Stäre mat grousser Vitess

(Virugeleet vu(n) Schnellleefer)

Als Stäre mat grousser Vitess (de: Schnellläufer) ginn an der Astronomie eenzel Stäre mat enger grousser Eegebeweegung bezeechent. Wann ee "grouss" seet, dann ass domat eng Ännerung vun der Stärepositioun vu ronn 0,5" pro Joer gemengt, wat an 100 Liichtjoer ronn 70 km/s vun der siichtbarer säitlecher Beweegung vum Stär entsprécht.

Well déi Zuelen direkt vun der Distanz ofhänken, gouf spéider d'Grenz tëscht Normalstären a Stäre mat grousser Vitess bei ongeféier 65 km/s festgeluecht. Zu dësem Wäert zielt och déi mam Dopplereffekt feststellbar Radialvitess, also am Sënn vun enger 3D-Beweegung.

Wann och déi meescht Stären eng bal kreesfërmeg Bunn ëm de galakteschen Zentrum hunn, eis Sonn brauch dofir ronn 250 Millioune Joer, dann ënnerscheede sech Stäre mat gousser Vitess dovu well se:

  1. eng staark elliptesch (laanggestreckt) Bunn,
  2. eng Bunn hunn déi par rapport zur Sonnebunn staark schréi ass.
  3. eng Vitesskomponent hunn déi a Richtung galaktesch Rotatioun (kuckt d'Oort-Formel) meeschtens méi kleng ass wéi déi vun eiser Sonn, soudatt s'am Allgemengen hanner hir zeréckbleiwen.
  4. meeschtens zur Stärepopulatioun II gehéieren.

De Stär mat der héchster bekannter Eegebeweegung vun 10,34" ass de Feilstär vum Barnard am Stärebild Bootes.

Nach e Stär mat grousser Vitess ass den 61 Cygni, e Stär vun der 6. Gréisst am Stärebild Cygnus. D'Verréckelung vu senger Positioun läit all Joer bei ronn 5". Dat huet de Friedrich Wilhelm Bessel 1845 unhuele gelooss, datt de Stär relativ no bei der Äerd wier. Sou ass him déi éischt Parallaxemiessung gelongen, wat scho vill Astronomen zanter 100 Joer versicht haten. Déi gemoosse Parallax vu ronn 0.3" huet erginn, datt den 61 Cygni 11 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass, an zu den 20 nooste Fixstäre gehéiert.

Literatur änneren

  • Lexikon der Astronomie, Spektrum-Verlag 1999, p. 359, 313ff

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie