Trophées francophones du cinéma

D'Trophées francophones du cinéma sinn e Filmpräis, deen eemol am Joer an engem Land vun der Francophonie verdeelt gëtt.

Reglement änneren

D'Trophées francophones du cinéma hunn zum Zil eng "Mise en Valeur vun der Kinosproduktioun vun de Länner aus der Francophonie" an dat "wärend enger Manifestatioun, déi all Joer ass an déi duerch eng Präiszeremonie ofgeschloss gëtt, bei där déi remarkabelst Cineasten, Schauspiller/innen, Techniker/innen a Filmer vum viregte Joer ausgezeechent ginn".[1]

Si gi vun der Association des Trophées Francophones du Cinéma (ATFCiné) organiséiert, déi hire Sëtz zu Namouer an der Belsch huet. De Guy Daleiden vertrëtt Lëtzebuerg an där Organisatioun a senger Funktioun als Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong.

Am ganze gi Präisser an néng Kategorie verdeelt, fir de beschte Spillfilm, de beschten Documentaire, de beschte Kuerzfilm, dat bescht Dréibuch, déi bescht Regie a fir Schauspilleresch Leeschtungen an enger Haapt- an an enger Nieweroll, jeeweils fir Fraen a fir Männer. An all Kategorie ginn et fënnef Nominéierungen.

D'Memberlänner vun der Organisation internationale de la Francophonie (OIF) reeche Filmer an. All Land ka maximal fënnef Longmetragen areechen (dovu maximal zwéin Documentairen), a maximal dräi Kuerzfilmer. Fir d'éischt wielt e Comité d'Kandidaten aus, duerno wielt eng Jury aus de Kandidaten déi nominéiert Filmer, an bei engem zweeten Touer leet eng aner Jury aus den Nominéierten d'Gewënner fest.

Fir eligibel ze sinn, muss e Film ënner anerem an engem Kino oder op engem Filmfestival gelaf sinn, mindestens d'Hallschent vun den Dialoger muss op Franséisch oder an enger anerer offizieller Sprooch vun de Memberlänner vun der OIF sinn, an de Film muss vun enger Produktiounsgesellschaft produzéiert sinn, déi an engem vun de Memberlänner vun der Francophonie baséiert ass.

D'Präiszeremonie gëtt vum Fernseesender TV5 Monde iwwerdroen.

Editiounen änneren

Lëtzebuerger Bäiträg änneren

2013 huet Lëtzebuerg follgend Filmer agereecht: En Dag am Fräien an der Kategorie "Kuerzfilm; an Doudege Wénkel, Terra mia terra nostra an The Road Uphill an der Kategorie "Long-métrage".[2] De Christophe Wagner an de Frédéric Zeimet goufe fir Doudege Wénkel an der Kategorie "Bescht Dréibuch" nominéiert.[3]

D'Joer drop huet Lëtzebuerg ee Kuerzfilm (22:22) an dräi Documentairen (Cello Tales, Naked Opera an Never Die Young) agereecht.[4] Dovu gouf de Pol Cruchten fir Never Die Young an der Kategorie "Bescht Regie" nominéiert. Donieft waren awer och d'Lëtzebuerger Koproduktiounen Ernest et Célestine an Tango libre, déi vun der Belsch agereecht goufen, nominéiert.[5] Si waren an e puer Kategorien nominéiert, an Tango Libre krut de Präis fir dat bescht Dréibuch.[6]

D'Lëtzebuerger Bäiträg waren 2015 Morgue (Kategorie "Kuerzfilm"), Black Harvest (Kategorie "Documentaire"), a Mammejong a Baby(a)lone (Kategorie "Long-métrage").[7] Nominéiert goufen den Tullio Forgiarini, den Donato Rotunno an den Nicolas Steil fir Baby(a)lone an der Kategorie "Bescht Dréibuch".[8][9]

Alle véier Lëtzebuerger Bäiträg fir déi véiert Editioun 2016 zu Beirut waren a mindestens enger Kategorie nominéiert. Voices from Chernobyl war an der Kategorie "Trophée Francophone du long métrage documentaire" nominéiert a Quenottes an der Kategorie "Beschte Kuerzfilm". De Christophe Wagner krut fir Eng nei Zäit de Präis vum beschte Regisseur. Donieft war och de Luc Schiltz fir de selwechte Film als beschte Schauspiller an enger Haaptroll nominéiert. De véierte Lëtzebuerger Bäitrag, d'belsch-lëtzebuergesch Koproduktioun Le Tout Nouveau Testament war direkt véier Mol nominéiert: de Film selwer an der Kategorie "Beschte Spillfilm", de Jaco van Dormael an den Thomas Gunzig fir d'Dréibuch, d'Yolande Morau als bescht Schauspillerin an enger Nieweroll an de Benoît Poelvoorde als beschte Schauspiller an enger Haaptroll. De Benoît Poelvoorde huet dee Präis dunn och gewonnen.[10][11]

2017 war Eldorado war an der Kategorie "Beschte Laangfilm-Documentaire" nominéiert,[12] an de Pasha Rafiy gouf fir Foreign Affairs an der Kategorie "Beschte Regisseur" nominéiert.[12][13]

Mat Gutland war 2018 just ee Lëtzebuerger Bäitrag nominéiert, an der Kategorie "Bescht Dréibuch" (vum Govinda Van Maele).[14]

Fir déi siwent Editioun 2021 souz de Lëtzebuergeschen Touningenieur Carlo Thoss fir Lëtzebuerg an der Jury.[15] De lëtzebuergesche Bäitrag Zero Impunity gouf an der Kategorie "Long métrage documentaire" nominéiert.[15][16] Donieft goufen och nach follgend Filmer a Koproduktiounen agereecht: den Animatiounsfilm Croc blanc, d'Spillfilmer Les épouvantails, Sawah, a Superjhemp retörns, an d'Kuerzfilmer Portraitiste, Schwaarze Mann an Traces. Si hunn zu den 132 Filmer gezielt, déi am Ganze vu 24 Länner agereecht goufen.

Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. Zitat aus dem Reglement 2021
  2. ungrandmoment.be : Les films en lice aux Trophées Francophones du Cinéma sont connus vum Nicolas Gilson (23. Mäerz 2013)
  3. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2013
  4. 5minutes.rtl.lu: 4 films luxembourgeois sélectionnés (22. Mee 2014)
  5. imagesfrancophones.org: Trophées Francophones du Cinéma 2014 : les 45 films sélectionnés
  6. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2014
  7. paperjam.lu: Quatre films luxembourgeois pour la francophonie (23. Juli 2015)
  8. Presentatioun vum Film op der Websäit vum Filmfong
  9. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2015
  10. gouvernement.lu: Le Luxembourg, grand vainqueur de la 4e cérémonie des Trophées francophones du cinéma à Beyrouth avec 3 prix (3. Dezember 2016)
  11. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2016
  12. 12,0 12,1 paperjam.lu: «Foreign Affairs» et «Eldorado» aux Trophées francophones (29. November 2017)
  13. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2017
  14. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2018
  15. 15,0 15,1 wakatsera.com: Lancement de la 7ème édition des Trophées Francophones du Cinéma vum Daouda Zongo (23. September 2021)
  16. trophees-francophones.org: 7ème Édition des Trophées francophones du cinéma: Les 132 Films proposés (net datéiert; gekuckt den 20. Dezember 2021)