Wikipedia:WikiProjet Lokalgeschicht

(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Lokalgeschicht)

Dëst ass d'Projetssäit iwwer Lokalgeschicht, am Kader vum Seminaire Histoire locale: contextualisation, digitalisation et interaction op der Uni Lëtzebuerg.

Am Summersemester 2013 gëtt de Cours vum Michel Pauly a vum Conny Reichling animéiert. De Schwéierpunkt läit op der Erstellung vun engem historeschen Atlas vun der Stad Lëtzebuerg.

Am Summersemester 2012 waren et Recherchen iwwer verschidden Uertschaften am Land; Titulairë waren dunn d'Sonja Kmec a Conny Reichling.

Op dëser Säit kënnen d'Auteure vun den Artikelen, déi am Kader vun deem Cours geschriwwen, respektiv ausgebaut ginn, sech mat hirem Wiki-Benotzernumm androen, an och uginn, wouriwwer se schreiwen. Déi "routinéiert" Wikipedia-Mataarbechter wëssen da Bescheed, a kënnen Iech dann och perséinlech Rotschléi ginn, oder eventuell Froe beäntwerten.

Wann Der un engem Artikel schafft, schreift an d'Commentairefeld (virum Ofspäicheren), ob Der nach wëlles hutt, virun drun ze schaffen, oder ob Der den Artikel als ofgeschloss ugesitt. Dir kënnt och {{EnCours}} (mat den 2 Akkoladen) uewenhinner schreiwen, da kënnt e Warntext op d'Säit stoen, an déi aner Wikipedia-Mataarbechter loossen dann sou laang d'Fangeren dovun, bis datt Der hinne 'gréng Luucht' gitt, ier se eventuell kleng Ännerunge maache ginn. Der kënnt allzäit Froe stellen (op der Diskussiounssäit vum Artikel), an deem Fall kritt Der duer geäntwert.

Méi ënne sinn nëtzlech Linken zu Explikatiounen, wéi d'Wikipedia funktionéiert, Konventiounen zu Formatéierung, Opbau, Stil, asw. Loosst Iech awer net ze vill dovu beandrocken; am Ufank geet et drëms, emol "Contenu" dohin ze kréien, dat mam Formatéiere léiert een no an no dobäi. An ëmmer drun denken: D'Wikipedia ass en oppenen, kollaborative Projet; et ass "normal", datt aner Mataarbechter Artikele méi spéit eventuell ëmänneren oder Saache bäiflécken, ëmmer mam Zil, méiglechst aktuell, korrekt an ausféierlech Artikelen ze kréien.

E grousse Merci fir Är Mataarbecht hei, a vill Succès gewënscht!

Evaluatioun

Eng Evaluatioun vum Projet vun der Conny Reichling ass hei ze fannen.

Auteuren an Artikelen

 
d'Stad Lëtzebuerg 1581

2013

2012

Nei dobäi ?

Wichteg Froen

Fir Lieser

Tutorial fir Lieser  · Menüpunkten um Bord vun der Säit · En Artikel sichen · Artikel no Themen · Artikel no Kategorien · All Säiten · Audio · Video · Vandalismus mellen

Fir Auteuren

Éischt Schrëtt · Sandkaul · Umellen  · E-Mail (de) · Kommentaren ënnerschreiwen  · Glossar

Reegelen

Allgemeng Grondreegelen

Wikipedia intern

Communautéitssäit · D'Wikipedianer · Administrateuren

En Artikel änneren

Wichteg Froen

Auteur ginn

Umellen  · Astellungen (de) · De Suivi (de) · Signatur

Artikel & Text

Änneren · En neien Artikel schreiwen · Artikelversiounen · Nees hierstellen (de) · Formatéieren (de) · Linken · Weiderleeden (de) · Ëmbenennen · Kommentare vun der Aarbecht (de)

Lëschten & Tabellen

Lëschten · Inhaltsverzeechnes · Tabellen · Titelskeletter

Bild & Toun

Biller · Dateien · Kaarten · Wopen · Audio · Video · Billerrechter · Lizenzschabloune fir Biller


Reegelen & Richtlinnen

Grondreegelen

Allgemeng Richtlinnen · Wat Wikipedia net ass · Neutralitéit · Copyright · Wikiquette

Artikelinhalt

Mindestufuederungen · Stilkonventiounen · Artikel illustréieren · Quellen · Literatur · Referenzen an Notten · D'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen ·

Formatéierung

Typographie · Zitater · Formatvirlagen · Titelskeletter

Systematik

Artikelnumm-Konventiounen · Begrëffserklärungen · Lëschten · Kategorien

Linken

Verlinken · Um Spaweck · Assoziativ Linken · Datebanklinken>


Wikipedia & Communautéit

Wichteg Froen

Informatiounen

Press · Glossar · Index · Impressum · Kontakt

Iwwer Wikipedia

Wikimedia an d'Duechterprojeten · Sproochen · Statistik · Ierbessenzielereien

Kommunikatioun

De Staminee

Benotzer

D'Wikipedianer · Administrateuren · Bürokraten · Benotzer >