natierlech ëmmer intressant. --Cornischong 18:06, 21 Juni 2006 (UTC)

Fir datt mer net al a gro nieft eiser Zuchstopplaz sëtze bleiwen, hunn ech emol den "Trésor de la Langue Française" aus dem Tirang geholl, an eppes fonnt, op dat mer eis eenege kéinten: "Ensemble des installations et bâtiments établis à certains points d'une loigne de chemin de fer, destinés à permettre l'embarquement et/ou le débarquement des voyageurs et/ou des marchandises." Am Kropemann Spezial vum November 1990 "De Jhangeli 1890-19563" schreift d'Alice Michels-Lenger op der Säit 49 am Kapitel "Bahnhöfe und Stationen":"Dann ging es weiter über die Stationen Nagem, Hostert bis Rambrouch ...", Op der Säit 34 ass Nogem en "Halt" an Hueschtert eng Statioun. Et sinn déi einfach Saachen, déi sou komplizéiert sinn. Mer wäerten och nach op d' "Versécherungspéngel" (DLW) kommen, eng total Abstrusitéit. D'Definitioun vun der Wendeltrap hale mer eis da fir nom Iessen. --Cornischong 09:44, 22 Juni 2006 (UTC)

Wat ass dann eng Gare? änneren

oni laang iwer greisst an längt an d'brét vun den gebeier ze schwëtzen ass et op der Jangelis streck esou dass se alleguer statiounen waaren vun Nërden bis op Marteleng.

op se lo eng gare waren am sënn vun enger richtiger Gare oder nömmen eng Halt durfir misst én an aalen dokumenter vum CFL nokucken.

bescht gréiss Les Meloures 22:54, 23 Juni 2006 (UTC)

Dat huet eis elo nach gefeelt: Wat soll dann elo "eng richteg Gare" sinn? A wat eng Halt? A wie geet dann déi "al Dokumenter" nokucken? --Cornischong 23:01, 23 Juni 2006 (UTC)


Fluch oder Flug änneren

Wann ech mech ka gudd erënneren misst et Flug sinn, mir haten déi Diskussioun schonn, well ech et och net richteg wosst:-) --Alexandra 08:19, 7 Juli 2006 (UTC)

" misst et sinn ..." dat hat eréischt ee viru kuerzem hei gezielt, an du krut e vun engem ganz Béise geschriwwen, dat et hei net drëm geet, wéi et misst sinn.:-))

Et ass e Fluch iwwer deem Wuert FLUCH. De Fluch n23498738743874; de Fluchhafen; e Fluchblat; e Fluchbilljee. --Cornischong 08:26, 7 Juli 2006 (UTC)

Vëloscoursen änneren

Sali

Du bass jo do gudd amgaange mat de Vëloscoursen. Kanns de just drun denken, ëmmer bei eisen englesche Kollegen den Interwiki-Link op déi Lëtzebuerger Versioun ze setzen ? Datt och all Mënsch matkritt datt et eis gëtt:-) --Briséisβρισεισ 15:44, 13 Juli 2006 (UTC)

Salut Briséis,

All Artikelen ënnert der Kategorie Vëlossport déi et an der en-Versioun gëtt, missten elo och en lb-Link hunn. Du hues recht, mir mussen eis an der Welt weisen. ;-) Fliedermaus 16:36, 13 Juli 2006 (UTC)

Gebuer / Gestuerw änneren

Richteg gesinn ech huelen daat maar mo Les Meloures 16:39, 4 August 2006 (UTC)


Vëloscoursen. Fir wat net och d'Klassementer vun de Lëtzebuerger derbei setzen ???

Merci fir d'Säit Les Meloures 18:02, 23 August 2006 (UTC)

"an hofftlech bal en Ënn" has de geschriwwen. Et sollt anscheinend net esou sinn, well haut geet den Ausdrock nees eng Kéier illustréiert. An et geet un, datt déi selwecht IP nees mat genee der selwechter Saach ufänkt. --Cornischong 09:15, 25 August 2006 (UTC)

Ok, kee Problem:-) --Alexandra 09:19, 25 August 2006 (UTC)

Template änneren

Gëtt gläich gemeet Les Meloures 14:05, 5 September 2006 (UTC) Ech gesinn kee Feeler am Template. Kanns de mer de Problem mam Link méi däitlech erklären w.e.gelifftLes Meloures 14:10, 5 September 2006 (UTC)

Feeler verbessert lo jauwt en:-) Les Meloures 15:02, 5 September 2006 (UTC)

Ech haat wuel Beim Owens de falsche Knéppchen erwëscht Merci fir d'Korr. Les Meloures 14:39, 6 September 2006 (UTC)

Keng Ursaach. De Merci vun denger Säit ass ganz sympathesch, mä fir esou eng Klengegkeet brauchs du mir awer net "merci" ze soen.--Fliedermaus 14:44, 6 September 2006 (UTC)

Waat haat deen Eppes produzéiert mat senge Vëloscoursen an et war mär och nët op gefall. Duerno huet de Gesell sech och nit méi gemuckst. Et gët awer Komescher doruechter. Les Meloures 11:37, 12 September 2006 (UTC)

D'Relativitéit vun der Vandalejueg"t" änneren

Salut Fliedermaus. Gëscht hues de dech ausgelooss iwwer d'Vendalejueg"t" op der Wikipedia, an haut léiss de d'Vandalen op der Weed lafen. (cf. 193.242.117.19 um 9:35) --Den Tedektif 09:07, 15 September 2006 (UTC)

Salut,

Zum Tedektif an dem Cornichong hire Bemierkungen vun haut:

Gëschter hunn ech mech an engem spezifesche Fall zur Wuert gemëllt, wëll en neie User (de Mucko) gespaart ginn ass, dee konstruktiv un engem Artikel geschafft huet, an deem seng Ännerungen awer (duerch en Tippfeeler?) als Vandalismus ugesi gi sinn. Wëll hei nach eng Rei Leit gebraucht ginn wollt ech net dat een direkt d'Flëmm agedriwwe krit. Et ka jo sinn dat meng Bemierkungen e bëssi dozou bäigedroen hunn datt de Mucko relativ séier erëm déblockéiert ginn ass an esou schon e puer gutt Kontributioune maache konnt.

Vandalejeeër sinn ech net méi an net manner wéi aner Useren déi hei matschaffen och. Wann ech esou Quatsch gesinn wei den ...117.19 schriwwen huet, maachen ech deen zwar eweg, mä ech sinn awer net permanent amgangen d'Konribtiuonen op Vadalismus z'ënnersichen.

--Fliedermaus 11:58, 15 September 2006 (UTC)

De Sklavendréiwer änneren

Salut. Heiansdo geet d'Ënner-, Niewe-, Hanner- oder d'Onbewosstsinn mat engem duerch; dat ass och mënschlech. Liesen ech do richteg "Sklavendréiwer"? (am Libellé vun 13:35). --Cornischong 13:16, 21 September 2006 (UTC)

Salut,

Do stung effektiv "Sklavendréiwer" an deem Libellé an et war awer och nach e Smilie hannendrunn fir däitlech ze maachen dat et als Witz gemengt war. Et war nämlech eng Uspillung op eng Ausso vun dir vum (9.?) Mee 2006: Ech komme mir heinsdo fir ewéi e Sklavendréiwer. (Ech hoffen datt d'Zitat richteg ass, wëll ech hunn et net méi erëmfond.) Iwwer mäin Ënner-, Niewe-, Hanner- oder d'Onbewosstsinn brauchs du dir also keng Suergen ze maachen.--Fliedermaus 14:09, 21 September 2006 (UTC)

Tun Deutsch änneren

Kuck emol do: Tun Deutsch Les Meloures 16:23, 21 September 2006 (UTC)

Hei steet zwar net wat an d'Kategorie "Virlagen" erakent, mä ech huelen un dat déi Artikelen iwwer d'Fotogafie net heihinner gehéieren (auuser den Template:Serie Fotografie). --Fliedermaus 10:50, 22 September 2006 (UTC)

Du hues Recht ech hun daat och gemierkt daat ass ee Probleem mat dem Template u sech de mecht sech automatesch eng Category sou wou den Template Homonymie ader Skizz an en iwwerhëllt se mat an déi Säiten wou en drop steet an automatesch gin déi mat an d'Virlagen iwwerholl. Mee do gët et bestëmmt een Trick fir daat ze vemeiden hun daat nach just nët eraus fonnt Nilrom 11:08, 22 September 2006 (UTC)

Kuck do:http://lb.wikipedia.org/wiki/Talk:Gemengerot Les Meloures 15:35, 5 Oktober 2006 (UTC)

Salut. Su bass jo de Sportmann hei: Ech krut dat FLT-Material geschéckt, an hunn et emol eragesat; et kënnt nach eng Lëscht mat de beschte Spiller no (d'Alexandra ass nach amgaangen, déi an eng Form ze bréngen). Merci fir e puermol mat der Raquette driwwer ze fueren. --Cornischong 07:57, 11 Oktober 2006 (UTC)


OK, ech schaffen do e bëssi mat. --Fliedermaus 08:55, 11 Oktober 2006 (UTC)

Milano - Sanremo änneren

Salut,

Hast de eng bestëmmten Ursach fir Sanremo ze schreiwen amplaz San Remo Les Meloures 15:33, 29 November 2006 (UTC)

D'Fro huet sech erriwwregt, d'Stroossekarte si falsch Les Meloures 15:46, 29 November 2006 (UTC)

Gudde Moien. Du hues Recht; ech hat mech mat de Gänseféisercher vertrëppelt. Fotoe vum Mann sinn an der Maach. --Cornischong 09:27, 30 November 2006 (UTC)

Staatsrot änneren

Pefferkär ass do:-) --βρισεισDisk 14:24, 14 Dezember 2006 (UTC)

Bei Mémoire du Cyclisme steet dass d'Klassementer vum Coups de Pédales Hors série 12 sinn. Et ass dat Buch wat ech och hunn. Ech ging gären behaapten, datt bei Coups de Pédales zimmlech alles stëmmt.

