31. Dezember 2012: Kuerz viru Chrëschtdag 2012 huet d'NASA eng detailléiert Infraroutfoto mat dem Spitzer-Weltraumteleskop vum Risestär Zeta Ophiuchi publizéiert. De masseräiche Schnellleefer beweegt sech mat enger Vitess vun 24 Kilometer pro Sekonn als Eenzelstär duerch de Weltraum a produzéiert am interstellare Stëbs eng reegelrecht Bugwell. [1]
28. November: Am Zentrum vun der klenger, lënsefërmeger Galaxie NGC 1277 ass e Schwaarzt Lach entdeckt ginn, deem seng Mass 14 % vun dëser ganzer Galaxiëmass ausmécht. Dëst Masseverhältnes ass en neie Rekord a kënnt zu engem grondleeënden Iwwerdenke vun den aktuelle Galaxienentwécklungsmodeller féieren. Mat 17 Milliarde Sonnemassen kënnt den neientdeckten Objet och dat gréisst iwwerhaapt bekannt Schwaarzt Lach sinn. [2][3][4][5][6]
13. Juli 2012: Sonnestuerm - E risege Sonnefleck mat der Nummer 1520 ass ausgebrach a schleidert säi Material an de Weltraum. Eis Äerd läit genee an der Fluchrichtung vun dësem koronalen Massenausworf, dee sech mat ronn 1400 Kilometer pro Sekonn beweegt. Tëscht Sonn an Äerd sinn nach 150 Millioune Kilometer zeréckzeleeën an et dauert ronn 30 Stonnen, bis d'Material bei eis ukënnt. Et brauch een sech awer keng Suergen ze maachen. Sonnestierm sinn net sou geféierlech, wéi dat verschidde Medie prophezeien. Am schlëmmste Fall féiert et zu sporadesche Problemen bei der Satelittennavigatioun oder Fluktuatioun am Stroumnetz. Ee schéinen Nieweneffet bei Sonnestierm sinn déi interessant Polarliichter.
12. Juli 2012: De Weltraumteleskop Hubble huet beim ZwergplanéitPluto ee fënnefte Mound entdeckt. Dëse Mound, "P5" oder "S/2012 (134340) 1" genannt, huet en Ofstand zum Pluto vun 42.000 Kilometer. Hien huet en Duerchmiesser vun 10 bis 25 Kilometer an ass domat dee klengste Mound am Sonnesystem.
De 6. Juni ass fir d'lescht an eisem Liewen e sougenannte Venustransit - e siichtbaren Duerchgank vun der Venus direkt virun der Sonnescheif - ze gesinn. E ganz besonnescht Evenement, dat sech eréischt am Joer 2117 widerhëllt.
29. Mee 2012: Dee nëmmen dräi bis zéng Meter groussen Asteroid2012 KT42 ass den 29. Mee 2012 géint 9:00 Auer MESZ op enger Minimaldistanz vun nëmme 14.440 Kilometer laanscht d'Äerd gezunn. Bei enger Kollisioun mat sou engem klengen Duerchmiesser hätt duerch d'opreiwend Wierkung vun der Äerdatmosphär keng Gefor vun engem Aschlag bestanen. [19]
Mueres den 20. Mäerz ass Fréijoersufank. Wéinst der Liichtbriechung an der Äerdatmosphär fënnt "Dagannuechtgläiche" awer schonn de 17. Mäerz statt. De 25. Mäerz ginn d'Aueren eng Stonn op d'Summerzäit MESZ virgestallt.
De 16. Mäerz hat den italieeneschen Astronom Paolo Fagotti vum Italian Supernovae Search Project Biller vun der GalaxieM 95 gemaach. Beim Kucke vun de Fotoen hu si e Stär entdeckt, deen an de Katalogen net verzeechent ass. An engem Spiralarm vun der Galaxie war e Stär méi hell ginn. Si hunn eng nei Supernova entdeckt.
28. Februar: Alle fënnef mat bloussem A siichtbar Planéite stinn um Oweshimmel, woubäi d'Venus an de Jupiter opfälleg hell ënner dem Äerdmound ze fanne sinn. De Merkur weist sech aktuell a gudder Owesvisualitéit – hien ass mat bloussem A einfach um Oweshimmel ze gesinn. De roude Mars ka wärend der Oppositiounszäit déi ganz Nuecht observéiert ginn.
Februar: De KoméitC/2009 P1 (Garradd) ass am Februar mat enger Hellegkeet vu ronn 6½-7. Gréisst (Visuell Magnitude) bei Mueresdämmerung an der Géigend vum Zenit mat enger Spektiv ze gesinn. De C/2009 P1 weist sech nach bis Abrëll als Niwwelfleck. Hie leeft am Februar duerch d'Stärebiller Hercules an Draco a wiesselt um Enn vum Mount an d'Stärebild Ursa Minor.
Op der Sonn war e Méindeg, 22. Januar um 5 Auer MEZ eng ganz staark Eruptioun (Flare vun der Stäerkt M8.7), an hat e koronale Massenausworf (Coronal Mass Ejection/CME) verursacht. D'Sonneplasma war mat 2200 Kilometer pro Sekonn op d'Äerd zougerast - normal beweegt sech de Sonnewand mat 400 Kilometer pro Sekonn fort ! – De Sonnewand hat eis Äerd den 23. Januar um 16 Auer MEZ erreecht. Massiv Stéierunge vum Äerdmagnéitfeld waren d'Folleg.
De 5. Januar erreecht d'Äerd hire sonnennooste Punkt (Perihel) op der järlecher Bunn ëm d'Sonn. Si steet da ronn 3½% méi no wéi am Aphel (dem sonnewäitste Punkt) dee s'am Juli erreecht.