Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Beidler, oder Beddler[1], ass eng Uertschaft an der Gemeng Jonglënster.

Beidler
Vue op Beidler
An anere Sproochen fr: Beidweiler
de: Beidweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Jonglënster
Buergermeeschter Bernard Ries (DP)
Awunner 252
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 316 m
Koordinaten 49° 43’ 41’’ N
      06° 18’ 06’’ O
Vue op d'Antenne vu Beidler

Bis den 1. Januar 1979, der Fusioun vun de Gemenge Roudemer a Jonglënster huet Beidler zu der Gemeng Roudemer gehéiert.

Geschicht änneren

Bis virun 930 geet Geschicht vu Beidler zeréck. Et gouf deemools schonn eng Par Beidler, déi der Abtei Iechternach, déi d'Paschtéier gestallt huet, ënnerstoung. Bis zur Franséischer Revolutioun huet dësen enke Lien mat Iechternach gehalen, och wann an der Tëschenzäit een Deel vun de Rechter den Häre vu Meesebuerg gehéiert huet. Ëm 1450 huet de Paschtouer vu Beidler dem Schlass vu Meesebuerg all Joer ënner anerem zwéi Sieschter Wäi misse liwweren. Deemno hu misse Wéngerten an den Häng vun der Uertschaft gewiescht sinn. Haut heescht nach eng Plaz déi op der Sonnesäit läit, "Um Waangert".

Kuckeswäertes änneren

Bekannt Leit vu Beidler änneren

Literatur änneren

  • Dimmer, D. & C. Mathay (Koordinatioun), s.d. [2006]. Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 264 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Mark Kubajak: Du sees Beddler, ech soe Beidler.... Beidler fréier an haut, 2006. Cf. S. 11.
  2. 2006, Beidler fréier an haut, S. 59.
  3. 2006, Beidler fréier an haut, S. 194.