Dat sollt kee Virworf sinn. All Hëllef ass wëllkomm. Et war meng Schold, ech hätt sollen de Schantjen drasetzen. Les Meloures 18:12, 19 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Lo kéinte mer sou lues verrroden, datt den Johny sengem Papp säi Jong war. --Cornischong 09:14, 21 Dezember 2006 (UTC)

Lo hunn ech den "David Reimen" nees aus der Lued gefëscht. De Pecalux hat natierlech absolut Recht. Wat huet esou eppes hei verluer? Kann ech et dann elo nees begruewen? --Cornischong 16:18, 3 Januar 2007 (UTC)

Entschëlleg: Do war ech e bësse presséiert, an ech hu mech op de Pecalux verlooss. Gutt, datt s du dat matkritt has. --Cornischong 16:30, 3 Januar 2007 (UTC)

Ofkierzung an Eenheetenzeechen vun der Minutt änneren

Salut. Den "Mn" ass d'Ofkierzung vu Mangan. Déi vun der Minutt ass "Min." zielt mer den DUDEN Rechtschreibung. --Cornischong 16:30, 4 Januar 2007 (UTC)

D'Zeeche fir Minutt ass "min"; "Mi|nu|te, die; -, -n (1/60 Stunde; Zeichen min, Abk. Min.; Geom. 1/60 Grad; Zeichen ') " --Cornischong 16:34, 4 Januar 2007 (UTC)


Beim B.I.P.M., steet och d'Eenheetenzeechen "min" fir d'Minutt (Zäit) wéi se an der Physik gebraucht gëtt. An engem Artikel iwwert e Film kann een effektiv roueg d'Ofkierzung "Min." bäibehalen.--Fliedermaus 17:55, 4 Januar 2007 (UTC)

Salut. An dësen Deeg ass et quokelech mat Ironie ze schaffen.:-))) --Cornischong 14:12, 9 Januar 2007 (UTC)

Tëntesmillen änneren

Déi do ass gutt:

Ech hat elo d'Chance well ech d'Säit emmer direkt op an zougemaach hunn konnt ech iwwer de Récklaf verfollegen wat geschitt ass. Sou wäi wéi ech konnt feststellen ass se souguer verschwonnen no dem Zoumaache vun der Aarbecht nëmme just an enger Sektioun a mol net um ganze Blad. Déi do ass gutt. Ech kucken elo nach eng Kéier no wéi dat gaangen ass. Op jiddfer Fall hunn ech de Link net geläscht well ech war ni bis ënnen op d'Säit. Et ass schonns komesch. Les Meloures 16:47, 23 Januar 2007 (UTC)


Buergermeeschteren änneren

Jo salut du hues Recht. Et sinn einfach Templaten do brauch en dat nëmme just wann en den Numm asetzt ewechzeloossen. Ech hunn déi ganz Aktion am Copi Paste geschafft an d'D'Kalmere fir d'Pareie mat dra gesat. Wann et eng Majortz gemeng ass kann en dat einfach ewech lossen.

Ob jiddwer fall huet en elo Zäit fir dat no an no an d'Rei ze setzen a bei den nächste Walen brauch en dann nët méi all Duerf nozelafen. De Renn Les Meloures 11:05, 6 Februar 2007 (UTC)

Frz Kalenner gëtt et schonn! änneren

Iers De virufiers: Et gëtt schonns en Artikel iwwert de Franséische_Revolutiounskalenner. Zinneke.

Gudde Moien,


E gouf schonns als Redirect gemaach well et ginn op mannst fofzeg Linken drop Les Meloures 16:44, 12 Februar 2007 (UTC)

Buergermeschteren

Salut, hunn op menger Diskussiounssäit gepotert. Les Meloures 09:49, 14 Februar 2007 (UTC)


Salut,

Mach mer eng Mail mat dengem Telefon da mellen ech mech bei der Les Meloures 11:11, 14 Februar 2007 (UTC)

Moien
ennert/ënnert
den DFL seet ënnert. Hues du aner Ënnerlagen an aneren Dicoen alles ass méiglech bei deenen. Les Meloures 11:15, 14 Februar 2007 (UTC)

Den Olaf änneren

Salut a Merci. Ech gesinn; méi wéi een Artikel am Dag gëtt awer e bësse vill. Ech wäert mech beherrschen. --Cornischong 17:36, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Salut

Ech hun do geäntwert User talk:Les Meloures

Vun uewen no ënnen an ëmgedréit änneren

Resalut Kuck der dat do mol w.e.g. un An sou engem Tableau ka jidderee sënner wéi e wëllt
Joer Numm Nationalitéit
1933 Max Bulla   Éisträich
1934 Ludwig Geyer   Däitschland
1935 Gaspard Rinaldi   Frankräich
1936 Henri Garnier   Belsch
1937 Karl Litschi CHE  Schwäiz
1938 Giovanni Valetti   Italien
1939 Robert Zimmermann CHE  Schwäiz
1941 Josef Wagner CHE  Schwäiz
1942 Ferdi Kübler CHE  Schwäiz
1946 Gino Bartali   Italien
1947 Gino Bartali   Italien
1948 Ferdi Kübler CHE  Schwäiz
1949 Gottfried Weilenmann CHE  Schwäiz
1950 Hugo Koblet CHE  Schwäiz
1951 Ferdi Kübler CHE  Schwäiz
1952 Pasquale Fornara   Italien
1953 Hugo Koblet CHE  Schwäiz
1954 Pasquale Fornara   Italien
1955 Hugo Koblet CHE  Schwäiz
1956 Rolf Graf CHE  Schwäiz
1957 Pasquale Fornara   Italien
1958 Pasquale Fornara   Italien
1959 Hennes Junkermann   Däitschland
1960 Freddy Rüegg CHE  Schwäiz
1961 Attilio Moresi CHE  Schwäiz
1962 Hennes Junkermann   Däitschland
1963 Giuseppe Fezzardi   Italien
1964 Rolf Maurer CHE  Schwäiz
1965 Franco Bitossi   Italien
1966 Ambrosio Portalupi   Italien
1967 Gianni Motta   Italien
1968 Louis Pfenniger CHE  Schwäiz
1969 Vittorio Adorni   Italien
1970 Roberto Poggiali   Italien
1971 Georges Pintens   Belsch
1972 Louis Pfenniger CHE  Schwäiz
1973 José-Manuel Fuente   Spuenien
1974 Eddy Merckx   Belsch
1975 Roger de Vlaeminck   Belsch
1976 Hennie Kuiper   Holland
1977 Michel Pollentier   Belsch
1978 Paul Wellens   Belsch
1979 Wilfried Wesemael   Belsch
1980 Mario Beccia   Italien
1981 Beat Breu CHE  Schwäiz
1982 Giuseppe Saronni   Italien
1983 Sean Kelly   Irland
1984 Urs Zimmermann CHE  Schwäiz
1985 Phil Anderson   Australien
1986 Andy Hampsten   USA
1987 Andy Hampsten   USA
1988 Helmut Wechselberger   Éisträich
1989 Beat Breu CHE  Schwäiz
1990 Sean Kelly   Irland
1991 Luc Roosen   Belsch
1992 Giorgio Furlan   Italien
1993 Marco Saligari   Italien
1994 Pascal Richard CHE  Schwäiz
1995 Pawel Tonkow   Russland
1996 Peter Luttenberger   Éisträich
1997 Christophe Agnolutto   Frankräich
1998 Stefano Garzelli   Italien
1999 Francesco Casagrande   Italien
2000 Oskar Camenzind CHE  Schwäiz
2001 Lance Armstrong   USA
2002 Alex Zülle CHE  Schwäiz
2003 Alexander Winokurow   Kasachstan
2004 Jan Ullrich   Däitschland
2005 Aitor González Jiménez   Spuenien
2006 Jan Ullrich   Däitschland

Ma dat ass et. Da misst jo jidderee befriddegt sinn. --Cornischong 13:14, 11 Abrëll 2007 (UTC)

Dat mat deem interaktiven Tableau ass prinzipiell eng gutt Saach. Et bréicht een nëmmen nach eng Léisung bei esou Courseën wéi der Deutschland Tour, wou den Numm vun der Course eng Rei Kéieren geännert huet. Et kéint een duerfir d'Entwécklung vum Numm vun der Course vum Gewënnertableau trennen, wat u sech awer kee Problem wier.--Fliedermaus 13:51, 11 Abrëll 2007 (UTC)

Salut, dat mam Guidi wa mer net gär geschitt, et war mer leider net opgefall. Les Meloures 17:27, 9 Mee 2007 (UTC)

