De Bright Star Catalogue (och Yale Catalog of Bright Stars) ass den Nofollger vum Harvard Revised Photometry Catalogue, deen 1908 vum Edward Charles Pickering publizéiert gouf. De Bright Star Catalogue huet all Stäre registréiert, déi méi hell si wéi 6,5 mag. Déi éischt Editioun ass am Joer 1930 erauskomm. Als lescht gedréckte Versioun ass 1982 déi 4. Oplo erauskomm. Déi 5. Oplo ass zanter 1991 nëmmen online respektiv als elektronesch Versioun ze kréien.

Am Katalog sinn 9.110 Objete registréiert, vun deenen an der Tëschenzäit 14 als Novaen oder extragalaktesch Objeten identifizéiert goufen - déi Objete sinn awer och haut nach am Katalog dran, fir déi fortlafend Nummeréierung z'erhalen. 1983 koum en Zousaz, mat 2.603 weider Stäre bis zu enger Magnitude vu 7,1. Nieft der Bayer-Bezeechnung an der Flamsteed-Bezeechnung sinn d'Eegebeweegung, Magnitude, Parallax a weider Kommentaren zu de Stären uginn.

Als Verwäis op de Bright Star Katalog gëtt d'Ofkierzung HR (fir Harvard Revised) gebraucht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren