Uppsala General Catalogue

Den Uppsala General Catalogue (UGC) ass een op der Basis vum Palomar Observatory Sky Survey opgestallte Katalog mat 12.921 Galaxien, déi vun der nërdlecher Äerdhallefkugel aus ze gesi sinn. D'Objete sinn no der Rektaszensioun opgestallt a mat enger fortlafender Nummer bezeechent. De Katalog gouf vum Peter Nilson um Observatoire vun Uppsala opgestallt an am Joer 1973 publizéiert.

Den UGC ëmfaasst de ganzen Himmelsberäich nërdlech vun der Deklinatioun -2,5°. Säin Zil ass d'Vollstännegkeet fir Galaxië mat engem Duerchmiesser vu mindestens enger Bouminutt op de Bloofzich vum Palomar Observatory Sky Survey, ausserdeem enthält hie kleng Galaxien aus dem Catalogue of Galaxies and of Clusters of Galaxies vum Fritz Zwicky, soulaang se méi hell si wéi 14,5-te Gréisseklassen.

Am Katalog stinn Duerchmiesser, Orientéierung, Hellegkeet a Beschreiwung vun de Galaxien, souwéi hir Himmelskoordinate mat enger Genauegkeet déi fir d'Identifizéierung duergeet.

UGC-Objeten änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren