Den NGC 1277 ass eng lënsefërmeg Galaxis am Stärebild Perseus. Si ass ronn 220 Millioune Liichtjoer vun der Mëllechstrooss ewech. Den NGC 1277 gouf de 4. Dezember 1875 vum ireschen Astronom Lawrence Parsons entdeckt.

Den 28. November 2012 hu Physiker vum Max-Planck-Institut fir Astronomie entdeckt, datt dat Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Galaxis eent vun de masseräichsten ass, dat bis elo entdeckt gouf. Et huet ronn 14% vun der Galaxiëmass respektiv ongeféier 17 Milliarde Sonnemassen[1]. Et ass awer nach net gekläert, firwat dat Schwaarzt Lach sou vill Mass huet, well et no gängege Modeller eng méi grouss Galaxis ëm sech misst hunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. van den Bosch, Gebhardt, Gültekin et al.: „An over-massive black hole in the compact lenticular galaxy NGC 1277“, [1]