Buerg Falkesteen

Däitsch Buerg
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Buerg Falkesteen ass eng héichmëttelalterlech Buergruin am Ourdall géintiwwer vu Biwels an eng 800 Meter südlech vun der däitscher Uertschaft Waldhaff-Falkesteen am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland).

Bild 1. D'Buerg Falkesteen.
Bild 2. Falkesteen op der Ferrariskaart, 1777.

Geographie änneren

D'Buerg läit op enger géier Fielsnues iwwer dem Ourdall am Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark (Naturschutzgebitt „Ourschleife-Falkenstein“). Vun der Uertschaft Waldhaff-Falkesteen aus ass d'Buerg iwwer e Feldwee z'erreechen, deen zum Deel aus dem Fiels gehae gouf. Vu Bauler aus féiert e Wanderpad (Nr. 37) bis bei d'Buerg, vun der Foussgängerbréck zu Biwels aus féiert e Bëschwee, deen zum Deel als Huelwee ausgebild ass, géi op d'Buerg erop.

De Victor Hugo gëtt follgend Beschreiwung vun der Kuliss ronderëm d'Ourschläif:[1]

« Nous sommes allés par le haut plateau au-dessus de Vianden, route de Clairvaux, puis à travers champs à pied, voir une magnifique vallée de l'Our. Un cirque de hautes collines entourant comme un amphithéâtre une sorte de mont figurant un proscenium ou une estrade.[2] Un peu en arrière de ce mont, la croupe escarpée qui porte la ruine de Falkenstein. Au fond, en bas, la rivière tordue comme une couleuvre. »

Beschreiwung vun der Anlag änneren

Vun der Buerganlag si just nach follgend Elementer iwwereg: d'Buergpaart, Deeler vun der Schëldmauer, eng Wand vum Palas, Deeler vun engem Zwénger, e Wiertuerm, verwëlleft Gäng, déi romanesch Kapell a Mauerreschter vu Ställ.

Geschicht änneren

Et gëtt ugeholl, datt d'Buerg am 11. Joerhonnert opgeriicht gouf. D'Haaptbuerg an déi romanesch Buergkapell sinn aus dem 12. bis 14. Jh.

1236 koum s'an de Besëtz vun de Lëtzebuerger Grofen.

Vum Haus Mellier goung se un d'Haus Branebuerg, well de Jakemin vu Mellier, Här vu Falkesteen, senger Fra Hedwig vu Keel Falkesteen 1297? bei der Hochzäit verschriwwen hat, soudatt si d'Herrschaft no sengem Doud behalen huet an hiren zweete Mann, de Jang vu Branebuerg, d'Herrschaft vun 1315/1316 u verwalt huet a sech doduerch Här vu Falkesteen nenne konnt.

Am 16. Jh. gouf se vum Grof vu Manderscheid ausgebaut. 1679 gouf d'Buerg zerstéiert an duerno nees opgeriicht.

1685 huet sech deen éischten de la Gardelle, dee vun Toulouse koum, am Herzogtum Lëtzebuerg néiergelooss, wou en eng Fra aus dem Haus Iewerleng bestuet huet, déi Falkesteen du geierft huet.

Nom Wiener Kongress 1815 ass d'Buerg u Preisen iwwergaangen. 1882 ass déi lescht Bewunnerin aus der franséisch-lëtzebuergescher Famill, d'Anna-Maria de la Gardelle, gestuerwen.[3]

1895 gouf d'Buerg verkaf an d'Wunnhaus gouf ausgebaut.

D'Buerg ass bis haut a Privatbesëtz a bewunnt.

Chronologie vun den Herrscherhaiser änneren

  • 1225-1236: Ermesinde
  • 1236-1317: Haus Mellier
  • 1325-1351: Haus Branebuerg
  • 1351-1360: Haus Blankenheim
  • 1361-1477: Haus Vinstingen / Schoenecken
  • 1478-1539: Haus Haraucourt
  • 1539-1610: Haus Manderscheid / Blankenheim
  • 1625-1688: Haus Everlingen
  • 1688-1799: Haus de la Gardelle

Chronologie vun de biergerleche Besëtzer änneren

  • 1799-1895: Nokomme vun der Famill de la Gardelle
  • 1895-1919: Ernst Schmitz-Hübsch, Veianen
  • 1919-1953: Christian Stöck, Tréier
  • 1954-1987: Hermann Schippers, Düsseldorf
  • 1987-haut: Déi zwou Duechtere vun der Famill Schippers, Charlotte Sartor an Edda Norkauer.

Falkesteen an der Literatur änneren

Aus der Fieder vum Victor Hugo staamt d'Gedicht Falkenfels aus sengem 1872 erschéngene Wierk « L'Année terrible »:[4]

« Falkenfels, qu'on distingue au loin dans la bruine,
Est le burg démoli d'un vieux comte en ruine. »

Volleksseechen änneren

Vun a ronderëm d'Buerg a seng Häre gëtt et eng Rei Seeërcher:[5]

  • Heinrich von Falkenstein und die Magier
  • Der Teufelsweg auf Falkenstein
  • Der Weg zum Falkenstein
  • Der Schlossbrunnen zu Falkenstein
  • Der nächtliche Jäger
  • Vom Falkenstein
  • Falkenstein (2 x)
  • Neuerburg
  • Euphrosine
  • Euphrosine de Falkenstein
  • Die weisse Frau bei Vianden
  • Das Schlossgespenst von Falkenstein
  • Die zwei verwünschten Spieler
  • Der Graf von Falkenstein

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg: P. Worré-Mertens. [27 S.]
  • Joly, Victor, 1854. Les Ardennes. Ill. de trente planches à l'eau-forte, gravures sur bois, lithographies, etc., par Martinus A. Kuytenbrouwer. Bruxelles: J. Vanbuggenhoudt. 2 vol. (268 p., 30 pl.h.t.; 284 p.)
  • Meier, Paul-Maria, 1994. Burg Falkenstein an der Our. 222 S. Éd. Borschette, Christnach.
  • Milmeister, Jean, 1996. Victor Hugo berichtet über die letzten Burgherren von Falkenstein. Ous der Veiner Geschicht Nr. 14: 43-56. Vianden.
  • Milmeister, Jean, 2001. Die Herrschaft Falkenstein. Ous der Veiner Geschicht Nr. 19: 7-28. Vianden.
  • Norkauer, Sebastian, 1987. Geschichte der Burg Falkenstein an der Our. Eigenverlag, 14 S.
  • Wackenroder, Ernst, 1927. Die Kunstdenkmäler des Kreises Bitburg. Düsseldorf, Schwann, 27 cm. 10, 315, (1) S. mit 12 Tafeln, 227 Abbildungen und 1 Karte. [Falkesteen S. 94 ff.]
  • Wilhelm, Frank, 2003. Maison de Victor Hugo à Vianden: Musée littéraire. 63 p. Les Amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. Imprimerie centrale, Luxembourg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Notiz vum Victor Hugo a senge Carneten iwwer eng Exkursioun den 2. August 1871, organiséiert vum deemolege Buergermeeschter vu Veianen, Adolphe Pauly. Quell: Wilhelm 2003: 9 an der Literatur.
  2. Gemengt ass hei de Biwelsser Flouer.
  3. Nokomme vun der veraarmter Famill de la Gardelle hunn deels an engem Haischen um Fouss vun der Buerg (Biwelser-Waas genannt), deels nach bis an den 1970er Joren zu Biwels gewunnt.
  4. Cf. den integralen Text vum Gedicht Falkenfels op wikisource
  5. Quell: Meier 1994 an der Literatur.