Den Hockelstuerm ass e Wuechttuerm op der Hockelslay zu Veianen, engem Fielsvirspronk ënner der Buerg, vun deem aus een den Ourdall gutt iwwerbléckt. Et war en Deel vun der fréierer Stadbefestegung vu Veianen.

Den Hockelstuerm.

Den Hockelstuerm gouf 1603 vum deemolege Buergermeeschter baue gelooss.[1] Warscheinlech war et en Ersatz fir méi en ale Bau.

Den Tuerm mat quadrateschem Grondrëss huet véier Stäck an ass bannendran zimmlech onverännert. Vum verwëllefte Rez-de-chaussée aus kënnt een iwwer eng stengen Trap op den éischte Stack deen als Openthaltsraum fir d'Wuechtpersonal geduecht war a mat engem oppene Kamäin gehëtzt konnt ginn. D'Wuechtstuff huet sechs Schéissschaarten, déi zwéi Stäck uewendriwwer hunn der aacht. Op déi iewescht Stäck kënnt een iwwer eng hëlzen Trap. Op sengem ieweschte Stack hänken haut d'Klacke vun der Parkierch vu Veianen déi selwer kee richtege Klackentuerm huet.

Bei den Tuerm kënnt een duerch d'Montée du Beffroi, engem schmuele Wee dee vun der Groussgaass tëscht den Haiser 106 an 108 aus eropféiert.

Den Tuerm steet zanter dem 24. Mäerz 1938 op der Lëscht vun de klasséierte nationale Monumenter.[2]

Literatur änneren

  • Bassing, Pierre, 1986. À propos Schlossburg und Hockelsturm. Ous der Veiner Geschicht 4: 56-62. Veiner Geschichtsfrënn, Vianden.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hockelstuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell: Plack am südwestlechen Eck vun der Fassad
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).