The'd Johanns

lëtzebuergesche Moler

Den Théid ("The'd" oder Theo) Johanns, gebuer den 10. Juni 1955 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Graphiker, Moler a Galerist.

The'd Johanns
Gebuer 10. Juni 1955
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Lokalpolitiker

Den The'd Johanns (hie schreift säin Numm an der Welter-Engelmann-Schreifweis), ass en Autodidakt. Hie schafft mat verschiddensten Techniken a Medien (Molerei, Skulptur, Fotografie, Zesummestellungen,...)

Hien thematiséiert gär d'Géigesätz wéi Kierper a Geescht, Wëssenschaft a Relioun, Mënsch a Maschinn, Individuum a Kollektivitéit, Eenzegaartegkeet a Multiplizitéit, asw., dacks mat engem Schotz Provokatioun oder Ironie.

Hien hat eng ganz Rëtsch vun Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, mä och zu Nice, Aix-en-Provence, Paräis, Athen,Washington D.C., New York a San Francisco.

2001 huet hien zu Betebuerg, zesumme mam Jean-Pierre Seil, d'Konschtgalerie B/C2 opgemaach. 2016 huet hie mam Sergio Sardelli, Jeff Keiser an Daisy Wagner d'Kollektiv Cueva gegrënnt.[1],[2]

Vun 2011 bis 2014 war hie Gemengeconseiller fir déi Lénk am Escher Gemengerot[1]

Auszeechnungen änneren

Documentaire änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Anne Julie Heintz: "Ein Escher Unikum." wort.lu, 19.10.2018.
  2. NO ART ON AIR - Spezial: Expo Bâtiment IV, op RTL Tëlee, gekuckt de 7. Dezember 2020