NGC 6744

Galaxie am Stärebild Pavo

Den NGC 6744 ass eng Galaxie am Stärebild Pavo. Den NGC 6744 huet eng Hellegkeet vu +8,3 mag an enger Wénkelausdehnung vun 20,0 × 12,9 Bouminutten. Domat gehéiert si zu de visuell hellsten a gréisste Galaxien op eisem Nuetshimmel. Den NGC 6744 ass ronn 25 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech an huet en Duerchmiesser vu bal 150.000 Liichtjoer. Si huet eng irregulär Begleedgalaxie mat der Bezeechnung NGC 6744A.
Den James Dunlop huet den NGC 6744 am Joer 1826 entdeckt.

Date vum NGC 6744
NGC 6744 Foto vum SALT
Stärebild Pavo
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 19h 09m 46,1s
Deklinatioun -63° 51' 27"
Ausgesinn
Hubble-Typ SAB(r)bc
Visuell Magnitude +8,3 m
Wénkelduerchmiesser 20,0' × 12,9'
Flächenhellegkeet 14,2 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der NGC 6744 Grupp, Virgo-Superkoup
Distanz zirka 25 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung +0,00281 ± 0,00001
Heliozentresch radial relativ Vitess +841 ± 2 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser zirka 150'000 Liichtjoer
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 6744, PGC 62836, ESO 104-G042, AM 1905-653, IRAS 19051-6357, HIPASS J1909-63a, Dun 262, h 3776, GC 4464

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: NGC 6744 – Biller, Videoen oder Audiodateien