Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg
Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg[1] (FFGL) ass eng Asbl, déi den 2. Juni 1992 gegrënnt gouf[2]. President ass de Robert Wagner.
Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg | |
---|---|
Ofkierzung | FFGL |
Zweck | Studie vun der Festungsgeschicht |
Grënnungsdatum | 02.06.1992 |
Sëtz |
66a Rue de Trèves Lëtzebuerg |
President | Robert Wagner |
Tresorier | Robert Wagner |
Websäit | https://www.ffgl.lu |
Hannergrond vun hirer Grënnung waren d'Pläng, um Fort Thüngen op den Dräi Eechelen e Musée fir modern Konscht, de spéidere Mudam, ze bauen. Deen éischten Entworf huet virgesinn, datt vun der historescher Bausubstanz vum Fort net méi vill iwwereg géif bleiwen, well villes sollt ofgerappt gi fir de Musée.
D'Frënn vun der Festungsgeschicht hu sech, mat aneren, do dergéint mobiliséiert, an d'Pläng goufen dunn och geännert.
Si hu sech och fir d'Erhale vum Fort Lambert vun der Festung Lëtzebuerg agesat, deen hätt sollen zerstéiert ginn, fir en ënnerierdesche Parking an der Monterey-Avenue ze bauen.
De Veräin organiséiert reegelméisseg Visite-guidéeën, meeschtens duerch Deeler vun de Kasematten, déi normalerweis net zougänglech sinn.
Literatur
änneren- Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg. Lëtzebuerg 2008, ISBN 978-2-919896-00-4