Hemstel
Hemstel ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech. Se läit um CR129, tëscht Beidler an Zëtteg, op enger Héicht vun ca. 280 m iwwer N.NB.
Hemstel | |
---|---|
![]() Vue op Hemstel. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hemstal de: Hemstal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Camille Kohn |
Awunner | 113 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022 | |
Koordinaten |
49° 44’ 25’’ N 06° 20’ 08’’ O |
GeschichtÄnneren
Eng éischt Kéier gouf Hemstel an enger Charte aus dem Joer 894 ënner dem Numm Hemmeingestal ernimmt.[1] Den Numm geet warscheinlech zréck op eng fränkesch Famill vun engem gewëssen Hemming, déi sech do installéiert hat. 895 gouf et un d'Klouschter Iechternach verschenkt, an 953 goung et an de Besëtz vum Klouschter Oeren iwwer, zu deem et bis zum Enn vum 18. Joerhonnert gehéiert huet. 1393 gouf den Numm Hemstal fir d'éischt dokumentéiert. Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 ass Hemstall als eng kleng Uertschaft mat enger 3 Haiser an e puer anere Gebaier agedroen. D'Kadasterkaart vun 1824 weist, datt an deene 50 Joer dertëscht eng ganz Rëtsch Haiser an der Duerfstrooss, an och verspreet ronderëm, bäikomm sinn.
LiteraturÄnneren
Joseph Heinz: "Hemstal - eine kleine Pfarrei mit interessanter Geschichte" in: Lëtzebuerger Sonndesblat Nr 10, 3. Mäerz 1980, S.4-5.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hemstel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.141.