Wikipedia:Läschen
Dës Säit soll Iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.
Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).
D'Schabloun:Läschen setzt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen.
Kuckt w.e.gl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevancritèren un.
Ofgestëmmt kann eng Woch laang no der Läsch-Propose ginn:
Matstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschdemande aktiv waren (aktiv bedeit datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg, oder 50 Ännerungen am Ganzen, op Artikelen vun dëser Wiki gemaach huet).