Victor-Hugo-Pad
sentier pédestre national Victor-Hugo
De Victor-Hugo-Pad, offiziell Sentier pédestre national Victor-Hugo, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg. En ass nom bekannte franséische Schrëftsteller Victor Hugo genannt deen, wann e Veianen verlooss huet, mat der Päerdskutsch op Ettelbréck gefuer ass, fir vun do aus mam Zuch virunzefueren.
Dem Rodin säi Victor Hugo | |
Iwwersiicht vum Pad | |
vu(n) | Veianen |
---|---|
op | Ettelbréck |
Längt | 26,54 km |
déifste Punkt | Ettelbréck, Ierpeldeng |
héchste Punkt | Fréngerhaff |
Land | Lëtzebuerg |
féiert duerch |
Veianen, Tandel, Buerschent, Ierpeldeng op der Sauer, Dikrech, Ettelbréck |
Streck
ännerenDe Pad ass 26,54 km laang a féiert vu Veianen op Ettelbréck. Déi déifst Punkten (198 m) sinn zu Ettelbréck an Ierpeldeng an den héchsten (452 m) ass zu Laaschent (Fréngerhaff)[1].
E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Veianen, Furen, Waalsdref, Branebuerg, Closdellt, Fridhaff, Ierpeldeng, Waarken, Ettelbréck. Informatiounspanneaue gëtt et zu Veianen, Branebuerg, Ierpeldeng an Ettelbréck.
Bemierkungen
ännerenBiller
änneren-
Veianen
-
Waalsdref
-
Branebuerg
-
Ierpeldeng
-
Ettelbréck
Um Spaweck
ännerenCommons: Victor-Hugo-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien |