Marie-Josée Kerschen
lëtzebuergesch Kënschtlerin
D'Marie-Josée Kerschen, gebuer den 9. Februar 1952 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin.
Marie-Josée Kerschen | |
---|---|
Gebuer |
9. Februar 1952 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Si schafft zanter 1983 zu Veianen an huet hiren Atelier mat verschiddenen Artiste gedeelt, z. B. dem hollännesche Kënschtler Willem Bouter an dem Spezialist fir Mosaik Carlo Signorini, mat deem si zanter 2010 bestuet ass.
1992 war d'Marie-Josée Kerschen Laureatin vum Prix Grand-Duc Adolphe, e Konschtpräis, deen zu Lëtzebuerg all zwee Joer vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) vergi gëtt.
1997 publizéiert Samsa Film déi éischt Videokassett an hirer Serie Portraits d'artistes mat ënner anerem dem Kuerzfilm Marie-Josée Kerschen vum Christian Kmiotek.
Schoulen
änneren- 1974-78: Staatliche Akademie der Bildenden Künste Karlsruhe (D)
- 1978-82: Accademia di Belle Arti di Carrara (I)
- 1983: Cité internationale des arts de Paris (F)
- 1988: Internationale Sommerakademie Salzburg (A)
Eenzelausstellungen
änneren- 1983 "Lebzeiten" Galerie d'Art Municipale Esch-Uelzecht (L)
- Sculptures-portraits, Centre culturel Larei, Vianden (L)
- 1985 "Sculptures", Château de Vianden (L)
- 1986 Art Gallery Luxembourg Geburt - Deutscher Gynäkologenkongress, Düsseldorf (D)
- 1988 "Vols aux Vents", Centre culturel français, Lëtzebuerg (L)
- 1990 "himmel an hell", Galerie Sünnen, Bech/Kleinmacher (L)
- 1991 "La mort expulsée, l'amour explose", Galerie municipale, Esch/Uelzecht (L)
- 1992 Artemos Galerie Bastogne (B)
- 1994 / 1996 / 1997 / 2000 Galerie Schweitzer, Lëtzebuerg (L)
- 2003 mat dem Gen Biwer, Galerie BC2 (L)
- 2005 "Touchant – du bois", mat dem Claire Lesbros, Galerie Spiren, Strassen (L)
- 2006 "Duo Allegro Vivace" mat dem Carlo Signorini, Kulturhaus Miersch (L)
- 2007 "My Latin Lovers", Galerie Schweitzer (L)
Wierker
änneren- "7up for Peace", Holz (Eech), Héicht 1,46 - 2,41 m, 2007 - am Kader vun der Strooss vum Fridden, beim Kierfecht zu Bauschelt
- Skulptur "Helleg Theresia vu Lisieux", Kierch zu Walfer
- Skulptur "Maximilian Kolbe", Kierch zu Walfer
- Skulpturen um Trottoir virun der École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck
- "Abbraccio", Monument iwwer d'italieenesch Immigratioun op der Brillplaz zu Esch-Uelzecht (1992)
- Dat kënschtlerescht Museksinstrument "Musikalische Zaungäste" um Klangwanderwee zu Houschent
- D'Skulptur "Die Lebensspirale" um Kierfecht zu Bartreng (2008)
Publikatiounen
änneren- Ma vie sculptée, Préface vun der Marie-Anne Lorgé, Éditions Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-2
Éierungen
ännerenPräisser
änneren- 1979 "Scolpire all'Aperto", praemio publico
- 1983 Prix de la sculpture (Biennale Esch/Alzette)
- 1992 Prix Grand-Duc Adolphe
- 1993 Prix du Ministère de la culture (Quinquennale Esch/Alzette)
- 1996 Prix d'art Limes
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2022)[1]
Literatur
änneren- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN:978-2-87954-212-6. (Ss. 54-57)
Fotoalbum vun hire Wierker
änneren-
Maximilian Kolbe,
Kierch Walfer -
Maximilian Kolbe, Détail, Kierch Walfer
-
Monument, Amicale Albert Ungeheuer, Mäertert
-
"7up for Peace", 2007, Bauschelt
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Websäit vum Marie-Josée Kerschen (fr)
- D 'Marie-Josée Kerschen op der Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (fr)
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Ministère de la Culture - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu (7. Oktober 2022). Gekuckt de(n) 2024-02-24.