Eng D-Galaxie ass e speziellen Typ vun enger elliptescher Risegalaxie. D-Galaxien ënnerscheede sech vu gewéinlechen elliptesche Galaxien duerch hire risegen diffusen Halo, deen hinnen hiren Numm gëtt („D“ fir „diffus“).

De Galaxiëkoup Abell S0740 mat dominanter cD Galaxie, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop

Déi wichtegst D-Galaxië fënnt een am Zentrum vu räiche Galaxiëkéip, wou si dacks eenzel oder a Koppelen optrieden a mat Radie bis zu 1 Millioun Liichtjoer enorm Gréisste kréien. Déi D-Galaxië ginn cD-Galaxië genannt („c“ bezeechent dobäi d'Liichtkraaftklass). Dat bekanntst Beispill vun engem Galaxiëkoup mat engem zentrale Puer vun cD-Galaxien ass dee relativ noe Coma-Koup mat de béide Risegalaxien NGC 4874 an NGC 4884. Si ginn an Ofstänn vu bis zu ronn 20 Mpc vun iwwer 1000 eenzele Stäresystemer vun enger normaler Gréisst ëmkreest, wat awer enorm Zäit brauch. Et geet een dovun aus, datt cD-Galaxië duerch Verschmëlzung vun elliptesche Risegalaxië mat anere Galaxien am räich besidelten Zentralberäich vun de Kéip entstinn („galaktesche Kannibalismus“). Dorop deiten och d'Tatsaachen hin, datt vill Galaxië vun deem Typ e puer Kären hunn, an datt se bal all staark Radioquelle sinn.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie