Nationale Kommemoratiounsdag

Den nationale Kommemoratiounsdag (fr: Journée de la commémoration nationale) erënnert un de Widderstand vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazi-Okkupatioun am Zweete Weltkrich.

D'Kommemoratioun ass am Oktober, um Sonnden deen am nooste beim 10. Oktober läit. Se erënnert domat un de Mësserfolleg vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941.

Feierlechkeete ginn a ville Gemengen ofgehalen; an der Stad Lëtzebuerg sinn et der eng ganz Rëtsch: Beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel, beim Kaddish-Monument um Boulevard Roosevelt, bei der Gëlle Fra op der Constitutiounsplaz, beim Deportatiounsmemorial[1] zu Gaasperech a beim Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht.

Biller vun den Zeremonien 2016 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Journée de la commémoration nationale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Das Programm in der Hauptstadt am Luxemburger Wort vum 9./10. Oktober 2021, S. 27