Charles Kohl

lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

De Charles Kohl, gebuer de 16. Abrëll 1929 zu Rodange a gestuerwen zu Bierschbech den 3. Januar 2016[1],[2], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Charles Kohl
Gebuer 16. Abrëll 1929
Rodange
Gestuerwen 3. Januar 2016
Bierschbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée des arts et métiers,
École nationale supérieure des beaux-arts,
École nationale supérieure des arts décoratifs
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Lecteur
"Formes drapées" - Marbre 1983
"Guerriers" - technique mixte 1988

Liewen [3] änneren

No der Primärschoul zu Rodange (1935 bis 1942), ass de Charles Kohl an d'Stater Handwierkerschoul gaangen, op d'Sektioun "Usträicher", well eng Sektioun "Beaux Arts" gouf et déi Zäit nach net. Wéi 1944 Lëtzebuerg befreit ginn ass, huet en déi Schoul verlooss, fir 1945 nees zeréckzegoen, awer déi Kéier op "Section Beaux Arts", déi nom Krich gegrënnt gi war. Hee war do bis 1948 Schüler vum Professer Lucien Wercollier.

Vun 1948 bis 1952, huet de Charel zu Paräis op der École nationale supérieure des arts décoratifs, a vun 1953 bis 1955 op der École nationale supérieure des beaux-arts studéiert.

De Charles Kohl huet 1956 zesumme mam Claus Cito a mam Émile Hulten un de Reliefbänner vum Monument aux morts am Musée national de la Résistance zu Esch/Uelzecht geschafft. Dat selwecht Joer krut hien (zesumme mam Frantz Kinnen) de Prix Grand-Duc Adolphe an en duerno 1962 nach eng Kéier (zesumme mam Ben Heyart). Hien huet ë. a. an der Villa Vauban an der Stad Lëtzebuerg, um Salon international de sculpture am Grand Palais zu Paräis, an op de Biennalë vu Budapest a vun Antwerpen ausgestallt[1].

Scho wärend senger Paräisser Studentenzäit huet de Charles Kohl sech e puer Su als Bünendekorateur fir den Theater verdéngt[4] - hie krut '53 den éischte Präis an engem Concours fir d'Bün an d'Costumer z'entwerfe fir Stécker vum Dicks. Spéider huet hien och als Illustrateur vu Bicher[5],[6], als Zeechner fir d'Loterie Nationale an - ënnert dem Spëtznumm „Carlo“[7] - als Cartoonist fir d'Zäitschrëft Revue geschafft. Fir eng Affiche fir d'Nationallotterie krut hien ë. a. 1958 den éischte Präis [4].

Eng Zäitlaang war de Charles Kohl och "Chargé de cours" an der Stater Handwierkerschoul (1956), dunn -an de 70er an 80er Joren- am Lycée Technique du Centre, mä hie war éischter kee Pedagog, dofir ëmsou méi de fräischaffende Kënschtler, dee seng Zäit a sengem Atelier zu Bouneweg verbruecht huet fir muench ëffentlech Wierker ze schafen. Déi grouss Skulpture beim Lycée des arts et métiers a bei der École de Commerce et de Gestion huet hien zwar an engem groussen Atelier zu Carrara an Italien aus dem Steen gehaen.

Seng Virléift Marber a Granit ze haen, huet de Charles Kohl allerdéngs Ugangs der 90er missen opginn well hie vun der Aarbecht um haarde Steen Arthros an d'Schëllere krut. Mä hie konnt weiderhi mat terre-cuite schaffen, wat en dunn och - a klengem Ëmfang - a sengem Appartement konnt erleedegen, wou hien och weiderhin konnt zeechnen.

Enn 90er krut en eng Makuladegeneration an d'Aen déi sech no an no verschlëmmert huet, a wéi et 2010 mat senger Gesondheet ëmmer méi biergof gaangen ass, konnt hien net méi eleng a sengem Appartement liewen, an huet missen an e Fleegeheim goen. Well en déi Macula hat, ass en am Blannenheem zu Bierschbech opgeholl ginn. A sengem leschte Liewensjoer hat de Charles Kohl nach just 4 % Séikraaft, an huet trotzdeem nach gezeechent bis déi lescht Méint viru sengem Doud den 3. Januar 2016.

Rezeptioun änneren

Am Kader vum Charles Kohl senger Retrospektive an der Villa Vauban 2020, schwätzt d'Wort vun him als "Un Illustre inconnu"[8], wärend Radio 100,7 "De groussaarteg onbekannte Charles Kohl"[9] presentéiert. RTL nennt de Charles Kohl "mat de wichtegste Sculpteur aus der Lëtzebuerger Konschtgeschicht".[10] Schonn 1983 schreift de Joseph Paul Schneider am Wort: "L'oeuvre de Charles Kohl est véritablement et à tous les niveaux, la communication esthétique d'une expérience vivante et en ce sens elle éclaire plastiquement la réalité de notre temps."[11]

De Paul Bertemes seet 1994[12]: "Der Mensch steht im Mittelpunkt seines Schaffens. Charles Kohl nimmt mit ausgeprägter künstlerischer Sensibilität wahr, beobachtet mit intellektueller Wachsamkeit und schafft so Werke über das Menschsein am Ende des 20. Jahrhunderts. [...] Eine moralisierende direkte Botschaft vermittelt Charles Kohl nicht. Die muß jeder für sich selbst aus den Arbeiten herauslesen. Das ist gut so. Denn seine Werke sind aufrüttelnde Dokumente und brauchen wie jede gute Kunst keine Gebrauchsanweisungen. Gebrauchsanweisungen taugen nur für Waschmaschinen und anderes Gerät, das auf den Müll fliegt, wenn es ausgedient hat."

