Nicolas Brücher

Lëtzebuerger Moler

Den Nicolas (oder Nikolaus) Brücher, gebuer den 29. Juli 1874 zu Elveng, an do gestuerwen den 2. Juli 1957, war e Lëtzebuerger Kierchemoler.

Nicolas Brücher
Den Nicolas Brücher, Selbstportrait
Gebuer 29. Juli 1874
Elveng
Gestuerwen 2. Juli 1957
Elveng
Aktivitéit Moler
Molereien an der Kathedral am polnesche Płock.

Seng Ausbildung als Kierchemoler krut de Brücher zu Kevelaer. Konscht huet hien um Institut Supérieur des Beaux-Arts zu Antwerpen studéiert. Hien huet zäitliewens am soug. 'Nazarenerstil' gemoolt.

Als Kierchemoler war hien ausser zu Lëtzebuerg och a Polen, bei ë. a. der Kathedral vu Plock an de Kierche vun Drzicim, Swornegace a Wiele, an a Russland aktiv.

E Katalog vu senge Wierker ass nach net ausgeschafft.

Lëtzebuergesch Kierchen an deenen de Brücher geschafft huet änneren

Literatur zum Theema änneren

  • Malget, Jean: Die Maler der Mosel Nik Brücher, Nico Klopp und Joseph Sünnen im Licht ihrer Korrespondenz, J. Malget, Éilereng, 2006
  • Jeck, Marc: Le divin, l'humain et l'art. Le peintre mosellan Nicolas Brücher est mort il y a 50 ans, le 2 juillet 1957 an "Die Warte" vum 28. Juni 2007 (S.1-2) Woubäi ze bemierken ass, datt den "Autoportrait vun 1909" net den Nicolas weist, mä säi Brudder.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren