Pierre Nommesch

Bëschof vu Lëtzebuerg

De Pierre Nommesch, gebuer de 16. Dezember 1864 a gestuerwen den 9. Oktober 1935, war den 3. Bëschof vu Lëtzebuerg.

Pierre Nommesch
Gebuer 16. Dezember 1864
Stadbriedemes
Gestuerwen 9. Oktober 1935
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
Wope vum Bëschof Nommesch

Biographie änneren

De Pierre Nommesch koum an enger räicher Greiweldenger Wënzerfamill als eelste Jong vun de 7 Kanner vum Pierre Nommesch an der Elisabeth Collignon op d'Welt.

No sengem Studium am Kolléisch an zu Roum, op der peepstlecher Universitéit Gregoriana, gëtt de Pierre Nommesch den 28. Oktober 1890 zu Roum zum Häerz-Jesu-Priister geweit. Fir d'éischt war hie Kaploun an der Kathedral, wou hien och vun 1894-1901 Dirigent vun der Maîtrise war, ier hien den 23. Dezember 1901 Paschtouer zu Keel gouf. Vun 1913 bis 1920 war hien dunn Dechen zu Beetebuerg.

Nom Doud vum Bëschof Koppes, den 29. November 1918, war de Bëschofsstull 15 Méint laang net besat. Dës Sedisvakanz huet sech erginn, well de Vatikan wollt ofwaarde wéi engersäits déi national-politesch Situatioun sech no der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde géif entwéckelen, a wéi anerersäits déi franséisch a belsch geopolitesch Bestriewunge fir dat zanter 1839 neutraalt Lëtzebuerg z'annexéiere géifen ausgoen.

Eréischt den 8. Mäerz 1920, also méi wéi ee Joer no der Trounbesteigung vun der neier Groussherzogin, gouf dunn de Pierre Nommesch zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. De 25. Mäerz huet de Sebastiano Nicotra hien an der Kathedral zum Bëschof geweit.[1]

Wéi hien 1935 am Chouer vun der Krypta vun der Kathedral begruewe ginn ass, war den "neien Deel" vun der Kathedral nach net fäerdeg. Säin Nofollger gouf de Joseph Laurent Philippe.

Wierken änneren

Gläich am Ufank vu sengem Episkopat verduebelt hien am Joer 1921 d'Zäit vun der Muttergottesoktav, well eng Woch, sou wéi den Numm Oktav et seet, net méi duergeet fir all Paren a Verbänn an deem Zäitraum ënnerzekréien. Am selwechte Joer gouf dunn och déi 200-Joer-Feier vun der Erwielung vun der Tréischterin nogeholl. Wéinst dem Éischte Weltkrich war dës Feier 1916 ausgefall.

Dat duerch d'Schoulgesetz vun 1912[2] gestéiert Verhältnes tëscht Kierch a Staat huet hien erëm normaliséiert duerch seng Ënnerstëtzung fir d'Schoulgesetzännerung vum 2. August 1921[3].

Den 28. Oktober 1930 seent hien den neie bëscheefleche Seminaire um Lampertsbierg an. Virdru war de Seminaire am Gebai vum ale Jesuittekolléisch nieft der Kathedral. E koum dunn 1930 an d'Klouschter vun den "Amerikaneschen Nonnen" (Kongregatioun vun de Franziskanerinne vu Milwaukee), dat Gebai an deem zanter 1973 de "Centre Universitaire" war an haut en Deel vun der Universitéit Lëtzebuerg ass. A senger Zäit als Bëschof huet sech d'Zuel vun de Geeschtlechen sou staark vergréissert, datt all Par säin eegene Paschtouer hat.

En Haaptuleies vum Bëschof Nommesch war d'Zesummenaarbecht vun der kathoulescher Presse mat dem kathoulesche Veräinsliewen. Hien ënnerstëtzt déi sozial-karitativ Wierker a grënnt 1929 d'Kathoulesch Aktioun.

Den 12. Mee 1935 leet hien och de Grondstee fir d'Vergréisserung vun der Kathedral. Donieft sinn a senger Zäit vill Kierche vergréissert oder nei gebaut ginn.

Wopen änneren

 
Grafplack vum Bëschof Nommesch an der Krypta vun der Kathedral

De Bëschofswopen, deen an der 1. lénkser Chouerfënster vun der Kathedral ze gesinn ass[4], weist d'Tréischterin mat der Neipuertskapell. Säi Wope gëtt sou beschriwwen: D'azur à la deuxième chapelle du Glacis de Luxembourg au naturel issant en pointe, surmontée de la Vierge Consolatrice des Affligés au naturel, vêtue de gueules et d'or, posée sur une nuée. De Wopen ass och op der Grafplack an der Krypta vun der Kathedral ofgebilt wéi an der Réidener Kierch an enger Fënster ënner dem Duxall[5].

Säi Walsproch Tuus sum ego (Däi sinn ech) ënnersträicht seng déif marianesch Frëmmegkeet.

Gielercher änneren

Quellen änneren

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Nommesch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger   Nofollger
Jean Joseph Koppes Lëscht vun de Bëscheef Joseph Laurent Philippe

Referenzen änneren

  1. Zur Konsekration des neuen Bischofs von Luxemburg am Donnerstag, den 25. März 1920 am Luxemburger Wort vum 25. Mäerz 1920
  2. Loi du 10 août 1912, concernant l'organisation de l'enseignement primaire Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-05-22.
  3. Loi du 2 août 1921, portant modification des l'art. 26, al. 2, de la loi du 10 août 1912, sur l'organisation de l'enseignement primaire Gearchiveerd op 2011-09-19. Gekuckt de(n) 2011-05-22.
  4. Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt
  5. Dem Bëschof Nommesch säi Wopen an der Réidener Kierch
  6. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen