D'Juegdschlass ass e Café-Restaurant an der rue des Sept-Arpents am Bambësch, dee sech de Slogan E Stéck nationale Folklore zu Lëtzebuerg ginn huet.

Juegdschlass

D'Juegdschlass gouf 1873 vun den Häre vun der ARBED gebaut, fir en Ënnerdaach ze hunn, wa s'op d'Juegd goungen. Am Laf vun de Joerhonnerte gouf d'Gebai dacks erneiert an ëmgebaut. 1935 gouf et verkaf an der Ëffentlechkeet als «Café Juegdschlass» zougänglech. De Proprietär huet 1986 nach emol gewiesselt. D'Juegdschlass heescht elo «Café-Restaurant Juegdschlass». Um Menü steet zum groussen Deel Lëtzebuerger Kascht.

Um Spaweck änneren

Commons: Juegdschlass – Biller, Videoen oder Audiodateien