Sonnemass
D'Sonnemass, kuerz mat M☉ bezeechent, ass eng astronomesch Moosseenheet, déi iwwer d'Mass vun eiser Sonn definéiert gëtt. Si ass 1,989·1030 kg, entspriechend 332.946 Äerdmassen.
Dës Enheet gëtt gebraucht, fir d'Mass vu kosmeschen Objeten unzeginn, déi méi grouss wéi Planéite sinn. Dorënner fale Stären, Galaxien, Galaxiëkéip, schwaarz Lächer oder d'Universum selwer.
Sonnemass an aner Eenheeten
ännerenEng Sonnemass ass gläich:
- 27.068.510 Moundmassen M☽
- 332.946 Äerdmassen M🜨
- 1.047,56 Jupitermassen MJ
Et ass och an der allgemenger Relativitéitstheorie geleefeg, d'Mass a Längteneenheeten unzeginn.