Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord
D'Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 18 fréier Pare Beefort, Bech, Beidler, Bäerdref, Bur, Buerglënster, Konsdref, Iechternach, Eescheler, Hemstel, Hierber, Jonglënster, Méischdref, Mompech, Uesweller, Roudemer, Rouspert a Steenem. D'Filial Bruch an d'Uertschaft Weydeg, déi zu der Par Eescheler gehéiert hunn, ginn ofgetrennt.
D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Beefort, Bech, Bäerdref, Konsdref, Iechternach, Jonglënster, Mompech a Rouspert.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Willibrord.
D'Parkierch ass d'Basilika vun Iechternach.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Beaufort, Bech, Beidweiler, Berdorf, Born, Bourglinster, Consdorf, Echternach, Eschweiler, Hemstal, Herborn, Junglinster, Moersdorf, Mompach, Osweiler, Rodenborn, Rosport et Steinheim et sur l'érection de la paroisse « Regioun Iechternach Saint-Willibrord » Archivéiert de(n) 2017-07-09. Gekuckt de(n) 2017-05-15.