Enrico Lunghi
Den Enrico Lunghi, gebuer den 18. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Konschthistoriker an Auteur.
Enrico Lunghi | |
---|---|
Den Enrico Lunghi am Juli 2011 (Foto: François Besch) | |
Gebuer | 18. November 1962 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Konschthistoriker |
Vun 1996 bis 2008 war hien artisteschen Direkter vum Casino Luxembourg an och Kommissär oder Kokommissär vun de meeschten Ausstellungen, déi do organiséiert goufen. Hie war vum Januar 2009 bis Enn 2016[2] Direkter vum Mudam.
Ausserdeem ass hien Tresorier an der lëtzebuergescher Sektioun vun der Association internationale des critiques d'art (AICA)[3] a vun 2005 bis 2011 President vun der International association of curators of contemporary art (IKT)[4]. Hie war fir Lëtzebuerg Kommissär op der Biennal zu Venedeg 1995 (Bert Theis, Potemkin Lock), 1999 (Simone Decker, Chewing and Folding Projects) an 2007 (Jill Mercedes, Endless Lust).
Den Enrico Lunghi schreift reegelméisseg eng Rubrik am Kulturissimo, der kultureller Bäilag vum Tageblatt, an huet ë. a. fënnef Romaner verëffentlecht (Kuck wgl. Publikatiounen). An Zesummenaarbecht mam Serge Basso huet hien eng Krimi-Serie, déi d'Aventurë vum Lëtzebuerger Inspekter Wagner erzielt, publizéiert. Hien huet och e puer Lidder op youtube verëffentlecht, ë. a. Monsieur le Ministre (2017) an Letter to Bob (2019).
Poleemik no engem Interview op RTL Télé Lëtzebuerg
No engem Interview den 13. September 2016 an deem hien der Freelancerin Sophie Schram de Mikro erofgedréckt hat, ass den Enrico Lunghi den 3. Oktober an der Sendung « De Nol op de Kapp », ënnert dem Titel «NOL: RTL-Journalistin hellt Mudam-Direkter op d'Geriicht », vun « Aggressioun mat coups et blessures volontaires » beschëllegt ginn. D'Sendung gëtt och ze verstoen, dat schonn eng Plainte géint hien deposéiert wier.
Den Dag drop huet de Premier Xavier Bettel d'Press convoquéiert an ëffentlech eng Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi annoncéiert, ouni mat him geschwat ze hunn an ouni datt hie säi Patron gewiescht wier (den Enrico Lunghi ënnerstoung dem CA vum Mudam a war am « congé sans solde » vun der fonction publique).
De 5. Oktober huet den Enrico Lunghi sech offiziell fir seng Opreegung (« de s'être emporté ») wärend dem Interview bei der Sophie Schram entschëllegt. RTL huet de selwechten Owend rapportéiert datt d'Plainte géint hie géif zeréckgezu ginn (wéi et sech duerno erausgestallt huet, war ni eng Plainte gemaach ginn).
De 6. Oktober no enger réunion extraordinaire, huet de Verwaltungsrot vum Mudam e Communiqué publitéiert an dem en dem Lunghi säi Behuele bedauert (« regrette profondément l'attitude déplacée et désaprouve son emportement lors de son interview ») mä no him sengen Ëntschëllegunge géif e säi Vertrauen an den Directeur général erneieren (« sur la base des explications et excuses fournies… le conseil a décidé de réitérer sa confiance en son directeur général »). Wéi et sech duerno erausgestallt huet, hat de Verwaltungsrot schonn de 5. Oktober d'Opzeechnung (d'Rushen) vum ganzen Interview vum 13. September – en hätt also als éischter kënnen de wierkleche Verlaf vum Interview novollzéien.
De Premier Bettel huet trotzdeem op d'Disziplinarverfare bestanen, dat zum Schluss op eng Verwarnung ausgelaf ass, déi klengstméiglech Disziplinarstrof.
Den Enrico Lunghi huet an der Tëschenzait seng Demissioun als Direkter vum Mudam agereecht (31. Oktober). Et entstoung dunn eng grouss Poleemik, wärend där hie vill Ënnerstëtzung am Land an aus dem Ausland krut, a wärend där, ë. a., RTL d'komplett Rushe publizéiert (14. November), de Premierminister sech virum Parlament erkläre muss (28. November), d'Sendung « De Nol op de Kapp » ofgeschaaft gëtt (28. November), den Direkter vun RTL Lëtzebuerg Alain Berwick demissionéiert (2. Dezember, e puer Deeg virun enger Generalversammlung vun CLT-UFA), RTL e « Comité d'éthique » grënnt fir änlech Situatiounen an Zukunft ze vermeiden (7. Dezember), d'ALIA (den 12. Januar 2017) an de Presserot (4. Abrëll 2017) en ëffentleche Blâme géint RTL aussprécht.
Enn Dezember 2016 huet den Enrico Lunghi eng « Plainte contre X » am Penal agereecht. Dräi Joer drop si wärend der Ermëttlung fënnef Ukloen ausgesprach ginn an zwar géint d'Freelancerin Sophie Schram, géint de Marc Thoma, Journalist a Responsabel vun der Sendung « Den Nol op de Kapp », géint de Steve Schmit, Responsabel vun de Programmer, géint den Alain Berwick, CEO vun RTL-Lëtzebuerg, a géint CLT-UFA (Bertelsmann).
No zwee ofgebrach Versich, am Februar dann am Abrëll, huet de Prozess endlech vum 16. bis den 19. Oktober stattfonnt. D'Urteel, deen de 14. Dezember ausgeschwat gouf, huet den Här Thoma an d’Madamm Schramm zu enger Geldstrof vu jeeweils 1000 Euro wéinst Diffamatioun verurteelt. Si mussen och dem Här Lunghi de symboleschen Euro bezuelen.
Zanter senger Demissioun als Museumsdirekter schafft den Enrico Lunghi am Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques vum Educatiounsministère an op der Universitéit Lëtzebuerg.[5]
2019 war hien, ë. a. Kommissär von der Retrospektiv Bert Theis am Mudam (Building Philosophy - Cultivating Utopia), von der Ausstellung Un monde, un seul, pour demeure - Sociétés et figures humaines dans les collections des FRAC de Nouvelle-Aquitaine, am Schlass vu Biron an der Dordogne, a vun der Ausstellung Celebration Factory vum Filip Markiewicz an der Kunsthalle Osnabrück.
Publikatiounen (Auswiel)
Literaresch Publikatiounen
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- La collectionneuse d'anges, Editions Binsfeld, 2017
- Kriminalserie Les Quatre Saisons de l'inspecteur Wagner, zesumme mam Serge Basso de March; Éditions Phi, Dezember 2013
- 2129 Chasse à l'homme de l'art; Les Éditions de l'Officine, 2011
- Nous sommes heureux - Fable artistique en quatre saisons; Les Éditions de l'Officine, 2009
- Morts au musée - Histoire d'art et de sang; Les Éditions de l'Officine, 2008,
- Le crépscule d'un rêve américain - Le long de la Route 66; Les Éditions de l'Officine, 2007
Lidder
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- Monsieur le Ministre, Lidd op YouTube
Literatur
- Hansen, Josée, 2009. Traces de parcours. Lëtzebuerger Land, 2. Januar 2009, S. 22.
- Gaeng, Catherine. Lynchage médiatique et abus de pouvoir: Chronique de l’affaire « Lunghi/RTL/Bettel » (vergraff), disponibel an digitaler Form op Amazon
- Kieffer, Sophie, 2023. Affaire Lunghi : deux journalistes de RTL condamnés pour diffamation. Le Quotidien, 14 décembre 2023.
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 15.10.2007. Gekuckt de(n) 19.10.2008.
- ↑ "Demissioun vum Direkter Enrico Lunghi elo offiziell." rtl.lu, 07.11.2016, 15:17:58.
- ↑ AICA Lëtzebuerg
- ↑ ikt-board-history Archivéiert de(n) 2011-07-07. Gekuckt de(n) 2011-06-23.
- ↑ rh, 2017. Personalien. Enrico Lunghi. d'Lëtzebuerger Land vum 6. Januar 2017, S. 4.