Salut. E bësse wonneren ech mech iwwer der José Ensch hirt Buch Ailleurs ... c'est certain, iwwer dat op der Websäit vum CNL a vum LSV d'Joer 1985 ze fannen ass. --Cornischong 16:40, 11 Mee 2007 (UTC)

Si ass pensionéiert. Weider Material kréien ech vun hir geschéckt. Da gëtt den Artikel renovéiert. --Cornischong 17:38, 11 Mee 2007 (UTC)

Salut. Du hues ganz Recht. E ganz logesche Grond gëtt et net. Dat Gedeesems mat de Lizenzen hunn ech nach ëmmer "komesch" fonnt. Nodeems ech den integralen Text iwwer d'GNU gelies hat, hunn ech dat abstruse Kabes fonnt, dat mat der Praxis net vill ze dinn huet. "Op eemol" hunn ech gewiesselt, einfach esou. Op alle Fall fannen ech et "flott" datt s de ugefaangen hues mat Biller ze sponseren. Mär si jo déi Wiki mat de ville schéine Billien:-)) --Cornischong 16:26, 11 Juni 2007 (UTC)

Abee dann. Du hues der, wéi et schéngt, eppes wierklech Guddes kaaft. An du sichs der direkt zimmlech quokeleg Sujeten eraus (wéi Vëloscourssen). Da vill Spaass mat der Knippskëscht. --Cornischong 17:25, 11 Juni 2007 (UTC)

Salut. Kuck der dat emol un: ( http://de.wikipedia.org/wiki/Bild:Astana_Gr%C3%A9gory_Rast_LURU_2007.JPG ). Do dreiwe sech also nach Wikipedianisten ronderëm de Rast, an extra aus Däitschland! Wat Zoufäll! --Cornischong 18:39, 11 Juni 2007 (UTC)

Poos - Joachim änneren

Salut. Hues de mol gekuckt, fir d'Foto méi hell ze kréien? Ech mengen, dat wier vläicht net vu Mutwëll. --Cornischong 14:38, 2 Juli 2007 (UTC)

 
E Kräckelche méi hell
-)) Et geet jo ëm d'Gesiichter vun de Courreuren. Eigentlech misst een deenen an d'Gesiicht blëtzen, mee do kéint een eng mat der Pompel erwëschen. Kuck der just emol den Histogramm un, iers de mengs, et wier iwwerdriwwen. Awer: Et ass deng Foto; du decidéiers, wat d'Welt ze gesi kritt. --Cornischong 15:59, 2 Juli 2007 (UTC)


Eric a Roger De Vlaemink änneren

Salut,

An der Mémoire du Cyclisme ginn déi zwéin als Weltmeeschter am Cyclocross 1968 gefouert. Do ka vläicht eppes net stëmmen. Hues du nach aner Quellen. Les Meloures 13:26, 13 Juli 2007 (UTC)

Rebonjour,

Merci ech hat dat iwwersinn. Les Meloures 13:55, 13 Juli 2007 (UTC)

Retrovisioun änneren

Salut. War et dat, wat s de wolls bei der Luxux-Tëlee? Oder hunn ech eppes net bekäppt? --Cornischong 15:24, 8 August 2007 (UTC)

Salut. Ech weess, ech weess, ech war nach ëmmer e bësse besiess vun de Biller an "eiser" Wiki. Dat gëtt jo sou lues richteg interessant mat de Pedallentrëppelerbiller hei. Tipptopp. Dat hunn ech elo mol misse lassginn ;-)) --Cornischong 17:01, 9 August 2007 (UTC)

Resalut. Ma da klapp roueg emol beim de:Benutzer:Wladyslaw Sojka un. Dat ass e fäine Männi, e ka Fotoe maachen an en huet der schonns vill vu Vëloscoursse gemaach. Du hues am beschten, du frees emol ob en eng vun deem oder deem huet. En huet der vill, déi en iwwerhaapt net op d'Wiki gesat huet. Fro e roueg. Dat misst fluppen. --Cornischong 18:05, 9 August 2007 (UTC)

Salut,

hues du Eppes iwwer de Val Langhegermann. Do hat een am Artikel getriwwelt a geschriwwen hie wier de Koséng vum Sylvain an Nico. Et kéint jo sinn datt en domatter Recht huet. Les Meloures 21:28, 18 August 2007 (UTC)


Moin,

et ass norwegesch:-))) 81.244.32.2 17:31, 20 August 2007 (UTC)

Salut,

Am Internetexplorer bei mir iwwerdeckt d'Foto vum Cercle nach ëmmer déi aner. Les Meloures 18:40, 20 August 2007 (UTC)

Salut,
Ech hunn emol probéiert an ee br clear all iwwer d'Bild gesat. Da réckelt et automatesch ënner dat anert. Am Internetexplorer iwwerschneide sech déi zwee. Ech mengen ech muss dee br clear all an de Panoramastemplate abauen. Da wier de Problem och mat dem Iwwerschneide geleist.
Ps Déi Foto ass iwwregens ganz flott Les Meloures 23:19, 20 August 2007 (UTC)

Kasematten änneren

"Kasematten Festung Lëtzebuerg": Et ass vläicht net esou terribel wichteg, mee: E bësse méi genee dierft et scho sinn:-)) --Cornischong 09:46, 22 August 2007 (UTC)


Salut,

Ech rennen elo mol op d'Stréck vun der Eneco Tour. Hat gëschter leider de Prologue vu Hasselt verpasst. Ech wousst net datt déi Course amgaange wier, hunn et eréischt an de Norichte owes matkritt. Elo geet et op d'Stréck, mat e bësselche Chance ass eng Echappée da kritt enn der e puer eenzel. Les Meloures 10:00, 23 August 2007 (UTC)

Fir näischt änneren

Salut. Gëscht stoung ech dräi Stonne bei der Waark op dem Bastins Jhemp seng Topographie I ze waarden, an et koum net. Stoung ech op der falscher Plaz? Oder ass et vläicht ënnergaangen? --Cornischong 11:55, 27 August 2007 (UTC)

Op oder zou? änneren

Salut. Hues du Fotoe vun der Kierch vu Buerglënster bannenan? Déi ass jo normalerweis zou. --Cornischong 10:55, 28 August 2007 (UTC)

Salut. D'Bierger Kierch ass an der Këscht; op d'Infosmaterial muss ech awer nach waarden. Gutt Iddi, fir mam Zanter ze hantéieren! Vläicht kréie mer den Nicolas Brücher nach an de Grëff. Viru mam Jabel. --Cornischong 09:44, 29 August 2007 (UTC)

Salut. Eigentlech misst ee Fotoe mat Haut drop mat engem "Röhremonitor" kucken, mee ech selwer hu virun engem Joer ëmgestallt op TFT. Op der Foto w3 hunn ech e bësseleche Blo ewechgeholl an en Hauch vun enger Iddi vun enger Anung Rout derbäigemaach. Dat kéint et sinn. De Mann huet op der Foto en Teint, wéi wann e just virdrunn am Solarium gewiescht wier. Dat gëtt schonns e Teint, deen e bësse "speziell" wierkt. Den Hannergrond ass eigentlech egal, well bei deem spillen aner "Faarwevariatioune" mat, déi mam Mann näischt ze dinn hunn. --Cornischong 08:57, 7 September 2007 (UTC)

Mudam villbesicht ? änneren

Fir op em Fliedermaus séng Fro ze äntwerten. Am Artikel Lëztebuerg (Land), wéi ech geschriwwen hat dat de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean de meeschtbesichtegsten Musée wier, hunn ech natierlech geméngt, dee meeschtbesichtegsten am Land. A wann ech hei am Land schreiwen, méngem ech natierlech am Lëtzebuerger Land.


Salut:

Merci fir d'Verbesserung. Déi Méiglechkeet hat ech net nogesicht, an et war och nach mäin eegene Feeler. Les Meloures 15:13, 24 Oktober 2007 (UTC)

De Schauls-Link änneren

Salut. Wann ech, ouni op e Sprooche-Knäppchen ze drécken (!), mam Link weiderklicken, da gesinn ech nëmmen Däitsches, géing ech emol soen:-)) --Cornischong 11:55, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren

D'Schoulnimm änneren

Salut. Kanns de mol nokucken, wéi de "Lycée .echnique pour Professions de Santé" geschriwwe gëtt. Op hirer Websäit ass et e klengen technique. Sollen déi dat alt selwer wëssen? --Cornischong 16:23, 4. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Tipptopp änneren

SAlut. Tipptopp Bausch-Foto, wierklech!--Cornischong 17:46, 10. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Merci. Ech ginn d'Kompliment u mäi Photoapparat, deen op Automatik agestallt war, virun.:-) --Fliedermaus 17:55, 10. Jan. 2008 (UTC)Äntweren


Salut,

Méiglech Äntwert do [1] Les Meloures 15:33, 22. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,

Gutt datts de un den Acacio geduecht hues. Obschonns et sou gutt wéi een Diddelenger ass, war e mär och duerch d'Lappe gaangen.

Ech hat e Gespréich virun enger Zäitche mam Smaniotto's Rol. Bei mengen nächste Besuch op Diddeleng ginn ech Biller maachen. De Rol an den Acacio schaffen zesummen. Les Meloures 09:55, 12. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Ech kucke wat sech do maache léist Les Meloures 11:51, 12. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Salut. Lo hu mer US-Ameri.... an US-ameri.... Fäll. Kanns de mol luussen. Merci. --Cornischong 17:29, 14. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

TdF 1950 änneren

Salut. Stinn am lénkse Bord vum Tour de France 1950 net e bësse vill aner Sproochen? Do misst ee vun de Servere duerchgedréint sinn. --Cornischong 08:25, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Moien,

Dat misst sech elo no kuerzer Zäit beim nächsten Update ginn Les Meloures 09:07, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Merci. Komesch dat déi Linken (wéi et ausgesäit) duerch d'Schabloun vum algeeresche Fändel koumen! Da loosse mer mol kucken op dat elo an d'Réi geet.--Fliedermaus 09:14, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren


Salut komesch ass et allerdéngs net datt se vun deeër Schabloun kommen. Dat ass ganz normal wann d'Interwikilinke vun der Schabloun net als '''<noinclude>''' agepaakt sinn.
Et ass elo an der Rei Les Meloures 10:12, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Zinnen-Plack änneren

Resalut. Wier et net flott ze wëssen, wou déi Zinnen-Plack zu Dikrech hänkt? --Cornischong 10:53, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Salut, déi steet op der Plaz bei der Kierch--Fliedermaus 12:13, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren
Aaa ..... jo. Merci. --Cornischong 13:07, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Gudde Moien, Bei Kategorien kannst du mat der Schabloun DEFAULTSORT:... (Beispill: DEFAULTSORT:Kolber, Véronique) furen, déi klasséiert dann automatesch den Numm bei de richtege Buschtaw an du brauchs dann net bei all Kategorie eenzel den Numm hannendrunn ze schreiwen. --Alexandra 07:14, 7. Abr 2008 (UTC)

Salut. Tja, dat ass nees esou e "lëtzebuergesche Problem": De Klees ("Luxemburger Tiernamen") nennt et "Fauen-a", "Pu-a" (zu Wuellessen) a "Pauhunnen-a" (dach, dach, ech hu mech emol eng Kéier net vertippt). Den DLW nennt den dätschen "Pfau" ganz richteg "Pohunn". Lo bleiwen net vill Méiglechkeeten fir eise "Pimpampel": Fir e "Fauen-a" ze nennen, trauen ech mech op alle Fall net (dem Klees säi Bichi ass vun 1981!). Domat wiere mer beim "Pohunn-a", Pohunn-A" oder "Pohunnsa". Dat lescht liest sech zwar bosseg, mee et kënnt mer nach am "logeschste" vir. Heinansdo musse mer mam Kapp vir. D'Perfektioun ass eben net vun dëser Welt. --Cornischong 13:22, 22. Abr 2008 (UTC)

An nach eppes: De Klees nennt dat Béischt op Latäin "Vanessa io". O Mamm, o Kanner! --Cornischong 13:24, 22. Abr 2008 (UTC)

Kicheschluechtereien änneren

Salut. Nach e Méckegepéils: Mat Kichegeschir sinn ech net ganz glécklech, well Schankemesseren méi bei Metzleren ze fanne sinn. Dat ass e Messer fir mat der Kettenhändsch a mam Ketteschiertech ze hantéieren! Well et nach Honnerte Modeller vu Messere gëtt, trëppele mer eis mam Kichegeschir selwer op d'Féiss. Wat mengst du? (Deng Diskussiounssäit fänkt un, e bësse laang ze ginn, sou niewebäi) --Cornischong 15:50, 22. Abr 2008 (UTC)

Gemools änneren

Salut. Du bass amgaangen, alles, wat jee e Pinsel am Grapp hat, opzezielen, an dat ass ganz gutt esou. Meng Fro: Si vun denger Säit Fotoe vun de Pinselleit an hire Biller z'erwaarden? Ech froen, well ech net wëll eppes maachen, dat anerer scho gemaach hunn. Mat der Leidelenger Kierch hate mer de Fall. --Cornischong 11:56, 4. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,
Vun de Pinselleit an hiere Wierker hunn ech keng Biller. Du kanns roueg e puer Visiten an de Kënschtleratelieren maachen.:-)--Fliedermaus 12:50, 4. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Photo XB änneren

Salut. Datt de Bettel Schubber huet a bei Skoda op der Peilëscht steet, ass net sou schlëmm, mee dat Lach am lénkse Bak an op der Stier schéngt mer scho méi eescht ze sinn. Mat Juristen ass net ze spaassen! A bei den nächste Wale kéint dat eng Roll spillen ....... :-) --Cornischong 14:15, 5. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Ersatz. Gär Geschitt. --Cornischong 14:20, 5. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,
Tjo, ech war mat mengem Photapparat an de Reen geroden an d'Lëns hat e puer Drëpse matkrut, wat ech awer net direkt gemierkt hunn.
Merci fir de Maquillage. D'Photo gouf am XB-Artikel duerch deng retouchéiert Versioun ersat. --Fliedermaus 15:01, 5. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Referenzen änneren

Gudden Owend,

Well anscheinend net jiddereen Zäit huet fir d'Getalks ze liesen an op Froen ze reagéieren, a fir bei der Aktualitéit ze bleiwen, setzen ech emol jiderengem deen an de leschte 24 Stonnen aktiv war dës Info déi och um Staminet ze fannen ass op seng Säit.

De Playmisty hat dës Fro gestallt:

Referenz small -- kéint een dat nët an de Modell Referenz direkt aprogramméieren?).

Ech hunn du mol bei de franséschen an däitsche Nopere gekuckt wéi dat bei deene fonktionnéiert. Komescherweis ginn d'Referenzen do a Klengschrëft ugewissen wann se déi selwecht Programméierungszeeche wéi mir gebrauchen. U wat et läit, datt et bei ons a Grousschrëft ugewise gëtt, hunn ech awer net erausfonnt.

Dunn hunn ech probéiert fir eng eege Schabloun ze bastelen:

D'Resultat an den Ënnescheed gesitt der hei ënnendrënner mat der Syntaxt derbäi

<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner <references />

gëtt dat heite Resultat:[1]

  1. De Pitt ass do
<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner der neier Schabloun {{Referenzen}}

gëtt dat heite Resultat:[1]

Referenzen änneren

  1. De Pitt ass do

Les Meloures 20:28, 7. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Lizenzschablounen änneren

Ech gesinn du gebrauchs nach ëmmer d'Lizenzschabloun {{Bild-CC-by-nc-nd/3.0}} fir deng Biller. Déi gëtt et mëttlerweil net méi, et ass elo e Redirect deen op {{Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu}} weist (kuck d'Diskussioun "Wikipedia:De_Stamminet#CC-nd_Lizenz"). Kéins de w.e.g. direkt déi nei Schabloun gebrauchen? --Otets♣ 12:07, 6. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Kuck emol, op {{Bild-Konscht-Architektur}} de Skulpture-Problem net besser léist wéi dee fréiere (widerspréchleschen) {{Bild-CC-by-nc-nd/3.0}}. Dee Moment kéint de Redirect bestoe bleiwen, mee du giffs iwwerall wou s de mengs déi nei Konscht-Architektur Lizenz an d'Plaz setzen. --Otets♣ 20:58, 6. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Gudde Moien,

Däerf ech mech wonneren?

Um Staminet de 6. Juni hues de d'Bemierkung gemaach datts de géifs verlaangen datt wann d'Schabloun CC-by-nc-nd/3.0 weidergeleet geef ginn op d'Schabloun CC-by-nc-sa/3.0/lu., deng Biller solle geläscht ginn. Elo gesinn ech datts de deng Biller ënner deeër zweetgenannter eropluets. Wann ech och zougestinn datt jiddereen d'Recht huet d'Biller ënner enger Lizenz eropzeluede, wéi hie wëllt, ass et awer verwonnerlech datt sech géint d'Weiderleedung op déi zweet Schabloun gewiert gëtt, a mat Läschpropose gedrot gëtt, an datt en se awer dann duerno, selwer benotzt. Les Meloures 07:43, 11. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Salut,

Un der Tatsaach datt ech géint déi Viruleedung sinn huet näischt geännert. D'CC-by-nc-nd/3.0 hunn ech haaptsächlech gebraucht fir dat Duerstelllung vun de Wierker (Architektur/Konscht) wou Autorerechter am Spill sinn, net geännert géifen. Ech hunn déi Lizenz awer och benotzt wou keng Autorerechter bestinn a wou déi CC-by-nc-nd/3.0 net noutwendeg war. Well de Michel Deutsch méi wéi 70 Joer dout ass (hien ass 1905 gestuerwen) bestinnn keng Autorerechter méi op senge Wierker. An esou engem Fall hunn ech kee Problem fir d'Lizenz perséinlech duerch eng CC-by-nc-sa/3.0/lu z'ersetzen. Bei menge Photoen wou Autorerechter op den duergestallte Wieker bestinn, sinn ech nach ëmmer strikt dergéint dat déi ënnert enger CC-by-nc-sa/3.0/lu verëffentlecht ginn.

Déi "Dampfwalzmethod" mat där all Biller mat der CC-by-nc-nd/3.0-Lizenz a Biller mat enger CC-by-nc-sa/3.0/lu ëmgewandelt goufen, konnt ech net acceptéieren. Engem anere User gouf mat där Method jo wuel och op d'Féiss getrëppelt...

Ech sinn also net prinzipiell géint déi CC-by-nc-sa/3.0/lu-Lizenz, mä wann d'Lizenz op enger vu menge Photoen geännert gëtt, géif ech dat gäre selwer maachen, a well net datt dat iwwer méi Kapp ewech geschitt.

--Fliedermaus 08:59, 11. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Resalut:

Ech verstinn dech doranner, mee ech fannen och, datt mat Droungen a mat Iwwerreaktiounen nach ni vill errecht gouf. D'Schabloun gouf jo och erëm direkt aktivéiert. De Redirect war en Iertum deen doduerch komm well an der neier Schabloun de Link op déi selwecht Lizenz gewisen huet wéi an der d'nd Lizenz, an ech uholl hat, datt ech der Schabloun, déi ech gemaach hat, e falschen Numm ginn hat. Wann et ëmmer nëmme Pouf géint Pouf geet, dann ass schwéier schaffen, an et wier och emol vläicht ze verstoen datt Leit déi sech stonnelaang Aarbecht am Systeem maachen, vun deem jidderee schliislech profitéiert, och emol féckereg ginn wann nëmme Reklamatioune kommen, an negativt Gespréich ouni konkret Verbesserungsvirschléi gefouert gëtt. Wann déi Honnerte vu Stonnen mat Iwwersetzunge vu Lizenzen, Bäiflecke vu Schablounen, Verbesserungen an Iwwersetzunge vu Systemmessagen net gemaach wiere ginn, an net à jour gehale wiere ginn, da géif näischt lafen. Déi Leit déi dorunner schaffen, mierke meeschtens no enger Zäit vum selwe wou se e Bock geschoss hunn, a redresséieren dat dann. Dat sinn e lauter Aarbechten wou vill Gedold a vill Nosiches verlaangt ass, wéi afgläiche vun Texter mat der de:fr:an en:Wiki. Dat ass wuel esou schwéier wéi op de Knäppchen ze drécken an e Bild ze maachen. Dofir fannen ech et schued datt dann den Haaptschwéierpunkt op sou Lizenzendikussioune geluecht gëtt.

Fir nëmmen e Beispill ze soen:De Robby huet iwwer 4.000 Systemmessagen iwwersat vun deene jidderee profitéiert.

Ech si frou datt den Otets elo do eng Hand mat upaakt, datt mer doranner weiderkommen. D'Lizenzen gehéieren do eben och derzou, an et ass eben nëmme just eng Fro vun der Zäit bis datt dat alles korrekt do steet. Well awer nëmmen dräi Männercher dorunner schaffen dauert et méi laang, an datt emol en Iertum virkënnt, ass net auszeschléissen, a kéint och emol, mat manner graffe Wierder a Reaktioune kommentéiert ginn. Soss kréien déi Leit déi sech dofir asetzen och emol vläicht déi villzitéiert Flemm, an da sti mer no an no viru méi engem grousse Problem.

En Plus si mer ons jo nach ëmmer net eens op déi nd Schabloun déi jo anscheinend net de Wikipediakriteren entsprécht soll bestoe bleiwen.

Les Meloures 10:43, 11. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Meng lescht Propositioun um Stamminet war, fir déi schonn eropgeluede Biller déi bis elo ënnert "nd" stungen och ënnert "nd" stoen ze loossen (ausser den Auteur géif selwer e Retagging man), noutgedronge mat alle Problemer wat dat mat sech brénge kann. Mee vun elo u solle keng nei Biller méi ënnert "nd" eropgeluede ginn, ausser e Sculpteur oder Architekt hätt dat wierklech ausdrécklech zur conditio sine qua non gemat (wat awer wéi gesot dem Sculpteur oder Architekt an der Praxis net vill méi bréngt wéi just "nc" a fir eis ass et éischter problematesch). --Otets♣ 10:50, 11. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

"De Redirect war en Iertum ..." Dann huelen ech dat emol esou un, amplaz vu menger Opfassung déi ech bis elo hat, datt et eng bewosst Entscheedung war fir vun enger Lizenz op eng aner virunzeleeden. Ech hunn elo keng Loscht fir nach virun doriwwer ze diskutéierern, ob meng Reaktioun um Stamminet elo appropriéiert war oder net, well dat äis an der Lizenzegeschicht kee Millimeter weiderbréngt.

Am Moment gesinn ech d'Saach esou:

  • wa keng Autorenrechter (Wierker vu Konscht&Architektur) am Spill sinn, gebrauchen ech d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu fir meng Photen déi ech eropluden
  • fir déi Photoen déi vu mir ënner der Lizenz CC-by-nc-nd/3.0 eropgeluede goufen a wou keng Autorenrechter (Wierker vu Konscht&Architektur) am Spill sinn, hunn ech wëlles lues a lues déi Lizenz duerch d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu z'ersetzen
  • fir meng Photoen mat (Wierker vu Konscht&Architektur)) déi ech schon eropgelueden hunn, respetiv déi ech nach eventuell an Zukunft eroplueden, waarden ech emol of.--Fliedermaus 13:34, 11. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Salut, da géi mol an d'Sankaul kucken ob dat passt. Les Meloures 16:51, 12. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

UCI ProTour 2008 änneren

Remoien,

Wann ech ons Schabloun vun de ProTour Coursse kucken, stellen ech fest, datt der erausgeholl goufen, déi awer nach ëmmer op der Mémoire du Cyclisme ënner ProTour ze fanne sinn.

Sinn do Ännerunge geschitt déi nach net an der Mémoire du Cyclisme upgedated sinn?

Ech géif och proposéieren d'Schabloun an Ettapecourssen an a Coursse vun engem Dag ze deelen, oder der eventuell zwou maachen. Wat ass deng Meenung? Les Meloures 18:21, 12. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,

D'Ännerungen déi an der Schabloun vum Protour gemaach goufen, baséieren um offizielle Programm vum UCI ProTour 2008. Bei Mémoire du Cyclisme goufen déi Ännerungen bis elo net gemaach.

Wat eng eventuell aner Opdeelung vun de Courssen an der Schabloun Protour ugeet, fannen ech eng chronologesch Reiefolleg, klasséiert no den Ufanksdatume vun de Courssen, déi beschte Léisung.--Fliedermaus 07:20, 13. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Remoien,

Merci fir d'Info. Opdeelung no der Chronologie fannen ech och ganz an der Rei Les Meloures 07:24, 13. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Salut,

D'Ännerungen am Josy Braun goufen annuléiert, mee kuck och w.e.g. d'Info déi fir esou Seriefäll um Staminet steet. Merci am Viraus Les Meloures 11:05, 13. Jun. 2008 (UTC)Äntweren


Moie Fliedermaus,

Ech hu mer gëschter mol d'Klassementer vum T.de Suisse ugekuckt. Do sti bei e puer Courreuren Stärercher virum Numm. Ech hunn awer net erausfonnt wat dat bedeite soll. Weess du do eppes méi. De Schleck hat jo schéi Chance gehat wéi en de Rampli ofgaangen ass. Gutt dat et net méi déif war.

Les Meloures 09:08, 20. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Info Les Meloures 10:50, 20. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Salut,

Wanns de mer sees watereng Lizenz s de gären an de Biller häss da kann ech gären déi Aarbecht maachen. Melouresbot 18:23, 27. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Molitor änneren

Salut. Steet an der Revue méi? Ech hunn emol de Kader gesat (a keng Revue zur Hand, wou ech sinn).--Zinneke 16:12, 18. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Salut. Bei Geleegenheet kucken ech dat no. Et war awer nëmmen eng kuerz Notiz.--Fliedermaus 16:17, 18. Sep. 2008 (UTC)Äntweren


Salut:

Dat heite stoung déi éischte Kéier dran: Ist seehr schwer.

Dat gouf dunn opgefëllt mat: Molekulare Legotechnologie ist die Kunst ganz kleine Dinge zu bauen.

Du koum derbäi: Mit kleinen bunten Legosteinen

Nom 1. Läschen gouf den Artikel nach eng Kéier ugesat mat:

Ist die Kunst seeehr kleine Sachen zu bauen mit Legosteinen, die bunt sind.

Ist SEEEHR schwer

Les Meloures 18:53, 27. Okt 2008 (UTC)

Kee Probleem:) --Z.

cat/kat änneren

Moien,

't ass deels Gewunnecht, deels Lidderechkeet (1 Bustaf méi kuerz ;-). Well déi zwee fonctionnéieren, gesinn ech kee Problem, deen een oder deen aneren ze benotzen. --Zinneke 17:58, 11. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

D'Foto Raiber änneren

Salut. Ech erënnere mech, du has och esou eng Saach mat enger Foto. Has du reklaméiert, a wa jo, wat war gelaf? --Cornischong 16:27, 19. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Salut. Dat war d'Foto vum Benoît Joachim beim TdL 2007 zu Miersch. Ech hat perséinlech net bei RTL reklaméiert, an esouvill ech wees hat och soss keen dat gemaach.--Fliedermaus 16:42, 19. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Repetitititives änneren

Salut. Ech gesinn, du bass mat de bleiwt - bleift beschäftegt. Ech krut eepes mat, datt mer e Bot a gewëssem Sënn "geléint" kréien, deen eis mat deene Saachen hëlleft. Fro mol de Robby dowéinst. Krepéier dech also léiwer net mat deene laangweilege Saachen, well: Artikele schreiwen, kann de Bot nach ëmmer net. --Cornischong 09:04, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Salut. Merci fir d'Informatioun. A ronn 95% Prozent misst esou e Bot eng gutt Aarbecht leeschten.

