De Bertrand Ney, gebuer den 22. Oktober 1955 zu Roudemaacher am franséischen Departement Moselle (Regioun Loutrengen), ass e Sculpteur a Moler. Hien hat déi franséisch Nationalitéit, gouf awer 1986 duerch Naturalisatioun Lëtzebuerger.

Bertrand Ney
Gebuer 22. Oktober 1955
Roudemaacher
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur, Moler
En Uelegbild vum Bertrand Ney, Foto François Besch

1993 huet hien, zesumme mam Jean-Marie Biwer, Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.

1994 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix Pierre-Werner ausgezeechent.

1995 huet hie beim Skulptursymposium ënner der artistescher Leedung vum Pit Nicolas zu Bilschdref matgemaach.

1999 war hie beim Skulptursymposium zu Lëlz fir d'Konzept zoustänneg an huet do och selwer als Sculpteur deelgeholl.

Wierker änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bertrand Ney – Biller, Videoen oder Audiodateien