Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden

Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden ass eng ASBL déi zu Veianen de Victor-Hugo-Literaturmusée bedreift.

Partikularitéit: Well d'Gebai vum Musée der Stad Veiane gehéiert huet de Buergermeeschter d'office e Sëtz am Verwaltungsrot.

Geschicht änneren

  • De Veräi geet op eng De-facto-Associatioun[1] zeréck déi sech am Joer 1934 ënner dem Numm "Comité Victor-Hugo" gebilt hat mat Sëtz am Biergercasino[2]. President vun dësem Comité war de Marcel Noppeney.
  • Den 30. September 1937 gouf bei enger Versammlung vun der SELF[3] de Victor-Hugo-Comité opgeléist an duerch e Veräin ersat, dee sech "Les Amis de la maison de Victor Hugo Vianden" genannt huet. Presidentin gouf d'Anne Beffort.
  • D'Statute vum Veräi sinn den 22. Juni 1956 am Mémorial[4] publizéiert ginn.
  • Den 3. Dezember 2001 koum et zu deene rezentsten Ännerunge vun de Statuten[5].

Presidenten änneren

Literatur änneren

  • Frieden, Madeleine, 1968. Anne Beffort et la Société des Amis de Victor Hugo. Les Pages de la S.E.L.F. XIV: p. 23-26. Luxembourg.
  • Kieffer, Rosemarie, 1977. La Société des Amis de la Maison Victor Hugo à Vianden. pp. 5–14 in: Victor Hugo au Luxembourg. 39 p. Société des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. Bourg-Bourger, Luxembourg-Bertrange.
  • Wilhelm, Frank[6], 2003. Maison de Victor Hugo à Vianden: Musée littéraire. 63 p. Les Amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. [Guide deen et an dräi Sproochversioune gëtt: Franséisch, Däitsch, Hollännesch]

Referenzen an Notten änneren

  1. Eng De-facto-Associatioun, fr.: Association de fait, ass e Veräin, deen net offiziell ageschriwwen ass, mä de facto existéiert. Cf. weider Detailer um Portail du bénévolat
  2. Cf. Anonym, 1935. Appel au public pour l'aménagement d'un Musée V. Hugo à Vianden. Luxemburger Wort Nr. 173 und 174, S. 9. 22. Juni 1935.
  3. D'SELF, Société des écrivains luxembourgeois de langue française, gouf och vum Marcel Noppeney presidéiert
  4. Cf. Mémorial n° 82 vum 27. Dezember 1956.
  5. Cf. Modifications des statuts am Mémorial n°652: 31260 vum 26.4.2002
  6. De Frank Wilhelm ass zanter 1996 Vizepresident vum Veräin.

Um Spaweck änneren