Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Letters Unsent ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 1996.

Letters Unsent
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1996[1]
Dauer 21 min.
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Musek Gast Waltzing
Schnëtt Carsten Orlt
Produzent Gina Bonmariage, Lynne Polack, Larue Hall
Produktiouns-
gesellschaft
Lynx Productions
Schauspiller
Otto Sander
Josiane Peiffer
Thierry van Werveke
Nicole Max
Karin Baal
Marco Lorenzini
Sascha Ley
Roger Seimetz
Sa-El Shunk Manitou
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film erzielt dräi Geschichte vun Europäer, déi an Amerika ausgewandert sinn, an e baséiert op Bréifer, déi si ni ofgeschéckt hunn. Et geet ëm ee jonke Mann ouni Moyenen, deen 1860 am Hafe vu Bremen hänke bleift, eng Fra, där hire Mann bei engem Indianeopstand zu Ottawa ëm d'Liewe kënnt, an eng jonk Fra, déi 1906 op eidel Versprieche vum ale Bill Cody alias Mr. Buffalo Bill erafällt.[2]

Filmproduktioun änneren

De Film gouf op Initiativ vum CNA am Kader vum Evenement "Lëtzebuerg, europäesch Kulturhaaptstad 1995" gedréint. Dofir hat den CNA all déi deemoleg aacht lëtzebuergesch Filmmécher kontaktéiert a si gefrot, e Kuerzfilm ze dréinen, dorënner och den Andy Bausch. De Plang war, déi Filmer um Saarbréckener Filmfestival Max Ophüls Preis am Januar 1996 ze weisen.[3]

D'Produktiounsgesellschaft Lynx Productions krut 1996 eng "Aide à la distribution" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vu 600.000 Lëtzebuerger Frang accordéiert.[4]

De Film gouf ënner anerem am Fond-de-Gras gedréint.[5]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. luxemburgensia.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)
  2. De Film op webartproject.de/ab
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1995, S. 95
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
  5. train1900.lu: Références de films et vidéo clips tournés au Fond-de-Gras (gekuckt de 4. August 2022)