Morphological Catalogue of Galaxies

De Morphological Catalogue of Galaxies (kuerz MCG) ass e Stärekatalog vun 29.000 Galaxien nërdlech vun -30° Deklinatioun.

Den MCG gouf op Basis vu Fotoe vum Palomar Observatory Sky Survey opgestallt. D'Quellebezeechnungen (z. B. MCG+15-01-001) setze sech aus der vum Equator aus gerechenter Zonebezeechung vum POSS, dee mat der Rektaszensioun opsteigende Feldnummeren an enger fortlafender Nummer zesummen. Am MCG stinn d'Koordinaten, d'Hellegkeet, d'Gréisst souwéi d'Intensitéit vu bannenzegen a baussenzege Galaxiëberäicher souwéi Hiwäiser op méi al Galaxiëkatalogen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

B.A.Vorontsov-Velyaminov, A.A.Krasnogorskaja, V.P. Arkhipova, Moscow state university, Moscow, v. 1-4, 1962, 1963, 1964, 1968, Morphological catalogue of galaxies.