Den Iesel ass d'Symbolfigur vun Dikrech. Et gouf allerdéngs eng Zäit, wou déi Verbindung als Beleidegung ugesi gouf. An der Tëschenzäit sinn déi Dikricher sech bewosst ginn, datt dat grot Déier zwar e bësse stur ass, awer besonnesch aarbechtswëlleg, bescheiden a gemittlech. Lo gesinn déi Dikrecher déi Verbindung éischter als Éier, un där si festhale wëllen.

Fichier:Dikrech-Ieselsburen.jpg

De lokale Fuesveräin hält eng Ieselsfamill am Agank vun der Sauerstad. Déi trëtt reegelméisseg bei Dikrecher Fester op. Déi zwéin Ieselsburen an der Foussgängerzon si beléift Fotomotiver. Och soss sti vill Manifestatiounen ënner dem Zeeche vum Iesel.

Iwwer den Urspronk vun Dikrech als Ieselstad gëtt et verschidde Versiounen: D'Thes, se kéim dohier, well déi Dikrecher an der Mëtt vum 19. Joerhonnert géint de Projet vun engem Eisebunnszentrum gewiescht wieren, gouf an der Tëschenzäit vu Bréiwer a Berichter aus dem Gemengerot widerluecht. Méi buedemstänneg ass d'Versioun datt d'Iesele beim Wäibau an de géien Häng vum Härebierg agesat goufen. Dofir solle bis um Enn vum 18. Joerhonnert aussergewéinlech vill Ieselen zu Dikrech gewiescht sinn. Schliisslech gëtt et och Berichter iwwer e Pällem-Iesel an der Aler Kirch, op deem eng Christusfigur souz. Pällemsonndeg gouf deen duerch Dikrech gefouert. Déi Praxis gouf no enger Visite vu Kontrolleren aus dem Bistum Tréier verbueden, well si de Spott vun den Nopeschgemenge sou wollte verhënneren, sou heescht et.

Enger méi spekulativer an humoristescher Hypothees[1] no hätt den Iesel wuel eppes mat der Aler Kierch ze doen, an zwar an dem Sënn, datt vläicht scho vum Mëttelalter un och zu Dikrech, wéi am Elsass, an der Bourgogne an a verschiddene Stied an Däitschland, Italien, der Schwäiz asw., eng "fête de l'âne" an a rondrëm d'Al Kierch ofgehale gi wier. Op deene genannte Plazen am Ausland ass dann eng Pressioun vu verkleete "Gecken" an d'Kierch gezunn, un der Spëtzt en Iesel mat Fra a Kand op sengem Réck, d'Mass gouf vun hannen no vir gelies, de klenge Klerus huet Bëschof gespillt. Leider sinn nach keng direkt Beweiser fir déi Hypothees fonnt ginn, awer et wier derwäert fir der Saach op de Fong ze goen.[2],[3]

De Jos Hess an déi Dikrecher Ieselen änneren

De Jos Hess huet sech am Joer 1970 an enger Radioscauserie mat den Dikrecher Iesele beschäftegt:[4] Am Joer 1782 hat Dikrech 122 Ieselen, déi de klenge Leit d'Päerd ersat hunn, an déi besser wéi Päerd op den Häng fir op den Härebierg oder d'Haart erop agesat konnte ginn.

Sou Situatioune gouf et awer absënns och op der Musel. Op d'Fro, fir wat de Spott vun den Iesele grad un Dikrech hänke bliwwen ass, huet den Hess als Äntwert ginn:

Dat seet ons de Professer Emile Donckel aus dem Seminär, am Livre du Centenaire op Säit 76. Et war eng Kiirchevisitatioun gewiescht, a vun Tréier aus gouwen Häre geschéckt fir d'Parwiesen an der Rei ze halen. 1724 hunn d'Visitatoren dem Dikrecher Paschtouer déi Bemierkong gemaach, et wier bal Zäit, datt en den hëlzen Iesel op d'Säit géif schafen, op deem eng Statu vum Christus souz, déi op Pällemsonndeg an enger feierlecher Pressioun, op de véier Rieder, ronderëm d'Laurentiuskiirch geféiert gouf, als Illustratioun fir déi kierchlech Feier. Dat Gespëttels mat dem Pällemiesel misst ophéieren, hunn déi Häre gemengt. Sou Pällemiesele stinn haut an de Museën, zu Berlin, zu Stroossbuerg, a Bayern an an Éisträich.

