Eng Sonneneruptioun ass en Objet mat héijer Stralung bannenzeg vun der Chromosphär vun der Sonn, déi duerch Magnéitfeldenergie gespeist gëtt. Als Flare oder chromosphäresch Eruptioun bezeechent een einfach Plasma-Magnéitfeldbéi. Kënnt et zu enger Reorganisatioun vun de Béi, déi zu enger Ofléisung vu Plasmaschläich féiert, kann een en erhéichte Massenausstouss gesinn. Bezeechnungen dofir sinn Koronaler Massenausworf (CME) oder och Eruptiv Protuberanz, déi domat verbonnen Deelchestierm Sonnestuerm, Protonenschauer, Solarkosmeschr Stralungsausbroch oder SEP.

D'Deelercher vun engem koronale Masseausworf wiesselwierken mat dem Sonnewand an dem interplanetarem Magnéitfeld. Séier Deelercher ginn op d'Vitess vum Sonnewand ofgebremst, déi lues Deelercher ginn intensivéiert. Et kënnt zu enger Entwécklung vun enger breeder Schockfront, déi fir d'Vitess vun den Deelercher, besonnesch Protonen, op Energien iwwer 10MeV verantwortlech ass. De Prozess vun der séierer Vitess heescht SPE, och Solar Proton Event).

Allgemenges änneren

 
Sonneneruptioun
 
1973 opgeholl vun der Raumstatioun Skylab

D'Dauer vun de Flares ass proportionell zu der Ausdeenung vum Eruptiounsgebitt. D'Moyenne vun hirer Liewensdauer läit bei 10 bis 90 Minutten, woubäi no engem séieren Hellegkeetsopstig e luest Ofkléngen erfollegt. Flares trieden a Sonnegebidder op, an deene sech och Sonneflecken a Sonnefakele weisen. Pro Dag si bei normaler Sonnenaktivitéit 5 bis 10 Flares ze gesinn.

Gréisser Flarë kënne bis zu 1 Promille vun der Sonnenuewerfläch oder dat zéngfacht vun der Äerduewerfläch anhuelen. Et gesäit ee s'a Spektroheliogrammen vum Waasserstoff an um Rand vun der Sonnescheif als Bauch vun der Chromosphär an der Sonnekorona, meeschtens a Verbindung mat Masseauswërf (CME, Protuberanzen).

Flares ginn logarithmesch no hirer Röntgen-Stralungsenergie a Klassen A, B, C, M an X ënnerdeelt. D'Intensitéit an enger Klass gëtt mat engem Wäert tëscht 1,0 a 9,9 festgeluecht. Erreecht de Wäert 10,0, gëtt en zu der nächster Klass gerechent. An der Klass X sinn och Wäerter mat iwwer 10 méiglech. D'Andeelung ergëtt sech aus dem Floss vun der Röntgenstralung déi vun der Sonn ausgeet, an zwar aus dem Beräich vun 0,1 bis 0,8 nm (1,55 bis 12,4 keV). D'Klass A geet vun 10−8 bis 10−7 Watt pro Quadratmeter, wärend d'Klass X vun 10−4 Watt pro Quadratmeter ufänkt.

Een Absorptiounsspektrum vun engem Flaregebitt weist typescherweis nieft Waasserstoff och Helium a Calcium op. D'Gebidder stralen am ultravioletten an am Röntgenberäich souwéi Protonen, Elektronen an Ionen aus. Op der Äerd bewierkt dëst eng Stéierung vun der Ionosphär mat Behënnerunge vum Radioverkéier.

D'Deelercher produzéieren an der Äerdatmosphär magnetesch Stierm a Polarliichter.

Entwécklung änneren

D'Entwécklung vu Flares léisst sech op elektromagnetesch Virgäng an der Sonn zuréckféieren. D'Sonn besteet aus engem Plasma aus negative Elektrone a positive Ione, dat duerch Konvektiounsstréimungen a stänneger Beweegung gehale gëtt. D'Elektrone hunn ofgrond hirer klenger Mass eng gréisser Vitess wéi d'Ionen. Et fléisst en elektresche Stroum, deen e Magnéitfeld induzéiert. Deelweis wëlbe sech dobäi Magnéitfeldschläich no baussen. Wa sech d'Schläife beim Verdréie beréieren, schléisse sech d'Magnéitfeldlinne kuerz, dobäi kënnt zu enger Rekonnexioun. Déi magnéitesch Rekonnexioun ass e physikalesche Phenomeen, bei deem sech Magnéitfeldstruktur spronghaft ännert a gréisser Energiedeeler fräigesat ginn. Opgrond vun der entgéintgesater Magnéitfeldorientéierung gëtt d'Schläif mat dem Material fortkatapultéiert.

Literatur änneren

  • Natchimuthukonar Gopalswamy: Solar eruptions and energetic particles. American Geophysical Union, Washington 2006, ISBN 978-0-87590-430-6
  • Jochen Greiner: Flares and flashes. Springer, Berlin 1995, ISBN 3-540-60057-4
  • Boris V. Somov: Physical processes in solar flares. Kluwer Acad. Publ., Dordrecht 1992, ISBN 0-7923-1261-9

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Sonneneruptionen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Videoen änneren