D'Konscht ass eng mënschlech Aktivitéit oder d'Produkt dovun, déi Kreativitéit viraussetzt, a sech un d'Sënner, Emotiounen, Intuitiounen an den Intellekt riicht, ouni awer duerch eng eendeiteg Funktioun festgeluecht ze sinn. Konscht ass e mënschlecht Kulturprodukt. Konscht ass dat wat vun enger Grupp Leit dofir gehale gëtt, eng universell acceptéiert Definitioun dervu gëtt et net.

Molerei als eng Konscht

Konschtbegrëff duerch d'Geschicht änneren

Bis an d'18. Joerhonnert gehéiert d'Konscht an de Beräich vun de mënschlechen Dichtegkeeten (artes), an et gëtt meeschtens dovu geschwat wéi haut vu Beruffer, déi eng Fachausbildung viraussetzen. D'Handwierk gëllt als eege Konscht (déi mechanesch Konscht) grad sou wéi d'Fächer vum (philosophesche) Grondstudium (d'artes liberales, déi fräi Kënschten, déi an den dräi grousse Fakultéiten Theologie, Jurisprudenz a Medezin virausgesat ginn). Bicher iwwer déi eenzel Kënschten handele virum 19. Joerhonnert meeschtens doriwwer, wéi een an dëser oder där Konscht et zum Expert bréngt. Meeschterleeschtunge vum Ingenieurswiese ginn a Bicher iwwer d'Biergbau-Konscht oder d'Waasserbau-Konscht (Schleisebau) traitéiert.

An der zweeter Hallschent vum 18. an am 19. Joerhonnert gëtt d'Konschtdiskussioun hiert aalt Theemefeld op a fänkt un, d'Qualitéite vu Biller, Skulpturen an Architektur, grad wéi vu Literatur a Musek als kënschtleresch am eigentleche Sënn vum Wuert ze diskutéieren. All déi nei Theeme gi verbonnen duerch d'Diskussioun vun der Esthetik (als Diskussioun vun de Qualitéite vun alle Konschtwierker).

Dës Entwécklung spréngt op dee selwechten Zuch op, mat deem deemools och d'Literaturdiskussioun – bis dohin d'Diskussioun vu wëssenschaftleche Wierker – hiert Rezensiounswiesen ëmgestalt, fir Romaner, Dramen a Gedichter zu Literatur am neie Wuertsënn ze maachen. Wéinst dem Bestriewen, sou e grousst Publikum wéi nëmme méiglech unzeschwätzen, gëtt d'Debattefeld op Biller a Skulpture verengt, also op Géigestänn, déi méi breet a méi fräi diskutéiert kënne ginn — eng Entwécklung, déi de Journalsmoart vum 18. Joerhonnert virausgesat huet, e breet Rezensiounswiesen, an déi duerch d'Fërderung vun de Nationalstate vum 19. Joerhonnert hiren Duerchbroch fonnt huet, déi hei nei säkulär Bildungsgéigestänn gewonnen hunn.

D'Debatt ëm de Konschtbegrëff als Ausdrock vun der Fro Wat ass Konscht? huet sech an der Konschtgeschicht an an deene veschiddene Kulturen ëmmer erëm geännert. D'Artes goufen an der Neizäit (méi allgemeng) als mënschlech Fäegkeeten ugesinn.

Modern Definitioun änneren

Vum 18. bis an d'19. Joerhonnert huet d'Konschtdebatt hiert Theema gewiesselt, d'Feld vun der Esthetik huet sech erweidert, z. B. och op dat Ellent, an den handwierklechen Aspekt ass ëmmer méi an den Hannergrond geroden.

De ganz wäit gefaasste Konschtbegrëff vun haut begräift eng Abberzuel vu mënschlechen Ausdrocks- an Handlungsméiglechkeete mat an. Am méi enke Sënn sinn et déi Elementer vun der mënschlecher Kultur, déi net primär duerch hir Zweckméissegkeet, mä duerch hir Esthetik e Wäert fir d'Mënschen hunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Konscht – Biller, Videoen oder Audiodateien