Portraits d'artistes
Portraits d'artistes ass eng Serie vun Dokumentarfilmer iwwer Konschtschafend, déi mat Lëtzebuerg verbonne sinn.
D'Filmer goufen tëscht 1997 an 2003 vu Samsa Film an Zesummenaarbecht mat der Association professionnelle des galeries d'art du grand-duché de Luxembourg produzéiert.
Am Ganze goufe véier mol sechs Portraite realiséiert, an de Joren 1997, 1998, 1999 an 2003:[1][2]
Kënschtler | Regisseur/in | Joer |
---|---|---|
Sally Arnold | Katja Brauer | 2003 |
Roger Bertemes | Tom Alesch | 1998 |
Jeannot Bewing | Christine Rabette | 1998 |
Jean-Marie Biwer | Andy Bausch | 1999 |
Simone Decker | Josée Hansen | 2003 |
Adolphe Deville | Thierry Tormena | 1999 |
Pina Delvaux | Luis Galvão Teles | 1997 |
Liliane Heidelberger | Geneviève Mersch | 1998 |
The'd Johanns | Christophe Wagner | 2003 |
Marie-Josée Kerschen | Christian Kmiotek | 1997 |
Soheila Knaff-Sanie | Cyrus Neshvad | 2003 |
Jean-Luc Koenig | Anne Schroeder | 1999 |
Charles Kohl | Béatrice Pettovich | 1998 |
Patricia Lippert | Jang Kayser | 1997 |
Moritz Ney | Claude Lahr | 1999 |
Dany Prum | Edie Laconi | 2003 |
Charly Reinertz | Serge Tonon | 1997 |
Armand Strainchamps | Sophie Langevin a Jacques Raybaut | 1999 |
Bert Theis | Paul Kieffer | 1998 |
Ann Vinck | Geneviève Mersch | 1998 |
Barbara Wagner | Paul Kieffer | 1997 |
Trixi Weis | Beryl Koltz | 2003 |
Lucien Wercollier | Sophie Langevin a Jacques Raybaut | 1997 |
René Wiroth | Daniel Wiroth | 1999 |
Déi éischt siwen Episode goufen op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[3]
Fir d'Produktioun vun den Episoden 13 bis 18 krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film e Subside vu sechs Mol 950.000 Lëtzebuerger Frang, oder am Ganze 5,7 Millioune Frang.[4]
Referenzen
änneren- ↑ land.lu: Série « Protraits d'artistes » Les artistes au travail vum Josée Hansen (16. Dezember 1999)
- ↑ woxx.lu: Samsa Film: Portraits d'artistes vum Céline Rietsch (4. Abrëll 2003)
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 202