d'sandauer
d'sandauer ass e lëtzebuergesche Film vum Christian Delcourt aus dem Joer 1993.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 1993 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Christian Delcourt |
Dréibuch | Simone Pissinger |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Luciano Pagliarini |
Produktiouns- gesellschaft | Filmkessel asbl |
Schauspiller | |
Nicole Max als Nelly Conny Scheel als Georges Alexandra Ley als Fränz Rielle Kill als Mamm vum Nelly Marco Lorenzini als Papp vum Nelly Martin Wurth als Georges (Kand) Christiane Seyler als Nelly (Kand) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenEng Fra begéint duerch Zoufall en ale Schoulkolleeg. Gefiller vu fréier erwächen erëm tëscht deenen zwee.
Produktioun
ännerenDe Film sollt eigentlech eng normal Laangfilmdauer hunn. Du wollt de "Filmfong" de Projet op 20 Minutte stutzen. Schliisslech koum "eppes an der Mëtt" dobäi eraus, eng Längt vu 40 Minutten, déi de Marc Krippler am LW fir ubruecht hält. D'Sandauer ass den éischte Film vun der Produktiounsfirma Filmkessel, deen an d'Kinoe koum.
D'Asbl Filmkessel krut fir d'Produktioun vun D'Sandauer 1992 vum Lëtzebuerger Filmfong e Subside an Héicht vun 3,5 Millioune Lëtzebuerger Frang.[1] 1994 ass dunn nach eng "Aide à la distribution" vu 500.000 Frang dobäikomm. [2]
Wat sot d'Press?
ännerenMarc Krippler, Télécran:
Vor allem Nicole Max als Nelly versteht es mit ihrem sensiblen Spiel, eine breite Palette von Gemütszuständem auszudrücken.Aber auch die beiden anderen Hauptdarsteller, Alexandra Ley und Conny Scheel sind überzeugend.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Vingt ans après - "D'Sandauer" de Christian Delcourt, Viviane Thill, Forum Nr. 150, Säit 30-31
Referenzen
änneren- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1992, Mäerz 1993, Säit 60
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1994, Säit 90