D'Francophonie bezeechent engersäits deen Ensembel vu Leit, déi Franséisch entweeder als Mammesprooch, als Alldagssprooch, als Verwaltungssprooch, als Sprooch am Enseignement oder als gewielte Sprooch schwätzen. Anerersäits, op politeschem Plang, versteet een ënner Francophonie déi Gemeinschaft vu franséischsproochege Länner oder munnechmol deen Ensembel vu Länner oder Regiounen déi der Organisation internationale de la Francophonie ugehéieren.

De Fändel vun der Francophonie.
D'Francophonie uechter d'Welt.

D'Francophonie bedeit de Fait datt ee Franséisch schwätzt. An dëser Bedeitung ass d'Francophonie e Bestanddeel vun der Aussepolitik vu Frankräich a munnech aner Länner aus dem francophone Sproochraum.

Den 20. Mäerz ass all Joer d'Journée internationale de la Francophonie.

D'Francophonie zu Lëtzebuerg änneren

 
D'Véronique Fauconnet, de Frank Wilhelm an de Claude Frisoni bei engem Literaturowend um internationalen Dag vun der Francophonie an der Abtei Neimënster.

E wichtege Vertrieder vun der Francophonie zu Lëtzebuerg ass den Universitéitsprofesser Frank Wilhelm, dee lëtzebuergesche Korrespondent ass vun der Revue d'histoire littéraire de la France, der Francophonie vivante, L'Année francophone internationale, an de Cahiers francophones d'Europe centre-orientale. Donieft ass de Frank Wilhelm zanter 1996 Vizepresident vum Veräin Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a.s.b.l..

Zum internationalen Dag vun der Francophonie organiséiert de Frank Wilhelm all Joer op den 20. Mäerz e Literaturowend ënner dem Titel "Littératures francophones - Diversité et convergences", deen zanter senger Ëffnung am Joer 2004 am Kulturzenter vun der Abtei Neimënster ofgehale gëtt. D'Texter gi vu professionelle Schauspiller gelies.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren