Den Daniel ("Dan") Wiroth, gebuer den 13. September 1969 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur, virun allem vun Animatiounsfilmer.

Daniel Wiroth
Gebuer 13. September 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur
Famill
Papp René Wiroth

Den Dan Wiroth, deen aus enger Kënschtlerfamill kënnt, wiisst zu Lëtzebuerg an zu Bréissel op, a studéiert zu Bréissel op der Konschthéichschoul La Cambre Animatiounsfilm.

Wärend sengem Studium realiséiert e verschidde Kuerzfilmer: La révolte]], Berlin 2017, Ombres méfiez-vous a Crucy-Fiction. Crucy-Fiction leeft 1995 um internationale Filmfestival vu Bréissel a kritt doruechter eng Dose Präisser.

1997 realiséiert e Fragile, eng belsch-lëtzebuergesch Coproductioun. Et ass en opwännege Stop-Motion-Animatiounsfilm, an deem Glieser a Fläschen an enger Bar 'lieweg' ginn.

1998 dréint en e Portrait vu sengem Papp, dem Sculpteur René Wiroth.

Era Mela Mela (2001) ass eng Mëschung aus Live- an Animatiounsfilm vum Dan Wiroth, déi um Festival vun Namouer presentéiert gouf.

2002 schafft e mam Peter Greenaway zesummen, fir den Tournage vun der Trilogie The Tulse Luper Suitcases z'organiséieren.

If Not Why Not (2003), fir d'Tëlees-Chaîne Arte gedréint, ass eng gefilmt Mise en scène vum Choreograph Akram Khan a sengem Ensembel, déi e modernen Danz opféieren, dee sech um klasseschen indeschen Danz Kathak inspiréiert.

2004 dréint den Dan Wiroth de Kuerzfilm Elegant mam Denis Lavant a mam Thierry van Werveke.

Hie schafft fir RTL Télé Lëtzebuerg.

Gielercher änneren

Den Daniel Wiroth krut de Lëtzebuerger Filmpräis 2003 als beschte Nowuess-Realisateur a fir de beschte Kuerzfilm (If Not Why Not).

Kuckt och änneren