De Malam Bacai Sanhá, gebuer de 5. Mee 1947 zu Darsalame bei der Haaptstad Bissau[1] a gestuerwen den 9. Januar 2012 zu Paräis[2], war vum 8. September 2009 bis zu sengem Doud President vu Guinea-Bissau.

Malam Bacai Sanhá
Gebuer 5. Mee 1947
Gestuerwen 9. Januar 2012
5. Arrondissement
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Guinea-Bissau
Aktivitéit Politiker
Partei Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde

Biographie änneren

De Sanhá huet an der deemoleger DDR Politikwëssenchafte studéiert. Hien ass 1962 Member vun der Afrikanescher Partei fir d'Onofhängegkeet vu Guinea an dem Kap Verde (PAIGC) ginn.[3] Hie war vun 1975 bis 1976 Administrateur vun der Regioun Biombo a vun 1981 bis 1986 Gouverneur vun der Regioun Gabú. 1992 war hie Minister fir Informatioun an Telekommunikatioun a vun 1992 bis 1994 Minister vun der Fonction Publique an Aarbechtsminister, éier hien 1994 President vun der nationaler Volleksversammlung gouf.[4]

Am Juni 1998 ass de Biergerkrich am Land tëscht Deeler vun der Arméi, déi dem Generol Ansumane Mane trei waren, an aneren, déi dem President João Bernardo Vieira trei waren, ausgebrach. De 26. November 1998, wärend der éischter Volleksversammlung zanter dem Ufank vum Konflikt, huet de Sanhá zwar och d'Rebelle kritiséiert, mä hien huet awer méi de President ugegraff. Nodeem de Vieira de 7. Mee 1999 gestierzt gi war, gouf de Sanhá véier Deeg méi spéit vun der Militärjunta, déi vum Mane geleet gouf, als Iwwergangspresident bis zu de Wale méi spéit am Joer designéiert. Déi Designatioun sollt d'Reegele vun der Constitutioun respektéieren. Wärend senger Vereedegung de 14. Mee, huet de Sanhá Fridden an d'Enn vun der politescher Verfollegung versprach.

Den 28. November 1999, am éischten Tour vun de Walen ass de Sanhá Zweete ginn mat 23,37 % vun de Stëmmen. Beim zweeten Tour, de 16. Januar 2000, huet hien nëmmen 28 % vun de Stëmme kritt, géint 72 % vum Éischtplacéierte Kuma Ialá.[5]

Nodeem den Ialá 2003 bei engem Militärcoup gestierzt gouf, hu fir déi, wärend der Iwwergangsperiod organiséiert Walen, dräi Ex-Presidente kandidéiert (Sanhá, Vieira an Ialá). Den éischten Tour huet de Sanhá mat 35,45 % vun de Stëmme gewonnen, am zweeten Tour, de 24. Juli 2005, ass hien awer vum Vieira mat 52,35 % géint 47,65 % vun de Stëmme geschloe ginn. De Sanhá huet refuséiert, dat Resultat z'acceptéieren an huet annoncéiert et um Ieweschte Geriichtshaff ze contestéieren.[6]

Am Juni a Juli 2008 huet de Sanhá wärend dem PAIGC-Kongress probéiert, de Parteipresident Carlos Gomes Junior ofzeléisen. Dee gouf den 1. Juli awer mat 578 géint 355 Votte fir de Sanhá erëmgewielt.

Bei de Presidentschaftswalen 2009 huet de Sanhá souwuel den éischte wéi och den zweeten Tour gewonnen. Hie gouf den 8. September als President vereedegt. De selwechten Dag huet hien annoncéiert, de Mord um Chef vum État-major Batista Tagme Na Waie, an um President Vieira z'ënnersichen, souwéi Kriminalitéit, Drogenhandel a Korruptioun ze bekämpfen.

De Sanhá war zockerkrank an ass un där Krankheet den 9. Januar 2012 zu Paräis gestuerwen. Doropshin huet d'Regierung vu Guinea-Bissau eng siwen Deeg lang Trauerperiod ausgeruff an de Parlamentspresident Raimundo Pereira zu sengem provisoreschen Nofollger erkläert.

Referenzen änneren

  1. www.eueomgbissau.org Portrait op Englesch vun de Presidentschaftskandidaten 2005 Gearchiveerd op 2009-08-03. Gekuckt de(n) 2010-06-10.
  2. National radio: Guinea-Bissau president dies. The Associated Press. 10. Januar 2012.
  3. lesamisdemalambacai.centerblog.net Biographie a Stëchwieder op Franséisch
  4. Offiziellen CV vun der Regierung Gearchiveerd op 2009-09-02. Gekuckt de(n) 2010-06-10.
  5. Walresultater op africanelections.tripod.com
  6. irinnews.org: Vieira officially declared president