Am Artikel vum Victor Weiss hätt de Bot awer secher och am Text vum Lidd aus dem "bleiwt" e "bleift" gemaach, obschonn iwwer dem Text "Original Schreifweis" steet. Bei der manueller Verbesserung kann een allerdéngs och Feeler maachen.--Fliedermaus 09:35, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Nei Buergermeeschteren änneren

Salut,

hues du duerch Zoufall eng Ahnung wéi zu Dippech mat dem Buergermeeschter weidergaangen ass. Ass de Bosseler ewell vereedegt?

Déi nei Buergermeeschtere vun Dippech (Bosseler) a Bartreng (Colabianchi) missten de 6. Februar 2009 vereedegt ginn. (Quell: point24 vum 3. Februar 2009, Säit 4)--Fliedermaus 18:05, 4. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

Merci Les Meloures 18:29, 4. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

schafen änneren

Salut,

Et ass scho komesch:

Schafen an ofschafen schéngt laut dem Verbebichi net deeselwechte Stamm ze hunn. Bei Schafen seet et geschaf a bei ofschafen seet et ofgeschaf.

D'Sprooch ass schwéier wann esouguer an engem Buch zwou verschidde Forme gebraucht ginn.:-)

Les Meloures 09:19, 13. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

Op der Websäit vum Luxogramm steet beim "Partizip" vum Verb "schafen": "geschaf". Et ass awer méiglech dat "geschaf" a "geschaf" allen zwee richteg sinn.--Fliedermaus 09:46, 13. Feb. 2009 (UTC)Äntweren


Gudde Moien,

Äntwert DO

Les Meloures 14:57, 11. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren


Salut,

Klenge Problem mam Fränck Schleck. Kuck emol do w.e.g. Diskussioun:Fränk Schleck Les Meloures 12:00, 23. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Salut. Ech hunn deene Fotosentféierer mol g^äntwert. An zwar als "Kommentar". Dee muss awer nach "validéiert" ginn, ier en hannendru kënnt.Da looss mer mol kucken... --Cornischong 19:17, 27. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,
Äntwert Do
Les Meloures 17:02, 16. Jun. 2009 (UTC)Äntweren

Wat d'Leit esou maachen änneren

E schéine Gudden. Mer klappen eis zënter laangem mat Kënschtler erëm, déi hei virgestallt ginn als "de Jemp ass e pingonesesche Moler". Problematesch dobäi ass, datt mer am Ländche guer net vill Kënschtler hunn, déi dat "haaptberufflech" maachen. Déi grouss Majoritéit sinn Zeecheproffen, "Hausfraen" oder wat och alt ëmmer. Wa mer hei ee verkafen als Fotograf, an dee schafft op der Eisebunn an e mécht a senger Fräizäit Fotoen (wéi e puer Millioune Lëtzebuerger) da wierkt dat e bësse geckeg, fir deen als *den Tunn ass e lëtzebuergesche Fotograf" hei ze verkafen. Dann ass et kee Fotograf, mee en "Eisebunner". An déi Manéier ass hei net eleng bei lëtzebuergesche Kënschtler (an aneren) ze fannen. Wéi kéinte mer déi Saach upaken? --Cornischong 06:34, 2. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

Moien, D'Kategorien "Lëtzebuergesch Fotografen" a "Lëtzebuergesch Moler" sinn Ënnerkategorien vu der Kategorie "Lëtzebuergesch Perséinlechkeeten nom Beruff". Dat ass wierklech net glécklech, well d'Fotographie, respektiv d'Molerei, bei ville vun deene Leit net hier Haaptaktivitéit ass vun där se liewen. Menger Meenung soll een an der lb-Wikipedia bei "Moler" a "Fotografen" awer eng relativ breetgefächert Interpretatioun zouloossen.

Wat wier soss e Fotograf a méi engem restriktive Sënn? Eng Persoun déi en unerkannten Diplom an der Fotografie huet an op mannst zu 50% vun der Fotographie lieft? Wann den Tunn vun der Bunn, deen op der Gare an engem Guichet schafft, a senger Fraïzäit en talentéierten Autodidakt ass, deen technesch a kënschtleresch usprochsvoll Fotoe mecht an dës reegelméisseg a perséinlechen a kollektiven Ausstellungen weist, an och nach e puer Konschtpräisser fir seng Wierker krut huet, gesinn ech et méi sënnvoll den Tunn an d'Kategorie vun de Fotografen wéi an d'Kategorie vun den Eisebunner se setzen.--Fliedermaus 09:16, 2. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

"en technesche Problem ?": 't schinkt ës. --Cornischong 09:48, 9. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

wat esou do steet änneren

En terribel schéine Gudden. "CAL (wéi op der Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg steet)": Well ech ee vun deene sinn, déi net ëmmer alles direkt gleewen, hunn ech emol op der d'Dzeeaell"-Websäit gekuckt. A wat liesen ech do am Artikel 1 vun de Statuten? "Art. 1er.:"Le CERCLE ARTISTIQUE DE LUXEMBOURG, en abrigi C.A.L., crii en 1893 a Luxembourg, " Firwat hunn déi sech geiert? --Cornischong 21:25, 9. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

Moien, Ech huelen un datt vill d'Leit sech wéineg Gedanke maachen, op se Punkte tëschent de Buchstawe maachen oder net. Wann et effekitv "C.A.L." ass, misst e menger Meenung och déi draï Buchstawen eenzel ausschwätzen. Ech ka mech awer net erënneren datt e vum Salon vum Dzee-A-Ell geschwat huet. An de Statute vum "C.A.L." gefällt mir awer besonnesch déi originell a kreativ Iddi fir den "é" duerch en "i" z'ersetzen. Schii Griiss. --Fliedermaus 13:31, 10. Jul. 2009 (UTC)Äntweren


Moien,
Äntert Do

Les Meloures 11:39, 5. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Andy Schleck änneren

Salut,

Ass de Schleck um Tour de France net den 1. am Generalklassement vun de Jonken, oder ieren ech mech, oder huet en Tippfeeler sech meeschter gemaach? :-) Les Meloures 16:17, 6. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Salut,

Merci fir d'Info. Dat war natierlech en Tippfeeler. D'Verbesserung gouf gemaach.--Fliedermaus 16:32, 6. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Pierre Henges änneren

Gudde Moien,

De Pierre Hentges ass 1890 gebuer. Wéi ech 1961 an der Industrieschoul war huet de Pierre Hentges nach geschafft. Dann hätt hie mat 71 Joer nach geschafft. Dat kënnt mer e bësselche komesch fir. Hues du do eng Méiglechkeet fir eppes méi erauszefannen. Les Meloures 08:24, 11. Aug. 2009 (UTC)Äntweren


Gudde Moien, Et kéint sinn datt et dräi Persounen mam Numm Pierre Hentges gëtt déi mam Sport (Turnen) ze dinn hunn:

- Pierre Hentges (1853-1918)

- Pierre Hentges sen. - war 1912 bei den Olympische Spiller zu Stockholm (1890?-????)

- Pierre Hentges jun. ????

Wann ech méi weess, mëllen ech mech.

--Fliedermaus 09:11, 11. Aug. 2009 (UTC)Äntweren


Remoien,
Flott datts de méi genee Informatioun iwwer den Olympionik fonnt hues. Les Meloures 11:11, 11. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

...am Luxemburger Autorenlexikon.--Fliedermaus 11:18, 11. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Raymond de Waha änneren

Salut
kann et sinn datt dat de selwechte Raymond de Waha ass wéi deen am Artikel. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1914/0019/a019.pdf#page=29
Les Meloures 10:11, 13. Aug. 2009 (UTC)Äntweren


Moien,

Vu datt de Charles de Waha an de Raymond de Waha als originaire de Troisvierges am Memorial stinn, hunn ech emol do op der Gemeng nogefrot. Ech kréien d'Resultat vun der Nosich e Freiden den 21. August. Op der Uni vu München huet och ee mer vesprach an den Archiven nozekucken ob se nach eppes iwwer de Privatdozent de Waha erëmfannen.

Les Meloures 09:36, 18. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Moien, Tiptop. Bravo fir däin Asaz.--Fliedermaus 10:17, 18. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Resalut
Ech krut d'Äntwert vun der Uni München an hunn s'op d'Diskussiounssäit vum Artikel gesat.
Les Meloures 11:29, 18. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,

Déi nächst Info ass och och elo hei.

Les Meloures 15:20, 21. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Translation of a short story änneren

Hi my friend!

I would like to request something from you. Yes, translation. I hope, it's not a bad thing for you. Some years ago I wrote a (really) short story about a lonely man (actually symbolized the Saami nation). I translated into some languages and I thought, it would be great to have it more, like also in Luxemburgian:) My vilage (Ecser) has a Lux article, and I love it. I made this page, the English translation is somewhere there. You can put the Luxemburgian translation there. Thank you again! Sorry for my disturb...:( - hu:User:Eino81

Hi! Thank you for your translation. Could I ask your full name and could I use it, if maybe / later / sometime in the future this will be published?But only if it's not a problem to you... --Eino81 21:01, 24. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Kantonen zu Lëtzebuerg änneren

Gudde Moien,

An dem Extrait vun den Deputéiert fir an d'Nationalversammlung ass mer opgefall datt do nëmmen 11 Kantonen ernimmt ginn. Hues du eng Anung firwat dat esou ass. Kann et sinn datt iergendwéini den 12. Kanton nogerutscht ass.

Geschichtlech wier et jo schonns intressant, du hues vläicht e besseren Drot fir dat erauszefannen.

Merci am viraus Les Meloures 14:26, 28. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Salut,

Hei ass emol eppes vum canton de justice de paix Veianen:

Il est créé dans le Grand-Duché de Luxembourg, un douzième, et dans l'arrondissement judiciaire de Diekirch, un sixième canton de justice de paix. Ce canton sera composé de la ville de Vianden et de la commune de Fouhren, du canton de Diekirch, et de la commune de Putscheid, du canton de Clervaux. La ville de Vianden en sera le chef-lieu, et il en portera le nom. Quell:Mémorial--Fliedermaus 15:25, 28. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Remoien,

Merci fir d'Méi. Ech kucken emol wou een dat kann ënnerbréngen Les Meloures 15:40, 28. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Film "Räuberinnen" änneren

Klenge Kreepchen, grouss Wierkung (beim Uweise vun der Këscht). Merci fir de schoarfe Bléck! --Zinneke 15:54, 2. Sep. 2009 (UTC)Äntweren

Et ass näischt. Ech hat awer eng Zäitche gebraucht fir dat erauszefannen.--Fliedermaus 15:58, 2. Sep. 2009 (UTC)Äntweren

Schauspiller änneren

Merci fier d'Informatioun. (Message vum Jean Beurlet)

Gär geschitt.--Fliedermaus 10:06, 10. Sep. 2009 (UTC)Äntweren

Notären änneren

Salut,

Den DFL gëtt Notaire un, de Luxdico Notär. Mer missten ons dann eens gi weem mer d'Virléift ginn. Les Meloures 19:05, 22. Dez. 2009 (UTC)Äntweren

P.s.

D'Kategorien heeschen allerdéngs och Notären. Perséinlech hunn ech eng Virléift fir déi franséisch Endung. Wa mer ons sollte fir déi décidéieren sinn ech bereet d'Ännerungen ze maachen. Mer hu bei ganz villen esou Ausdréck déi franséisch Endung. wéi Commissaire, Fonctionnaire a.s.w

Les Meloures 19:16, 22. Dez. 2009 (UTC)Äntweren

Äntwert hei--Fliedermaus 08:41, 23. Dez. 2009 (UTC)Äntweren

Tip top
Merci
Les Meloures 08:49, 23. Dez. 2009 (UTC)Äntweren

1-Propanol vs Propan-1-ol änneren

Moien,

op der Säit Diskussioun:1-Propanol hunn ech mäi Standpunkt zur Nomenklatur geäussert.

--Volvox 19:57, 8. Jan. 2010 (UTC)Äntweren

Cigrang änneren

Merci fir d'Nokucken. Ech huelen un, de LuxLex ass "méi richteg"; ech hunn dat emol agesat. --Zinneke 22:25, 8. Jan. 2010 (UTC)Äntweren

Bartrenger Schlass änneren

Moien, well "Bartrenger Schlass" an engem Artikel gebaraucht gouf, duecht ech, dat wier en allgemeng gebräichlechen Numm. No dengem Commentaire schéngt dat net de Fall ze sinn. Ech hunn deemno kee Probleem dermat, dee Redirect nees ewechezeman.--Zinneke 16:49, 23. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Methan änneren

Merci fir deng séier Reaktioun. Déi néideg Verbesserungen huelen ech no a passen da besser op. --Pecalux 12:05, 9. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Salut,

Merci fir d'Réckele vun der Lokomotiv. Déi eege Béck mierkt een ëmmer zum Leschten.

Les Meloures 12:03, 12. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Äntwert do

Les Meloures 07:38, 22. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

De Cliärwwer Kanton änneren

Salut:
Flott datts de deene Linke vum Cliärwwer Kanton no gelaf bass. Les Meloures 09:00, 27. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Salut,

Majo, wa mir esou en Artikel geschriwwe kruten, ass et net schlecht och wann eng Rei Linken op déi Säit féieren.--Fliedermaus 09:12, 27. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Mënsch*rechter änneren

Ech huelen un, dat war iergendwous en Tippfeeler. Mee wéi och ëmmer: wann iergent een sollt eppes iwwer déi ephemär Parteichen nosichen, wuel éischter ënner Mënscherechter...

Wei/ies änneren

Moien,

All Respekt fir däin Adlerbléck; Du hues natierlech recht, et war en Tippfeeler. Meng Quell war den Hilgert, wéi ech uginn hat. --Zinneke 20:15, 15. Mee 2010 (UTC)Äntweren

De Georges, d'Elise, d'Tania, an de... ? änneren

Moien,

luuss emol op d'Elise-Schmit-Diskussiounssäit. --Zinneke 16:09, 8. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

ech hunn op déi Säit geluust an eng Äntwert dohigeschriwwen.--Fliedermaus 16:45, 8. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

WL bei der Villa änneren

J.K.: Kee Problem, mir passen een op deen aneren op:-). Beschte Gréiss, --Cayambe 18:14, 1. Dez. 2010 (UTC)Äntweren

Externe PDF-Link beim L Menager änneren

Moien, déi Kéier ass et u mir fir dir merci ze soen: däin Test-Link funktionnéiert an ech hunn en als 'definitif' agesat. Beschte Gréiss, --Cayambe 11:09, 4. Dez. 2010 (UTC)Äntweren

Nicolas Liez änneren

Moien,

Am Artikel iwwer den Noppeney hänkt nach een Homonymies Nicolas Liez. Wees du wateree vun deenen dräi gemengt ass? Les Meloures 21:54, 10. Dez. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,
Leider weess ech dat och net. Dofir hunn ech och kee Link op ee vun deenen dräi gemaach.--Fliedermaus 08:29, 13. Dez. 2010 (UTC)Äntweren


Hei hu mir et: Noppeney, Marcel, 1933. L’oeuvre multiple de Nicolas Liez. [32 S.] In: Liez, Nicolas, 1933. Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Linden & Hansen.
Et et ass ëm de Moler a Lihograph Nicolas Liez gaangen--Fliedermaus 09:40, 14. Dez. 2010 (UTC)Äntweren
Tip top gutt Nosich. Merci Les Meloures 23:44, 14. Dez. 2010 (UTC)Äntweren
Merci. Ech muss awer zouginn dat ech guer net méi no der Äntwert gesicht hat, mee se op eemol ënner der Rubrik "Literatur" vum Moler entdeckt hunn.--Fliedermaus 08:08, 15. Dez. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 08:55, 21. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Forum vum Benevolat änneren

Moien,

Du hues eventuell um Staminee scho gesinn, datt d'lb.Wikipedia vum 29. Abrëll bis den 3. Mee mat engem Stand um Forum vum Benevolat vertrueden ass, deen am Hall vun der City Concorde an der Stad ass.

Mir mussen deemno während 4 Deeg (Freides, Samschdes, Méindes an Dënschdes) eng Präsenz op eisem Stand assuréieren. Et wier optimal wa mer kéinten 2 Equippen mat jee zwee Wikipedianer pro Dag um Stand hunn. Deemno bräichte mer 16 Wikipedianer, déi bereet sinn, en hallwen Dag op eisem Stand ze sinn.

Et geet einfach drëm de Leit ze weisen, wéi een als Benevole bei Wikipedia matschaffe kann.

Hues du Zäit a Loscht en hallwen Dag eng Permanence op eisem Stand z'iwwerhuelen? Da schreif dech einfach mol um Staminee derbäi: Wikipedia:De_Staminee#Stand_beim_Forum_vum_Benevolat

Merci a bescht Wiki-Gréiss --Sultan Edijingo 13:54, 1. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

The L-word änneren

Moie Fliedermaus, Du hues warscheinlech och de Message um Staminee gesinn, datt et mat "NC"-Lizenze kriddelech gëtt, konkret, datt do iergend eng Kéier en Donnerwieder fälleg ass, wa mer net selwer eppes maachen. Du hues virun enger Zäitchen eng ganz Partie Biller ënnert der "net fir komerziell Zwecker"-Lizenz eropgeluede gehat, wéi déi ganz Diskussioun dorëms nach zu kenge schlëssege Resultat komm war. Wann ech Der eng Propositioun maache dierf: hei sinn se all beieneen. Dat "bescht" (am Sënn vun der Wiki) wier natierlech, Du giffs se op CC-by-sa ëmlizenzéiern. Du hues Der ëmmerhin d'Méi gemaach, se ze maachen an eropzelueden, mam Zil, se aneren zougänglech ze maachen, an se erfëllen hiren Zweck, d'Wëssen iwwert eppes ze beräicheren. Mee dat ass selbstverständlech Däi perséinleche Choix. Du dierfs natierleh och verschiddenenr Meenung je no Foto sinn. A wann s De se léiwer geläscht gséichs, wéi ënner anerer Lizenz, gëlt et dat natierlech och ze respektéieren. An deem Fall setz eng "Schabloun:Läschen" drënner, da kann een dat (smat schwéierem Häerz) an engem Siess maachen. Mee wéi gesot: Ech hoffen, Du bass d'accord se ëmzeswitchen. --Zinneke 13:56, 3. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Fir Lizenez z'änneren, muss ech do iwwer "Eng nei Versioun vun dësem Fichier eroplueden" fueren, oder geet et och fir nëmmen den Template z'ännere wéi ech dat elo just bei e puer Biller gemaach hunn?
Ech hu virgesi fir bei enger Rei Biller (Landschaften, Wierker vun deenen den Auteur mé wéi 70 Joer dout ass...) d'Lizenz an deem Sënn unzepassen. Bei anere Biller, wou ech der Meenung sinn, datt aner Leit och Rechter hunn (d'Persoun op der Photo, den Architekt vum Gebai, de Sculpteur vun engem Wierk,...) hunn ech keng Loscht fir e juristeschen Avis vun engem renoméierte Spezialist an Auteusrechter unzefroen fir mir z'erklären wéi et vu Fall zu Fall mat der juristescher Situatioun ausgesäit. Da ginn dës Photoen ebe geläscht, och wann dat schued ass. --Fliedermaus 15:13, 3. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Moien, Merci fir deng Äntwert! Wann s Du däin eegene Lizenz-Template änners, ass et mMn net néideg, dass de d'Bild nei eropluets; et ass jo da fir jiddereen nozevollzéien, dass du et selwer wars. E merci dofir schonn emol am viraus! Wat déi Biller ubelaangt, wou dat wat drop ze gesinn ass, spezial Rechter implizéiert, sou wollt ech déi an enger zweeter Phas ugoen. Bei Persoune gëtt et z.B. eng Schabloun, datt onofhängeg vun der Lizenz d'Perséinlechkeetsrechter ze respektéiere sinn - op Commons ass déi scho méi laang am Asaz. Do ass et méi eng Fro vun der Interpretatioun vum Copyright vu Saachen, déi drop ze gesi sinn wéi vun der Lizenz selwer. Loosse mer méi spéit dorop zeréckkommen. Bescht Gréiss, --Zinneke 16:02, 3. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Moien, merci fir d'Informatioun. Da maache mir mol lues mam Läschen. Iwwer 20 Biller krute schon eng nei Lizenz. Wann déi zousätzlech Schablounen op der lb-Wiki disponibel sinn, kucken ech fir nach eventuell bei anere Biller d'Lizenz z'änneren.--Fliedermaus 17:13, 3. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Tsali, ech nach eng Kéier. Ech hunn emol d'Schabloun:Perséinlechkeetsrechter bei Commons geléint an hei ofgespäichert, falls de déi wéils bei Portraiten derbäisetzen? --Zinneke 20:37, 3. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Moie Fliedermaus,

Äntwert iwwer d'Réckelen hei. --Les Meloures 23:11, 9. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

2 Files without a license template änneren

Hi! Fichier:Flèche du Sud Et1 2008.jpg does not have a formal license template - perhaps you could select a free license for it (NC is not good)? Same with this one Fichier:Nosbusch Léon Nouspelt 2008.jpg but it is a derivative work so I think that it should be fair use if needed for the article. --MGA73 19:22, 7. Mee 2011 (UTC)Äntweren

Jang Thill a Jean Thill (1913-1984) dee selwechten? änneren

Salut Fliedermaus,

Beim Opstelle vun der Lëscht vun den Olympioniken sinn ech op e Kënschtler mam Numm Jean Thill respektiv Jang Thill gestouss, ech konnt awer leider net erausfannen ob dat déi selwecht Persoun wéi de Jean Thill (1913-1984) ass. Vläicht weess Du jo méi dozou oder Du hues besser Quellen wéi ech. Merci am Viraus fir dengen Beméiungen. --Robby 21:13, 7. Mee 2011 (UTC)Äntweren

Salut Fliedermaus,
nodeem fir mech kloer ass datt dat zweemol déi selwecht Persoun ass hunn ech déi 2 Artikelen elo zesummegeluecht.--Robby (Diskussioun) 13:40, 1. Mee 2014 (UTC)Äntweren

Moien,

Kanns de dir déi Lizenz vun deem Bild Fichier:Vëloscourse LBL2008.jpg vläicht nach eng Kéier iwwerleeën. --Les Meloures 14:12, 8. Mee 2011 (UTC)Äntweren

NC Biller änneren

Moien! Den MGA73 ass grad derbäi, deng NC Biller aus den Artikelen ze geheien, an deemnächst wëll e se dann och läschen. Kéins du deene w.e.g. eng einfach cc-by-sa/3.0./lu Lizenz gi fir se z'erhalen? Hei ass d'Lëscht vun de concernéierte Fotoen. --Otets♣ 14:48, 6. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Moien! Op deene concernéierte Fotoen si Persounen oder Wierker ze gesinn bei deenen de Fotograf net décidéiere kann ob se kommerziell genotzt kënne ginn oder net.

Och wann ech dat bedaueren, gesäit et dann esou aus wéi wann déi Fotoe geläscht musse ginn.--Fliedermaus 09:06, 7. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Moien, wat d'Gebaier ubelaangt (a well et zu Ltz keng Panoramafräiheet gëtt), sou wier dat einfachst, hinnen eng Schabloun:Bild-FU-3D-Lizenz ze ginn.
Bei de Leit ass et esou, datt se generell entweder explizit hiert Averständnis fir eng Publikatioun musse ginn hunn (bei Portraiten) oder d'Foto bei enger ëffentlecher Veranstaltung gemaach gi sinn. Well Vëloscoursen per Definitioun an der Ëffentlechkeet ofgehale ginn, falen all déi Fotoe sécher ënner dës Kategorie. D'(net-zyklistesch) Portraitë gesinn net aus, wéi wann se "heemlech" geholl gi wieren, dofir si se a mengen Aen och ok (a Politiker gesi sech generell jo gär doruechter publizéiert). Wanns De wëlls, kanns de jo d'Schabloun Schabloun:Perséinlechkeetsrechter drënner setzen, fir dech vun eventuellem Mëssbrauch duerch anerer ze distanzéieren (wat awer souwisou implizit de Fall wier). --Zinneke 09:27, 7. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Except for Fichier:Université du Lux Campus Limp Bâtiment sciences 2008.jpg I see no problems with a relicense of the files in Kategorie:NC-Bild Fliedermaus. I think the other buildings are to simple to be eligible for copyright and the pictures of the persons looks to be taken in public places. You could add Schabloun:Perséinlechkeetsrechter if you prefer. --MGA73 10:45, 9. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Hi sorry to disturb you again. As you can see I write in English because I find it very hard to fully understand Lëtzebuergesch. So perhaps that is why I still do not understand what the outcome of the license discussions above is. Do you agree to change the license to for example cc-by-sa/3.0./lu (legally you are free to do so)? Or is it a "no thank you" or are you still thinking about it? --MGA73 11:32, 10. Aug. 2011 (UTC)Äntweren

I deleted one unused and nominated 2 other for deletion (A + B). --MGA73 09:30, 11. Dez. 2011 (UTC)Äntweren

I also found a free replacement for this one. --MGA73 09:38, 11. Dez. 2011 (UTC)Äntweren

Request for translation. änneren

Warm greeting from Korean Wikipedia! Could you help us to translate articles simple:Kara, simple:Josh Duhamel, simple:IU (singer), simple:Running Man into your unique and honourable language? Thank you in advance! Tsuchiya Hikaru 14:41, 26. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Guillaume Weydert änneren

Merci en retour fir den Artikel. Sou mécht d'Wiki Spaass. --Cayambe 17:01, 15. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Jungblut-Kënschtler änneren

Moien, hei d'Ajoute mat Hëllef vun der Anthologie des arts au Luxembourg, 1992:

En Dënschdeg muss ech d'Buch zréckginn. --Cayambe 17:39, 24. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Hochdeutsch und Luxemburgisch änneren

Verzeih mir mein Mischmasch aus (Hoch-)Deutsch und Luxemburgisch. Ich stamme nicht aus Luxemburg.

--Grenzland (Diskussioun) 14:53, 19. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Perhaps GFDL? änneren

Hi.

You have 7 files with a "net fir kommerziell Zwecker" license (Kategorie:NC-Bild Fliedermaus). It's a shame because that license is not allowed on Wikipedia.

You you do not like commercial usage perhaps you could accept GFDL? It is not a quarantee that it will not be used for commercial purposes but GFDL makes it hard to use commercially.

--MGA73 (Diskussioun) 15:22, 26. Aug. 2012 (UTC)Äntweren

Global account änneren

Hi Fliedermaus! As a Steward I'm involved in the upcoming unification of all accounts organized by the Wikimedia Foundation (see m:Single User Login finalisation announcement). By looking at your account, I realized that you don't have a global account yet. In order to secure your name, I recommend you to create such account on your own by submitting your password on Special:MergeAccount and unifying your local accounts. If you have any problems with doing that or further questions, please don't hesitate to contact me on my talk page. Cheers, DerHexer (Diskussioun) 21:14, 16. Jan. 2015 (UTC)Äntweren

Buch änneren

Hast du

  • Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994

noch?--Antemister (Diskussioun) 20:43, 19. Jan. 2016 (UTC)Äntweren

Participate in the Ibero-American Culture Challenge! änneren

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board:)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:14, 10. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Participate in the Ibero-American Culture Challenge! änneren

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board:)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:14, 10. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes änneren

Moien,

Du has et vläit net um Staminee gesinn: de Samschden, 21. Mee, hu mer eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Vläit kanns D'och kommen? Dro dech da vläit just um Staminee an.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 20:09, 12. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Request änneren

Greetings.

Could you create the article en:Azerbaijan at the Olympics in Luxembourgian?

Thank you.