Ëffentlech Wierker (Auswiel) änneren

Ausstellungen änneren

Individuell Ausstellungen änneren

  • 1967 Galerie Interart, Lëtzebuerg
  • 1977 Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1984 Galerie de Luxembourg
  • 1987 Galerie de Luxembourg
  • 1990 Galerie de Luxembourg
  • 1993 Galerie de Luxembourg
  • 1994 Galerie de Luxembourg
  • 1996 Galerie L'Indépendance, Lëtzebuerg, Banque Internationale à Luxembourg
  • 1999 Galerie de Luxembourg
  • 2003 Galerie de Luxembourg
  • 2020-2021, Villa Vauban, Lëtzebuerg] (posthum)[13]

Kollektiv Ausstellungen änneren

  • 1952-65 Salon du C.A.L. (Cercle artistique de Luxembourg)
  • 1953 Peintres et Sculpteurs Luxembourgeois, Musée de Lyon
  • 1959 Ire Biennale de Paris, Musée d'Art moderne
  • 1959 Galerie “Le Studio”
  • 1960 Bianco e Nero, Lugano
  • 1961 VIe Biennale Sao Paulo, Musée d'Art Moderne
  • 1962 Art et Poésie, Orangerie, Munneref
  • 1962 Sculpture Contemporaine, Carrare
  • 1963 Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1963 Salon de la petite sculpture européenne, Madurodam
  • 1965 Comptoir de Lausanne
  • 1966 VIIIe Biennale de Middelheim, Antwerpen
  • 1967 14 Artistes du Grand-Duché de Luxembourg, Wolluwé Saint-Lambert
  • 1968 Petite sculpture du Benelux, Madurodam
  • 1968 Ire Quinquennale de l'Art Moderne Luxembourgeois, Esch-Uelzecht
  • 1971 Artistes du Grand-Duché de Luxembourg, Arel
  • 1973 IIe Biennale Internationale de la petite sculpture, Budapest
  • 1973 IIe Quinquennale d'Art Moderne Luxembourgeois, Esch-Uelzechte
  • 1973 Putzgalerie Art multiple
  • 1973 L'Art actuel au Benelux, Amersfort
  • 1974 7 artistes Actuels Luxembourgeois, Gand
  • 1976 Premier Salon International de l'Art Contemporain, Grand Palais, Paräis
  • 1983 IIIeQuinquennale d'Art Moderne Luxembourgeois, Esch-Uelzecht
  • 1984 Sculptures + Objets, Villa Vauban, Lëtzebuerg
  • 1988 Peintres Luxembourgeois, Rathaus, Köln
  • 1990 Centre A. Borschette, Bréissel
  • 1990 Centre Européen, Lëtzebuerg
  • 1991 Maison de la Culture, Moskau

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Kohl – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • charleskohl.com Skulpturen, Zeechnungen/Molereien a Skizze vum Charles Kohl - Site homage vum Charel senger Famill

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Décès du sculpteur Charles Kohl." wort.lu, 4. Januar 2016, 14:24
  2. Luxemburger Wort vum 5. Jan. 2016.
  3. Biographie vum Charles Kohl. charleskohl.com. Gekuckt de(n) 17 Oktober 2020.
  4. 4,0 4,1 Nathalie Becker, Charles Kohl - L'imagier de la condition humaine. onsstad.vdl.lu (2012). Gekuckt de(n) 14.10.2020.
  5. Dohêm. Roman aus dem E'sleck. Titelbild vum Charel Kohl - Luxemburger Autorenlexikon. www.autorenlexikon.lu. Gekuckt de(n) 14.10.2020.
  6. Gebrochener Zeitschein. Zeichnungen von Charles Kohl. Centre national de la littérature - Mersch (1993). Gekuckt de(n) 16. Oktober 2020.
  7. Charles Kohl Cartoons. Gekuckt de(n) 14 oKtober 2020.
  8. Charles Kohl: Un illustre inconnu. Wort.lu (2020-06-08). Gekuckt de(n) 2020-10-14.
  9. De groussaarteg onbekannte Charles Kohl. radio 100,7 Gearchiveerd op 2020-10-17. Gekuckt de(n) 2020-10-14.
  10. Lëtzebuerger Konschtgeschicht: Expo vum Charles Kohl an der Villa Vauban. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-10-14.
  11. Charles Kohl: révélation et confirmation 15 Oktober 2020 Luxemburger Wort
  12. Les Cahiers Luxembourgeois (1994) No.3, S. 33-41
  13. Charles Kohl (1929–2016) Dessins et sculptures