Mir sinn haut aus där Zäit eraus, wou Auswäerteg mat dem Iesel déi Dikrecher gëextert hun“, huet den Hess zum Schluss gemengt. “De Witz as no an no ze bëlleg ginn, an déi Dikrecher haten och stéits eng Äntwert parat fir de Spëtter. – Wéi vill Iesele sinn dann nun awer zu Dikrech? Mat dir sinn et just 100. - Déi Dikrecher waren ni verleë fir sou engem Spottvull eng drop ze ginn.”

D'Wort vun 1853 änneren

Als Ofschloss vun engem polemeschen Artikel réit d'Wort am Joer 1853 dem Redakter vum Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, deem et eng Ongereimtheet mengt nogewisen ze hunn: [der gute Courrier] mag nun auf seinem Esel nach Diekirch reiten, um dort mit seiner Narrenkappe noch einmal sich zu producieren.[5]

Poleemik ëm den Iesel um Kierchtuerm änneren

 
Den Iesel um Kierchtuerm (August 2013).

2013 goufe Renovatiounsaarbechten um Tuerm vun der Kierch gemaach an dobäi gouf am Mee de Kierchhinnchen erofgeholl an duerch een Iesel ersat.[6],[7]

Am August 2013 huet de Kulturministère der Gemeng matgedeelt, datt den Iesel muss erofgeholl ginn, dat well bei Renovéierungsaarbechten näischt un engem klasséierte Gebai däerf verännert ginn, datt also och den Hinnchen um Tuerm muss erhale bleiwen.[8],[9]

Literatur änneren

  • Breuskin, E., 2009. Di Dikricher Eselen & d'Eisebunn: der Versuch einer Ehrenrettung. [Diekirch]: Les amis du vieux Diekirch, Leudelange, Reka, 63 S. (Repères: collection d'histoire locale ; 3).
  • Kneip, N., 2005. Diekirch - deine Esel! Eine (nicht ganz ernste) kulturhistorische und volkspsychologische Betrachtung. Luxemburger Wort / Die Warte Nr. 5/2103, S.1 (3.2.2005)

Referenzen änneren

  1. Kneip 2005.
  2. "Diekirch Stadt der Esel". Lëtzebuerger Journal. June 5, 2010.
  3. Kuckt och: L'âne, la mascotte de la ville. Gearchiveerd op 2013-03-29. Gekuckt de(n) 2012-03-19.
  4. Hess, J., 1983. Bei eis doheem. Bd. 1: Vu Stied an Dierfer. RTL Edition, Luxembourg, S. 126s.
  5. Luxemburger Wort 1853, Nr. (15 Juli), S. 3
  6. Esel statt Gockel op wort.lu de 17. Mee 2013
  7. NiM, 2013. Wenn aus einem Hahn ein Esel wird... Luxemburger Wort vum 18. Mee 2013, S. 42.
  8. (NiM), 2013. Diekirch: Der Esel muß weg. Brief des Kulturministeriums an die Gemeideverwaltung. Luxemburger Wort vum 6. August 2013, S. 17.
  9. Lamberty, J., 2013. Nach Debatte um Wetteresel an der Turmspitze der "al Kierch" in Diekirch. Humor, Historie, Hysterie... Kulturministerin Oktavie Modert warnt vor Polemik und mahnt zu Respekt vor Denkmalschutz. Luxemburger Wort vum 9. August 2013, S. 17.