Ann Vinck
D'Ann Vinck, gebuer den 22. Juli 1953 zu Antwerpen, ass eng Molerin a Sculptrice. Si hat am Ufank déi belsch Nationalitéit a krut 1996 duerch Naturalisatioun déi lëtzebuergesch.
Ann Vinck | |
---|---|
Gebuer |
22. Juli 1953 Antwerpen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Belsch |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
![]() |
Liewen a Wierk
ännerenVun 1973 bis 1977 huet d'Ann Vinck grafesch Konscht op der Sint-Lucas-Schoul zu Antwerpen studéiert. Tëscht 1984 an 1987 huet si och nach eng Kéier Keramik um Lycée technique Joseph-Bech zu Gréiwemaacher geléiert. 1988 krut si eng Bourse vum Creative Fund vum indesche Kënschtler Amar Nath Sehgal an huet e Stage vun zwéi Méint am Kënschtlermilieu zu Nei-Delhi gemaach.[1] 1990 gouf si Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL). Am selwechte Joer hat si eng Residenz an der Cité internationale des arts zu Paräis. Zanter 1991 ass si fräischaffend Kënschtlerin. Si stellt reegelméisseg op de Salone vum CAL aus.
D'Ann Vinck 1999 war um graphesche Symposium zu Göteborg, 2005 bei engem Print Workshop um Mahatma-Gandhi-Institute op Mauritius an 2011 um graphesche Symposium um Institut Kaus zu Urbino mat derbäi.[1]
Als Kënschtlerin moolt si a mécht Holzschnëtzereien a Skulpturen. Hir Wierker hunn dacks déi selwecht Basis, mat Kontraster a grapheschen Elementer, si ënnerscheede sech eleng duerch de Gebrauch vu verschiddenem Material. Zënter 1980 huet d'Ann Vinck Eenzelausstellungen ënner anerem zu Lëtzebuerg, an der Belsch, an Italien, an Däitschland an an den USA.
Ausgewielt Wierker
änneren- 1993: Melusine, Skulptur aus Bronz virun der Spuerkeess (BCEE)
- 1994: Mobilux Trophée fir den Mobilux-Junior-Tennistournoi
- 1999: Lionne, gëllene Bijou fir de Lions Club Luxembourg Country
- 2002: Luxembourg, Fënster vun engem risegen Adventskalenner zu Kopenhagen
- 2007: Autour du blues, a Set gravures, Atelier Empreinte, Luxemburg
- 2012: Illustratiounen (Gravuren) fir e Gedichtband vum Marc Baronheid, Editions Simoncini
- 2017: Œuf de Pâques, Gravure fir de Päerd's Atelier
Literatur
änneren- Junge Kunst in Luxemburg '88; Imprimerie Worré, Lëtzebuerg, 1988
- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 62 - S. 63
- Katalog Salon 2004, Cercle Artistique de Luxembourg, 2004
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 (fr)Giulio-Enrico Pisani, Les Fêtes à la manière d'Ann Vinck !. zlv.lu (14.12.2021). Gekuckt de(n) 22.01.2025.