En Dag am Fräien
En Dag am Fräien ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Govinda van Maele. E gouf fir d'éischt 2012 um Festival Discovery Zone gewisen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2012 |
Première | 2012 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Govinda van Maele |
Dréibuch | Govinda van Maele |
Produzent | Lucil Film, Red Lion |
Schauspiller | |
Christophe Kintzinger Caroline Luzzu | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Christophe huet d'Carole béis vernannt. Hie wëll vun engem Dag am Fräie profitéieren, fir d'Saach nees gutt ze maachen...[1]
Soss
ännerenDe Film krut 2012 de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm. E gouf de 26. September 2014 op arte gewisen.