Josy Jungblut
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mathias Joseph "Josy" Jungblut, gebuer den 21. Abrëll 1911 zu Réimech, gestuerwen den 30. Oktober 1979 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Josy Jungblut | |
---|---|
Gebuer |
21. Abrëll 1911 Réimech |
Gestuerwen |
30. Oktober 1979 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Hie war de Jong vum Leeëndecker Heinrich (Henri) Jungblut an der Maria Weiden.[2] Wéi säi Monni Michel Jungblut an de Koseng Victor Jungblut huet hien d'Konscht gewielt. Hien huet beim Arnold Hensler op der Tréierer Kunstgewerbeschule studéiert an als Schüler vum Oscar Jespers op der École nationale supérieure d'Architecture et des Arts décoratifs zu Bréissel. Spéider huet hie selwer am Centre national de promotion des Arts et Métiers an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.
Hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg an huet vun 1937 bis 1961 un de Joressalone vum Kënschtlerverband deelgeholl.[3] Hien huet eng Goldmedail op der Weltausstellung zu Paräis (1937) gewonnen.[4] 1951 krut hien e Konschtpräis, dee vum Verband vun de Lëtzebuerger Zeitungsediteure gestëft gouf.[5]
Wierker
änneren- Monument aux morts zu Äischen
- Monument aux morts zu Berbuerg
- Monument aux morts zu Fréiseng, 1949 ageweit
- Monument aux morts zu Hunchereng
- Monument aux morts zu Réimech
- Monument aux morts zu Walfer
- Monument aux morts (zesumme mam Architekt Robert Leer) zu Lëtzebuerg-Weimeschkierch, 1949 ageweit
- Monument aux morts zu Wuermer
- Kräizweestatiounen (deelweis) an der Trap virun der Kräizkapell vu Gréiwemaacher
- Schetzel, Schetzel-Klaus am Gréngewald
- Hellegen Achardus, Schetzel-Klaus am Gréngewald
- Mater dolorosa, Holzskulptur, Kierch zu Méischdref
- Hellege Mäerten, Steeskulptur, Kierch zu Méischdref
- Weekräiz Fatima, Steerelief, Primerbierg bei Greiweldeng
- Onofhängegkeetsdenkmal fir 100 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, 1939 opgeriicht, zu Schwéidsbeng
- Holzplastike vum Tréischterin Altor an der Lampertsbierger Kierch, 1945 opgeriicht, zu Lëtzebuerg-Lampertsbierg
- Relief Schutzmantelmadonna op der Altormensa an der Kapell op der Giischterklaus, den 20.8.1944 ageweit.
Literatur
änneren- Bofferding, M.-J., 1979.... Télécran vum 24. Mäerz 1979.
- Walentiny, J., 1965.... Luxemburger Wort vum 12. Juni 1965.
- Herr, L., 1992. Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette, 464 S. (Cf. S. 173). ISBN 2-87982-034-0
Um Spaweck
ännerenCommons: Josy Jungblut – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Anthologie du Luxembourg, 1992, S. 173.
- ↑ Gebuertsschäin 1911, n° 15.
- ↑ Welter, Jos. [réd.], 1993. Cent ans d'art luxembourgeois: 1893-1993: rétrospective. Luxembourg: Cercle artistique, 1993, Crauthem, Lux-Print.
- ↑ "Der Plastiker Josy Jungblut".
- ↑ "Der Bildhauer Josy Jungblut Träger des 1. Kunstpreises luxemburgischer Zeitungsverleger", Luxemburger Wort, 6. Oktober 1951.