NGC 4889
Den NGC 4889 ass eng ganz grouss elliptesch Galaxie, déi bal am Zentrum vum Coma-Koup läit an eng Hellegkeet vun 11,5 mag huet.
Déi elliptesch Galaxie NGC 4874 (riets) an NGC 4889 (lénks) opgeholl vum Spitzer-Weltraumteleskop. | |
Stärebild |
Coma Berenices (Com) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 13h 00m 08.13s |
Deklinatioun | + 27° 58' 37.2"[1] |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | cD;E4;Db[1] |
Visuell Magnitude | 11,5[2] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 12,5[2] mag |
Wénkelduerchmiesser | 2.9 × 1.9[1] |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | 13,4[2] |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | Coma-Koup |
Distanz (Lj) | 320 Mio. |
Routverrécklung | (+21665 ± 43) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (+6495 ± 13)[1] |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 11. Abrëll 1785 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CGCG | 160-241 |
GC | 3351 |
h | 1507 |
H | 2.391 |
MCG | +5-31-77 |
NGC | 4889 |
PGC | 44715 |
UGC | 8110 |
2MASX | J13000809+2758372 |
Si ass vum Typ cD-Galaxie an dominéiert – zesumme mat enger zweeter Risegalaxie, déi eppes méi schwaach liicht dem NGC 4874 – d'Schwéierfeld vum Galaxiëkoup. Déi béid Stäresystemer hunn en héijen Alter a si warscheinlech aus der Fusioun vun e puer klenge Spiralniwwelen entstanen. Hir Distanz ass eppes iwwer 300 Millioune Liichtjoer.
Den NGC 4889 gouf den 11. Abrëll 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt. 1973 hunn den Jack Sulentic an den William Tifft am RNGC déi vum Heinrich Ludwig d'Arrest de 6. Abrëll 1864 beschriwwe Galaxie NGC 4884 als identesch mam NGC 4889 erkläert.[3]
Am Zentrum vun NGC 4889 ass dat bis elo gréisst (Stand Dezember 2011) direkt gemoosse schwaarzt Lach, mat enger Mass vu geschaten 21 Milliarde Sonnemassen (‚best fit‘ aus dem Beräich 6 bis 37 Milliarde Sonnemassen).