David Cameron

brittesche Politiker

Den David William Donald Cameron, gebuer den 9. Oktober 1966 zu London ass e brittesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2016 Premierminister.

David Cameron
Gebuertsnumm David William Donald Cameron
Gebuer 9. Oktober 1966
Marylebone
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Eton College
Aktivitéit Politiker
Partei Konservativ Partei

Den David Cameron gouf de 6. Dezember 2005 de 26. President vun der Konservativer Partei. Hien ass ausserdeem Deputéierten am Brittesche Parlament vum Waldistrikt Witney am Oxfordshire.[1]

Bei de Parlamentswale vum 6. Mee 2010 kruten déi Konservativ, mam Cameron un der Spëtzt, 306 Sëtz, 20 ze mann fir d'Majoritéit ze hunn. Hie gouf den 11. Mee vun der Kinnigin Elizabeth II. zum Premierminister ernannt, an enger Koalitiounsregierung mat de Liberal-Demokraten.[2]

Bei de Parlamentswale vum 7. Mee 2015 huet d'Konservativ Partei d'absolut Majoritéit vun de Sëtz kritt, an de Cameron blouf Premierminister. Fir déi EU-kritesch Stëmmen a senger Partei ze zëssen, huet hie fir den 23. Juni 2016 e Referendum ausgeruff, doriwwer, op Groussbritannien sollt an der EU bleiwen oder austrieden. Dëse sougenannt Brexit-Referendum goung mat 51,9 % fir en Austrëtt aus, an de Cameron huet doropshin säi Récktrëtt ugekënnegt. Den[13. Juli 2016 gouf d'Theresa May seng Nofollgerin als Presidentin vun der Konservativer Partei an als Premierministesch.

Um Spaweck änneren

Commons: David Cameron – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. www.parliament.uk
  2. www.gov.uk