Jaco Van Dormael

(Virugeleet vu(n) Jaco van Dormael)

De Jaco Van Dormael, gebuer den 9. Februar 1957 zu Ixelles, ass e belsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.

Jaco Van Dormael
Gebuer 9. Februar 1957
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Educatioun École Louis-Lumière
Aktivitéit Filmregisseur, Kameramann, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Bünekënschtler, Filmproduzent

Hien huet um Institut national supérieur des arts du spectacle zu Bréissel Film studéiert an do och säin éischte Kuerzfilm Maedeli la brèche (1981) gedréint, fir deen hien en Honorary Foreign Film Award bei den Student Academy Awards gewonnen huet. Toto le héros (1991), säin éischte Laangspillfilm, war direkt e Succès an huet d'Caméra d'Or um Festival vu Cannes gewonnen.

Fënnef Joer méi spéit war de Van Dormael erëm zu Cannes mam Film Le huitieme jour (1996) vertrueden, fir deen déi zwéin Haaptschauspiller, den Daniel Auteuil an de Pascal Duquenne, zesummen als bescht Schauspiller ausgezeechent goufen. Och säin drëtte Kinofilm Mr. Nobody (2009), ass gutt bei der Kritik ukomm an huet eng Rei Präisser gewonnen.

2015 koum Le Tout Nouveau Testament eraus.

Spillfilmer als Regisseur änneren

Kuerzfilmer an aner Wierker als Regisseur änneren

  • 2004 huet e bei enger Reklamm am Optrag vun der Commission de promotion des vins & crémants luxembourgeois mam Gérard Depardieu Regie gefouert.[1] Si gouf vun de Kreative bei Binsfeld Communication ausgeduecht a vun der d'Bréisseler Produktiounsfirma Mamatango Film Factory realiseiert. An der Reklamm, déi am Kino an op der Tëlee gelaf ass, seet den Depardieu de lëtzebuergesch Saz: "Wat huet deen eng Nues, wat huet deen eng Blumm."
  • 2006 huet hien de Clip zum Lidd La ceinture vun der franséischer Sängerin Élodie Frégé gedréint.[2]

Filmer als Schauspiller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jaco Van Dormael – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. ivv.public.lu: XI. La viticulture luxembourgeoise (gekuckt den 9. Januar 2014)
  2. virginmega.fr: Clip vun La Ceinture (gekuckt den 9. Januar 2014)